• De PLUS

    • modernen eleganten Design
    • héichwäerteg Finitioun
    • Verbrauch an Autonomie
  • De MINUS

    • Luest Lueden un der Borne
    • Beefräiheet an der zweeter Rei
    • Liwwerzäiten, besonnesch als e 4orce

Virun zwee Joer war en annoncéiert ginn, elo war et dann iwwer de Summer endlech esouwäit. Di international Presentatioun vum Nissan Ariya.

Fir den Automag war de Christian Schmit mat dobäi.

Automag: Nissan Ariya

An dat zu Stockholm a Schweden. „Welcome back“ esou housch et op der Pressekonferenz. Mam Modell Ariya wëll Nissan sech erfollegräich op der Bün vun den Elektroautoen zeréck mellen, a gläichzäiteg am Premium-Segment etabléieren. Jo well dee méi klenge Brudder, a Pionéier bei der Elektromobilitéit, de Modell LEAF bleift weiderhin am Programm.

Et gouf Zäit fir Nissan, well antëscht huet jo quasi all Konstrukteur een oder méi E-Modeller an der Gamme.

Den Design

Modern an elegant presentéiert sech den Ariya. Eng ganz aner Designsprooch wéi de Renault Mégane E-Tech, mat deem e jo Famill ass.

Op 4m60 gëtt et e coole Crossover, deen am Wandkanal optiméiert gouf. Bewosst japanesch ugehaucht baussen a bannen. E fält op a weess ze gefalen. A Schweden emol op alle Fall a bestëmmt och bei eis, well eng 1.000 Stéck wäre scho bestallt, éier di éischt ugangs Hierscht ausgeliwwert ginn.

Den Undriff

Et huet een de Choix tëscht e puer Leeschtungsstufe beim Nissan Ariya. De Basismodell mam Elektromotor un der viischter Achs kënnt op 160kw, deemno 218 PS, an 63 kw/h Batterie.

Donieft dann nach 242 PS a 87kw/h an der Batterie, an d'Topversioun, déi liwwert 225kw, dat sinn 306 PS. Hei ass dann och eng 4X4 Traktioun Standard. Dat nennt sech beim japanesche Konstrukteur dann e-4orce. Tëscht 400 a 530 km läit di annoncéiert Autonomie.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Op der Strooss

Bon elo weess ee jo, dass a skandinavesche Länner ganz disziplinéiert gefuer gëtt, an de Fournisseur vu Radaren a Vitesse-Limitatioun-Schëlter sech d’Hänn kënne reiwen, bei där Mulitude laanscht d‘Strooss.

Ergo ganz brav ass een ënnerwee an den Itineraire vum Roadbook war ouni Problemer ze absolvéieren.

De Verbrauch gouf bei enger Moyenne vu 54km/h mat knapps 16 kw/h um Bordcomputer ugewisen.

Mir konnte just den Ariya mat der "klenger" Batterie testen, mä och dee mécht Spaass. En niddrege Schwéierpunkt, e straff ausgeluechte Fuerwierk an eng direkt Lenkung, dat passt... Gutt esou.

RTL

© Christian Schmit / RTL

300Nm Dréimoment, 7,5 Sekonnen an et huet ee schonn 100 drop. Bei 160 ass Schluss. Mat der 87 kw/h-Batterie souguer 200 Spëtzt. Dat fir Länner, wou de Radar méi e raren Artikel ass.

Net esou séier geet et un de Bornen. Den 22kw-Stecker fir ze luede kascht schonn an der Basis Oppräis. An och mat deem u Bord ka just mat 130kw maximal opgeluede ginn.

Dat kann d’Konkurrenz besser, och wann d’Nissan Ingenieure betount hunn, dass nawell tëscht 20 an 80% vun der Batterie no enger gudder ½ Stonn dra wier.

Am Alldag kann een da wéi gewinnt tëscht Eco, Confort a Sport switchen. E-Pedal dierf net feelen, an esou ka richteg vill Autonomie recuperéiert ginn.

Vu Virdeel ass och dass d’Batterië beim Ariya 33% manner op d’Wo bréngen.

Den Interieur

Bannenan vill Plaz, egal op ee vir oder hanne sëtzt. Schued, dass d’Been net ënnert d’Sëtzer gestreckt kënne ginn. De Cockpit presentéiert sech digital a japanesch afin.

RTL

© Christian Schmit / RTL

De Produkt Manager huet dat mam Kumiko Style beschriwwen. Geometresch Ornamenter an de Bannespigel liwwert Kamerabiller vu baussen. An der breeder Mëttelkonsol léisst sech vill verstauen, a sech elektresch beweegen. Eng zweet Konsol kann esouguer als mobile Schreifdësch genotzt ginn. An d’Mall passen och 470 Liter.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Präisser

Wann de Nissan Ariya elo am Hierscht an de Showroom kënnt, da parkt e bei iech am Garage no enger Iwwerweisung vun op d'mannst 48.445 Euro an der Versioun Evolve. Den Top Modell kascht dann 61.015 Euro.

Nissan ass zeréck am Spill mat engem iwwerzeegenden Elektroauto an deem Segment, wat am Moment am meeschte gefrot ass.