• De PLUS

    • modernen Design
    • Fuerleeschtungen
    • Luxus bannenan
  • De MINUS

    • Autonomie
    • Luest lueden un der Borne (max 100kw)
    • Vill Optiounen, déi extra kaschten

"Very british" presentéiert sech dësen Automag, dat mam Jaguar I-Pace.

Jo och d’Englänner kënnen E-Auto an haten dëse vun der Insel an d’Automagredaktioun geschéckt. De Christian Schmit war mam nobele Britt ënnerwee.

Automag: Jaguar I-Pace

Schéin emol erëm e Jaguar ze beweegen, duecht ech bei mir, wou den I-Pace am Santorini Black viru mir stoung. De Jaguar I-Pace ass e 400 PS staarken Elektro-SUV, dee wa gewënscht, a 5 Sekonnen op 100 ass, an och 200 à l’heure séier ass. Wann et da passt an erlaabt ass.

Mir sollten eng Woch zesumme verbréngen, a mat der schwaarzer Kaz ass een opgefall, a beneit ginn. Ganz vill Luxus gouf gebueden, mee bon bei 113.000 Euro fir eisen Testauto kann ee jo awer och esou munches erwaarden.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Zum Beispill dach méi Autonomie. 364 Kilometer ass net enorm vill fir esou e Luxusliner, och wann den I-Pace 2,2 Tonnen op d’Wo bréngt. Deemno wäit ewech vun de versprachene 470 aus dem Haus Jaguar.

An et sief op der dëser Plaz och nach gesot, dass mir den I-Pace am Alldag beweegt hunn, a quasi keng Autobunnspassagen, déi jo bekanntlech ferm un der Autonomie knabberen.

Den Undriff

100 % elektresch mat enger 90 kw/h staarker Batterie. Di ugeschwate 400 PS verdeele sech 50:50 op di zwou Achsen. Esou ass den I-Pace och 4-Rad gedriwwen.

A well e sech duerch d’Loftfiederung en etlech Zentimeter unhiewe léisst, kann ee sech och op Feldweeër domat trauen, an Offroad ass dran. Och wann de Bauer um Trakter d’Impressioun hat, den Navi hätt mech falsch guidéiert.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Op der Strooss

Fuerspaass an Dynamik, wéi bei engem Sportswon, kann awer och di elegant Limousine mat britteschem Understatement sinn. Den I-Pace wëll jo mat senge 4m68 e Mix aus Limousine an SUV sinn.

Wéi op Schinne geet et ëm Kéieren. Di 700Nm Dréimoment si schonn impressionant a beim Kick down gëtt een an de Sëtz gedréckt. En niddrege Schwéierpunkt dréit zu deem neutrale Fuerverhale bäi.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Un der Borne ass de Jaguar kee Musterschüler. Hei ka just maximal mat 100kw opgeluede ginn. Dat hu Konkurrenz-Modeller awer an tëscht besser drop. Wien et doheem un der klassescher Steckdous probéiert sollt ganz vill Gedold hunn. 40 Stonne verginn bis en erëm voll wier. Jo a leider hu mir och meeschtens iwwer 20 kw/h Verbrauch notéiert.

Den Interieur
Nobel nobel, Pianolack a Lieder bis an de leschte Wénkel. Op Ebony Windsor Leather Performence Sëtzer hu mir Plaz geholl. Eng héichwäerteg Veraarbechtung gëtt attestéiert, an de Chauffeur fënnt sech séier zurecht.

Ganz entspaant geet et duerch d’Stad an iwwer Land, d’E-Motrice lafen extrem roueg, an den "Jag" ass top isoléiert. D’Loftfiederung dréit hiert och nach zum Confort u Bord bäi.

Infotainment an Navi sinn och up-to-date an um Ecran an der Mëttelkonsol ka genee analyséiert ginn, wéi vill Stroum grad verbraucht gëtt a wou een nach spuere kéint.

Beispill: Klimaanlag a Sëtz-Belëftung kaschten 3 Dose Kilometer Autonomie.

De Software-Update kënnt elo „over the air”.

An d’Mall passen, jee no Sëtzkonstellatioun, tëscht 400 Liter an 1300 Liter. Positiv, et gouf u separat Gefaacher fir d’Kabele geduecht.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Am Resumé

E Jaguar ze beweegen ass ëmmer e Genoss, och als Elektro I-Pace. E spillt an der ieweschter Liga mat, mee a punkto Technik fir ze lueden a Gewiicht vun der Batterie ass nach Sputt no uewen.