• De PLUS

    • eegestännegen Design
    • Veraarbechtung
    • Hybrid-System
  • De MINUS

    • Verschidde Knäppercher schwéier ze bedéngen
    • Android-Auto an Apple CarPlay just via Kabel

Nodeems mer iech am leschten Automag de reng elektresche Jaguar I-Pace virgestallt hunn, ass et haut un engem weidere Member aus der brittescher Famill.

Déi Kéier geet et awer ëm en Hybrid, deen den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun getest huet.

Automag: Jaguar F-Pace Hybrid

Ganz laang hate mer kee Jaguar méi als Testauto, an elo koume se quasi all op ee Coup, wat dir och an den nächste Wochen hei op der Antenn mierke wäert. Ech hat mengersäits de Jaguar F-Pace an der Hybrid-Variant fir e puer Deeg an deen hat de Kierzel P400e AWD hannen op der Mall pechen. Dee gëtt ausgeliwwert mat engem 2 Liter 4-Zylinder Bensinner mat 300 PS a kritt Ënnerstëtzung vun Elektromotor mat 143 PS. Verbaut ass en 13,8kw/h-Akku a geschalt gëtt iwwert eng 8-Stufenautomatik vun ZF. Eng Systemleeschtung vu 404 PS ass uginn.

De Plugin-Hybrid ka mat 7kW Wiesselstroum geluede ginn, oder awer souguer mat 32kW Gläichstroum, wat bei Plugin-Hybriden éischter seelen ass.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Op der Strooss

De Jaguar kënnt eidel op e Gewiicht vun iwwer 2,2 Tonnen, an dat mierkt een och beim Fueren. Den F-Pace ass éischter op der bequemer Säit vum Fuerverhalen ënnerwee, an ech géif scho bal soen, e fiert sech zimlech indirekt a schwammeg. All Lenkbefeel kënnt gefillt eréischt no enger Denksekonn ënne bei de Rieder un, ma d’Schwankung vun der Karosserie mierkt een och nach déi Sekonn nodeems de Lenkbefeel ëmgesat gouf. Et kann een d’Fuerwierk och op «Sport» stellen, dann ass et en Tick besser, ma e sportlecht Fuergefill wäert ee mat engem F-Pace Hybrid éischter seele verspieren.

Reng Elektresch soll ee laut WLTP 53km fuere kënnen. Nom Lueden huet den Display mir meeschtens ëm 48km ugewisen. Déi sinn dann och zimmlech realistesch. Wann den Akku voll gelueden ass, kann een och ouni Problemer mat 130 op der Autobunn fueren, reng elektresch! Dat packt een dann awer keng 50km.

Ech hunn eng 35km bis op d’Schaff, an do war et ouni Problemer méiglech ganz ouni Verbrenner unzekommen, virausgesat et huet een net ze dacks d’Gaspedal voll duerchgetrëppelt, well da schalt sech awer de Bensinner mat bäi.

Den Interieur

E Wuert wat mer do spontan afält ass «héichwäerteg». Egal wat een ugepak huet, et huet zu kengem Ament eppes gequiitscht oder gekraacht, all d’Materialien hu sech gutt ugefillt. Och wann e Jaguar dacks bei de Leit als en Auto fir déi eeler Generatioun gesi gëtt, sou kann ech awer ouni Weideres behaapten, Dir hutt iech geiert. D’verbauten Technik ass absolut op enger Héicht mat z.B. däitsche Konkurrenz-Produiten, an dat dann och nach edel verpak a Lieder, Holz, Aluminium a Plastik… an et muss ee soe wéi et ass, deels och einfach besser verpak.

RTL

© Andy Brücker / RTL

E bësse gewöhnungsbedürfteg sinn déi divers Knäppercher, déi eigentlech op enger grousser flaacher Fläch verdeelt sinn, a just e beliichtent Symbol weist, wat op wéi enger Plaz wéi eng Funktioun huet. Sou z.B. bei der Klimaanlag. Einfach just de Fanger opleeë geet net duer, fir de gewënschte Befeel ëmzesetzen, et muss ee schonn e bësse méi fest drop drécken… Praktesch sinn e sëllegen Oflagflächen an Android-Auto, grad ewéi Apple Car Play sinn och mat u Bord, wann och leider aktuell just via Kabel. Um 11,4 Zoll groussen Touchscreen huet een eng Hellewull u Menuen, wou een z.B. gesäit wéi ekologesch ee fiert, wéi vill elektresch a wéi vill mat Sprit an et kritt een och Tipps, wou ee säi Fuerverhalen nach verbessere kann.

D’3D-Kamera hëlleft dann och beim aparken, an et kann een am 360°-Modus ronderëm den Auto kucken, ob een dann och sécher an der Parkplaz steet an ee kee Potto oder Änleches iwwersinn huet. D’Iwwersiicht am Auto ass nämlech net grad extra gutt, virun allem no hannen. Do ass sou e Kamerasystem scho praktesch.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Praktesch ass och d’Mall, do kritt ee 485 Liter ënner. Wann een d’Réckbänk ëmleet, da kënnt een op knapp 1.300 Liter. Do kritt een da scho sou munches ënner.

Fazit

Nodeems ech ënnert anerem den Volvo XC60 , de Lexus NX450 oder den Toyota Rav4 als Hybrid-SUV gefuer sinn, muss ech soen, de Jaguar brauch sech op kee Fall ze verstoppen. Et ass definitiv eng Alternativ op Aenhéicht, mat dann och engem ganz individuellen an edelen Design… wat allerdéngs och säi Präis huet. E Standard F-Pace kritt ee vu 55.350 Euro un. Eise Modell kascht an der Basis scho 76.700 Euro, an dobäi koumen nach emol fir 6.600 Euro Optiounen.

RTL

© Andy Brücker / RTL