• De PLUS

    • extreme Spaassfacteur
    • bommeséchert Fuerverhalen
    • ganz moderate Verbrauch a Präis
  • De MINUS

    • leider schonn ausverkaf a lues awer sécher dee leschte vu senger Aart

Ass fir iech en Auto just eng Blechkëscht fir vun A op B ze kommen? Da braucht der am Fong net méi nozelauschteren, respektiv weiderzeliesen.

Oder awer dir hutt e bësse Bensinn am Blutt a verbannt Autofuere mat Freed a Leidenschaft – da kéint et sinn dat de Paul Origer mat senger Nouvelle vun Toyota ären Nerv trëfft.

Automag: Toyota GR86

E bësse paradox ass et schonn. Grad de Pionéier vun der Hybridtechnik a vun am Fong “verstännegen” Autoen huet seng Spart vun de Spaassautoen erweidert. Mat GR fir Gazoo Racing dierfe sech zwee Modeller jo schonn dekoréieren, de Supra an den 3-dierege Yaris. Elo kënnt mam GR86 een drëtten dobäi a wann iech do eppes bekannt virkënnt, da leit der richteg. Et handelt sech em den Nofollger vum GT86. Subaru hat jo schonn decidéiert den Zwillingsbrudder BRZ net méi an Europa ze verkafen. Toyota huet sech awer de Ruck ginn!

Den Design

Am Fong eng Karosserieform déi et villäicht nach just bei BMW a Form vum 2er gëtt. E klenge sportleche Coupé mat Stufenheck, flaach a geduckt – esou koum schonn de GT86, de GR86 kritt dat designméisseg nach e bësse méi sportlech an emotional hin. Besonnesch hannen ass et Toyota gutt gelongen, méi Schwong a Charakter an d’Spill ze bréngen an och vu vir ass de 86er méi erwuesse ginn.

RTL

© Paul Origer / RTL

Wann ee wëll, da kéint een esouguer liicht Zich vun engem Porsche Cayman erkennen. Bannenan ass dat alles méi brav a konzentréiert sech op dat Wiesentlecht. Et dominéiert eng horizontal Linn a vill schwaarze Plastik. Dofir wiisst zur Freed vu grousse Chaufferen de Verstellberäich vun de Sëtzer!

Den Undriff

Hei koum fréier ëmmer den Dilemma op... ass een Toyota mat engem Boxermotor vu Subaru iwwerhaapt ee richtegen Toyota oder keeft ee besser direkt de Subaru? Nach méi gefeelt huet awer virun allem Bumms aus dem Keller.

RTL

© Paul Origer / RTL

De Virgänger huet mat 2 Liter misse gedréint ginn, fir seng 200 PS erauszequetschen, elo hu Subaru an Toyota de 4-Zylinder op 2,4 Liter vergréissert. Resultat sinn 234 PS an 250 Nm, also gudde e Schotz méi wéi virdrun. An d’Undriffskonzept kéint net besser sinn: Heckundriww, eng knackeg enk gestufte 6-Gang-Boîte an eng perfekt Gewiichtsverdeelung. Do kribbelt et an de Féiss!

Op der Strooss

An dat quasi iwwerall! Ugefaange bei der Presentatioun zu Sevilla, wou et iwwert d’Rennstreck vu Monteblanco an op de kéiereräiche Stroosse an Andalusien goung bis bei een Alldagstest elo am August. Op engem intensiven Alpentour iwwer 2000 km, 20 Alpepäss an duerch 3 Länner war de GR86 awer a sengem Element. Well dat, wat d’Toyota do nees op d’Rieder gestallt huet, dreift all Petrolhead vu Freed d’Tréinen an d’A. Iwwerhuelen oder d’Bierger zügeg eropklammen - de Boxer trëtt elo vill méi gëfteg un a jubiléiert mat, wann och bannendran e bësse gepimpte Sound wéi zu beschten JDM-Zäite bis bei de roude Beräich vu 7500, d’Gäng ginn extrem kuerz duerch d’Gaasse wéi fréier den Joystick mat Microschalter an déi matdeelsam Steierung gëtt engem Loscht, de GR86 an all Serpentinn mat Schmackes ëm d’Kéier ze schwéngen. Dat ëmmer liichtféisseg an handlech, duerch dat fréit Dréimoment séier vum Fleck a beim Fuerverhalen ëmmer op der sécherer Säit.

RTL

© Paul Origer / RTL

Versteifte Suspensiounen, eng verstäerkte Karosserie, 10 Kilo manner Gewiicht an dat alles 10 mm méi déif – den Invest hat sech gelount! An och am Alldag léisst sech de GR86 gutt notzen. D’Fiederung ass net iwwerdriwwen haart an de Verbrauch hat sech no engem Mix vu konstanter Autobunn a wëlle Rëtt iwwert d’Päss bei ganz fairen 8,7 Liter agependelt.

D’Präisser

En analogen Auto fir den digitalen Zäitalter – besser kann een de GR86 net resuméieren. E verzicht am Fong op alles, wat een net brauch. Sief et eng elektresch Parkbrems, nerveg Assistenzsystemer oder de leschte Kreesch bei Confort a Connectivity. Dofir ass de GR86 dee beschten an esouguer gutt equipéierte Spaassauto, deen ee fir minimum 33.000 Euro kréie kann. Dat allerdéngs nach just fir eng gutt Woch, well de Stock fir d’Belsch a Lëtzebuerg ass limitéiert an dofir sinn nom 5. September d’Commande schonn zou.

RTL

© Paul Origer / RTL