• De PLUS

    • originellen Design
    • Plaz bannenan
    • iwwersiichtlech an handlech am Alldag
    • Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Variabilitéit
    • Verbrauch
    • Vitesse maximal 145 km/h

Am Automag heescht et haut "Klassiker reloaded". Dee gouf elo an där Stad presentéiert, wou dëst Joer och den Tour de France lancéiert gouf.

Zu Kopenhagen an Dänemark. De Christian Schmit war mat dorobber, a wat hat dann do seng Weltpremière gefeiert?

Automag: VW ID. Buzz

De VW ID. Buzz. "Icon reloaded" dohier, well mam ID. Buzz gëtt sech direkt un de VW T1 vu viru 70 Joer erënnert. An esou een aus der VW Oldtimer Kollektioun war dann och gläich mat ugereest. Sympathesch, praktesch, elektresch, dat ass de VW ID Buzz anno 2022.

RTL

© Christian Schmit / RTL

"Icon reloaded", eng schwiereg Aufgab?

De Christof Peine aus dem Marketing: Na ja so schwierig eigentlich nicht. Wir bauen ja seit 70 Jahren den Bulli. Das Fahrzeug wird richtig angenommen. Die Leute zeigen mit dem Finger drauf und sagen was hat VW denn da Tolles auf die Räder gestellt.

An dee Mann sollt Recht behalen. Wou een eis och mam ID. Buzz erbléckst hat, si mir op dësen ugeschwat ginn. Egal ob dës Säit an Dänemark, oder déi Säit dem Oeresund a Schweden.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Dass de VW Elektrobus esou gutt ukënnt, läit sécherlech u sengem staarken Ierwen, dee jo Synonym fir Fräiheet an Onofhängegkeet stoung, an dat fir ganz Generatiounen. Ausser nach dem legendäre Käfer hat keen anere Modell aus der VW Gamme dat gepackt.

No der xter Sneak Preview, elo endlech prett fir op d’Strooss. Ka scho bestallt ginn, an di éischt Exemplaire fir de Grand Duché ginn ugangs Januar 2023 ausgeliwwert. Esou housch et vum Importateur.

Dat positiivt Liewensgefill ass elo am 21. Joerhonnert ukomm. Elektresch an digital.

Den Design

Op ze vill Retro gouf bewosst verzicht. Munches vum Konzeptauto konnt net fir d’Serie zeréckbehale ginn. Mee d'Proportioune mat de kuerzen Iwwerhäng vun der Karosserie stëmmen. Och di typesch Bulli zweefaarweg Lackéierung mam VW Logo ass gelongen. Dat selwecht Faarwespill an där Kombinatioun gëtt et dann och bannenan op Sëtzer an Armaturebried.

De funktionelle Cockpit ass dat bekannt Muster, wat mir aus deenen aneren E-Modeller vu Wolfsburg kennen.

E klengen Ecran just viru sech, an dee méi grousse fir Navi an Entertainment an der Mëtt.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Ganz wäit ewech ass d’Sëtzpositioun vun der viischter Glace. Well et jo quasi keng Motor Hauf méi gëtt, musse Klimatechnik, Steierung, an Head Up Display + Augmented Reality Technik do ënnerdaach kommen.

Aarmlehne fir Chauffer a Bäifuerer ginn et, vill Oflagen, a schonn no e puer Kilometer mierkt een, trotz der Gréisst, ass esou en ID. Buzz ganz maniabel. Et sëtzt een héich an d’Vue ronderëm een ass top.

Wien an der zweeter Rei Plaz hëlt ass do gutt opgehuewen, mee fir esou e modernen Auto hätt ee sech awer méi Variabilitéit kënne virstellen.

Vläicht kënnt dat jo 2023 mat der XL-Versioun, wou dann och eng 4X4-Traktioun méiglech ass. Am Moment huet den ID. Buzz eng traction arrière.

An da komme mir op Ëmwelt an eng CO2-neutral Ausliwwerung ze schwätzen?

Christof Peine: Dass wir im Interieur komplett auf Tierleder verzichten und auch auf recyceltes Plastik setzen auf Sitze und Bodenbeläge. Aus Pet Flaschen und Plastik aus dem Meer.

Smart Technik fir ze lueden ass och u Bord. Fir gläich e puer Handyen, awer och Plug&Charge fir bidirektionelt Lueden.

Op der Strooss

De Bulli anno 2022 huet eng 77kw/h-Batterie u Bord, an déi erlaabt jee no Fuerstil a Baussentemperatur gutt 400km. Realistesch, wéi mir konnte feststellen. Den dacks gefuerderten Tempolimitt kënnt bei E-Autoe quasi vum selwen. Beim ID. Buzz ass bei 145 Schluss. Mee bei Acceleratioun a Fuerverhale gëtt et näischt ze meckeren. Dat gëllt och fir de Cargo Buzz, dee mir och gefuer sinn, an 2 Europalette packt.

Verbrauch, kaum ënner 20kw, dobäi ass een dach esou houfreg op en 0,28 CW Wäert.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Am Resumé

Et muss e kee Prophéit sinn, den ID. Buzz wäert säi Match maachen. Mat e bëssche Retro, ganz vill Charme, a virausgesat déi 57.825 Euro mindestens si keng finanziell Hürd.