Bei der tschechescher Mark aus dem VW-Konzern gëtt et net just en neie Logo, ma och en Ausbléck a wéi eng Richtung et bei neien Elektromodeller wäert goen.

Automag: Neies vu Skoda

Den 30. August war déi gesamt Automobil-Press vun der tschechescher Mark op Prag invitéiert ginn an et ware grouss Ukënnegunge versprach ginn, dat ganzt ënnert dem Motto «Next Level – Skoda Strategy 2030».

Eppes wat net iwwerrascht, a wat och aner Marken ëmmer méi ervirhiewen, ass den Trend zu méi Elektromodeller. Bei Skoda wëll ee bis 2026 dräi nei reng Elektromodeller op de Marché bréngen: ee klenge Stadauto, ee kompakten SUV an och e 7-Sëtzer fir d’Famillen. Bis 2030 solle bei Skoda iwwer 70% vun de verkaaften Autoe reng elektresch ugedriwwe sinn. Bis dohinner ginn awer déi aktuell Modeller net vergiess. D’nächst Joer kommen déi nei Generatioune vum Superb, grad ewéi vum Kodiaq op der Maart. Am Joer 2024 kënnt dann eng opgefrëschte Versioun vum Octavia.

Fir der Press scho mol eng Iddi ze ginn, a wéi eng Richtung et wäert a Punkto Elektromobilitéit goen, gouf d’Konzeptstudie VISION 7S virgestallt, dee mat senger 89kWh-Batterie iwwer 600km wäit komme soll.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Design

Den Design ass definitiv futuristesch ugehaucht an eng éischte Kéier gouf och e matte Lack agesat. D’Gesiicht vun den Elektroautoe brauch jo kee Külergrill méi, well et ass jo kee Verbrenner verbaut. Bei Skoda nennt een déi nei Front «Tech-Deck Face». Do hannendru verstoppt sech e groussen Deel vun der Sensorik, déi fir e sëllege Fuerassistente gebraucht gëtt.

RTL

Den Undrang vun de Journaliste war immens grouss, wouduerch et net einfach war, iwwerhaapt eng Foto vum Vision 7S ze maachen. / © Andy Brücker / RTL

Een typescht Design-Element wäert een ëmmer manner gesinn, nämlech de Logo vu Skoda. De Feil mat de Flilleken verschwënnt vum Capot oder aus der Calander an et gëtt méi op de Schrëftzoch gesat. Dee gouf nei designed an ass elo net méi an engem 3D-Look, mä am 2D. Domat reagéiert een op d’Verännerung bei de Marketingaktivitéiten, bei deenen ëmmer méi op den Online gesat gëtt, a manner op de Print. Den neie Logo kënnt virun allem op de mobillen Endgeräter besser zur Geltung. Bei der faarflecher Upassung setzt een op zwee verschidde Gréngtéin: Smaragd- an Elektro-Gréng. Den neie Logo wäert een deemnächst ëmmer méi dacks a Publikatioune gesinn an e wäert lues awer sécher déi al Corporate Identity ersetzen. Vun 2024 u gesäit een en dann och op den neie Modeller vu Skoda.

RTL

© Skoda

Interieur

An der Designstudie VISION 7S gëtt dann och vill Wäert op Nohaltegkeet geluecht. Sou ginn am Interieur vill recycléiert Materialien agesat. De Buedem z.B. ass aus recycléierte Pneuen hiergestallt ginn. Et gëtt kee Lieder méi agesat ma déi benotzte Stoffer sinn zu 100% aus Polyester-Fiedem, déi virdru schonn emol eng aner Funktioun an hirem Liewen haten.

RTL

© Skoda

Wéi vill vun der Studie herno an dem reale Modell wäert ëmgesat ginn, muss d’Zukunft weisen, ma Skoda wëll sech sengem Motto trei bleiwen, an deen heescht «Simply clever». Een Element dovunner sinn divers magnéitesch Elementer am Auto. Sief et fir d’Passagéier hannen am Auto, déi hiren Handy sou um Sëtz viru sech kënne festmaachen fir eng optimal Siicht op den Ecran… Sief et fir d’metalle Gedrénksfläsch ënnert dem Tableau de Bord ze verstauen oder och nach magnéitesch Rucksäck, déi zum Equipement vum VISION 7S gehéieren an iwwerall kënne matgeholl ginn. Fir all Elementer vum Vision 7S elo hei opzezielen, dat géif de Kader sprengen. Dir kënnt iech et awer an eiser Fotosgalerie ukucken.

Skoda gehéiert zanter 30 Joer vum Volkswagen-Grupp, ma et leet ee vill Wäert drop, déi eegen Identitéit net ze verléieren. Dofir wëll ee sech mam neie Markenoptrëtt och nach méi däitlech vun den anere Marke vum VW-Konzern ofgrenzen. Dat Ganzt léist ee sech dann och eppes kaschten… an den nächste 5 Joer gi 5,6 Milliarden Euro an d’Elektromobilitéit investéiert, an nach emol 700 Milliounen Euro an d’Digitaliséierung.

RTL

© Skoda