• De PLUS

    • Rouege Motor
    • Wéineg Wandgeräischer
    • Gutt Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Just 4 Zylinder
    • Straff Fiederung

Am Automag vun haut gëtt franséisch geschwat. De Rich Simon huet nämlech den neien DS 7 getest. Woubäi "nei" villäicht net ganz richteg ass.

D'Luxus-Maschinn krut nämlech just e Facelift. Vun deem erhofft ee sech, datt d'Successtory vum DS 7 deen am Joer 2018 op de Marché komm ass, weider geet.

Automag: DS 7 (Facelift)

DS ass d'Luxusmark vum Stellantis Grupp. An deem sinn ënnert anerem Marke wéi Citroën, Opel a Peugeot, fir nëmmen dës ze nennen. Ënnert de verschiddene DS Modeller ass den DS 7 dat sougenannte Flaggschëff. E groussen SUV, deen et mat den etabléierten Premium Marke wëll ophuelen. Virun allem mat der däitscher Konkurrenz. Wat den Design ugeet, ass dat vun Ufank u gegléckt. Den DS 7 ass ee schéinen Auto. Ouni Zweiwel. An op den Exterieur ass elo beim Facelift nees gedréckt ginn. De Külergrill ass nach méi grouss an impressionant ginn. Méi schmuel sinn do der géint déi hënnescht Luuchte ginn. Doduercher wierkt den Auto manner voluminéis, dofir awer méi sportlech.

RTL

© Rich Simon / RTL

 

Op der Strooss

D'Motorisatioun, déi fir den Test disponibel war, war gläichzäiteg och d'Top-Aggregat. Dat heescht een 1,6 Liter 4 Zylinder 360 PS staarke Plug-In Hybrid. A mat deem geet et virun. Vun 0 op 100 a 5,9 Sekonnen an de Tacho bleift eréischt bei 240 Kilometer an der Stonn stoen. Dat ass ganz gutt fir een Auto, deen awer no un den 2 Tonne Gewiicht kraazt. De Motor leeft extrem roueg. Dat gëllt och fir d'Wandgeräicher, där et praktesch keng ginn. Wann ee vun 360 Päerd ënnert der Hauf schwätzt, wier et awer flott, wann een net nëmme 4 Zylinder hätt. 6 géifen dem Auto sécherlech besser zu Gesiicht stoen an et kéint ee vis à vis vun der Konkurrenz nach zousätzlech Punkten.

RTL

© Rich Simon / RTL

A Propos Punkten. Där ginn et e puer manner fir d'Fiederung. Déi ass straff. Fir esou een Auto villäicht ze straff. Dat wier awer esou gewollt, huet et op Nofro hi geheescht. Et wéilt een den DS 7 net ze komfortabel maachen. Den 360 Päerd staarken DS gëtt et just als 4X4. Den Allradundriff suergt duerfir, datt trotz engem strammen Fiederung den Auto awer praktesch op Schinnen duerch d'Kéiere fiert. Dobäi kënnt eng automatesch 8 Gang Boîte, déi zum richtege Moment erop an erof schalt, ouni laang ze iwwerleeën.

Interieur

Den DS 7 ass duerch d'Bank banne gutt verschafft. Et gi Premium Marken, wou dacks méi haarde Plastik an de Asaz kënnt wéi beim DS 7. Een negativ Punkt sinn awer déi op héichwäerteg getrimmte Knäppercher, an der Mëttelkonsol, an enger Aluminium-Optik, déi awer a sech just aus enger Zort bessere Bakelit sinn. Hei kéint ee sécherlech nach nobesseren.

RTL

© Rich Simon / RTL

D'Sëtzer si bequem, si kéinten awer bësse méi Säitenhalt bidden. De Bäifuerer huet genuch Beefräiheet. D'Händschekëscht ass esou ubruecht, datt och ee laange Lullatsch net mat senge Knéien dogéint stéisst. Awer och op den hënneschte Setzer ass méi wéi genuch Plaz. Idem an der Mall mat 555 Liter normal an 1.712 Liter wann d'Bänken ëmgeklappt sinn.

RTL

© Rich Simon / RTL

Verbrauch

Op der Testfaart, déi praktesch zu 100 Prozent iwwer Landstroossen a vill erop an erof gaangen ass, huet den 360 Päerd staarken DS 7 sechs Liter gebraucht. Woubäi den Akku no 100 Kilometer platt war. Reng elektresch kann ee laut DS 65 Kilometer ënnerwee sinn, mat enger maximal Vitesse vun 135 Kilometer. Den Akku am neien DS 7 krut och ee Push, dee klëmmt op 14,2 kWh.

RTL

© Rich Simon / RTL

Präisser

3 Bensin Motorisatiounen ginn et als Plug-In Hybrid. Dee mat 225 Päerd an 2-Rad-Undriff fänkt bei 49.411 Euro un. Fir dee mat 300 Päerd a 4-Rad-Undriff muss een op d'mannst 54.439 Euro dohinner bliederen. A fir d'Top Versioun mat 360 Päerd 4X4 muss een 63.238 Euro bezuelen. Déi bëllegste Versioun ass ee gudden alen Diesel mat 130 Päerd. Dee kritt ee schonns fir 41.869 Euro. Dat ass dann och deen eenzege renge Verbrennermotor, deen et fir den DS 7 gëtt.