• De PLUS

    • Chicen Design
    • Héichwäerteg Veraarbechtung an nobelen Interieur
    • Fuerleeschtungen
  • De MINUS

    • Nëmme knapp 35km reng elektresch Autonomie
    • Verbrauch
    • Plaz an der zweeter Rei

DS, dat sinn d‘Luxusliner vum grousse Stellantis Grupp.

Nodeems mir iech d’lescht Woch den iwwerschafften DS 7 presentéiert haten, si mir elo mam DS 4 ënnerwee. De Christian Schmit souz fir eis hannert dem Steierrad.

Automag: DS 4 E-Tense

DS steet ëmmer fir ganz extravagant Gefierer a Confort. Esou och beim DS 4, dee mir elo zur Dispositioun haten. Esou en DS 4 dréit dann och nach, jee no Ekipement, esou prestigiéis Nimm wéi Version Rivoli, Trocadéro a Bastille. Kloer alles eng affaire de goût, mee et muss een zouginn, dass et DS gutt geléngt sech ganz eegestänneg ze presentéieren. Well um selwechte Chassis stinn och e Peugeot 308, Citroën C4 oder Opel Astra. Crossover SUV wëll den DS 4 sinn, mat villen techneschen Detailer a Finesse.

Den Undriff        

Wien en DS 4 bestellt, huet d’Wiel tëscht 3 Bensinner, engem Diesel an d’Hybrid Plug-In Versioun. Mat där ware mir ënnerwee. Den Undriff kënnt aus dem grousse Motoreregal vum Grupp, e 1600er mat 225 PS System-Leeschtung.

Dat Zesummespill tëscht Elektro a Verbrenner klappt gutt. Reng elektresch setzt sech den DS 4 a Beweegung. Typesch Plug-In Hybrid ass d’Leeschtung, déi de Motor entfaalt, ganz remarkabel. 360Nm Dréimoment, déi loosse sech awer och weisen.

Just 34km Autonomie kréien ech bei 100% Batterieleeschtung affichéiert. Schued, net all ze vill, mee déi kënnen awer ëmmerhin um Bordcomputer "geparkt" ginn, wann een zum Schluss vum Trajet beispillsweis an enger Zon wier, wou just Elektrogefierer Accès hätten.

RTL

© Christian Schmit / RTL

De Sprint op 100 ass mat der 8 Gang Automatik an 8 Sekonne méiglech, an déi 230 km/h Spëtzevitesse kënnen nëmme seele legal ausgenotzt ginn.

Den DS 4 huet den Dezibelpeegel gutt am Grëff. An d'Schall Isoléierung gouf investéiert, an dréit ganz agreabel zum Fuerconfort bäi.

De Chauffer huet de Choix tëscht der reng elektrescher Fuerweis, Hybrid, Confort a Sport. Am Sport Modus, a wann den DS 4 wierklech gefuerdert gëtt, kënnt d’Ustrengung och bis an den Interieur.

Den Interieur

Bannena presentéiert sech den DS 4 ganz luxuriéis. Lieder gëtt ganz opulent verschafft. Do kéinte sech der nach e puer, déi och an deem Segment fëschen, e Beispill huelen. DS oblige, ass alles méi extravagant an huet e speziellen Design. Natierlech ass hei och net alles Gold wat blénkt, mee dann ass awer gutt cachéiert.

Net vun ongeféier schaffen DS Designer mat der Paräisser Haute Couture zesummen a loosse sech do inspiréieren. Chic chic sinn d’Liederfauteuilen a loosse sech wiermen, killen a Chauffeur a Bäifuerer kréien op Wonsch eng gratis Massage. Plaz an der éischter Rei ass ganz ok, hanne gëtt wéinst der Coupélinn dach schonn e bëssche méi enk fir Kapp a Been.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Den Tableau de bord mat HeadUp-Display and Augmented Reality weist sech ganz modern, a kéint mat sëlwer Applikatiounen och vum Bijoutier kommen. Mee et brauch een e bësschen, fir sech mat all den Touch-Funktiounen zu Recht ze fannen oder en ze personaliséieren.

An der Mall läit eng DS Posch mat Händschen, fir dass et keng knaschteg Féngercher beim Luede ginn.

Schued, dass de Kabel fir an di klassesch Steckdous keng Plaz huet an esou an der Mall trëllt, oder doheem bleift.

Opluede gehéiert awer zu engem Plug-In Hybrid, well soss kann de Verbrauch op 100km sech ganz séier méi wéi verduebelen.

RTL

© Christian Schmit / RTL

D’Präisser    

   

Esou en Designerstéck, wéi den Testauto, huet säi Präis. Mat ganz vill Ekipement an Extravaganz stoungen um Enn gutt 52.000 Euro fir den DS 4 E-Tense um Präisschëld.

Wie sech an der Kompaktklass eppes Besonnesches gënne wëll, deen ass am DS 4 gutt opgehuewen.

RTL

© Christian Schmit / RTL