• De PLUS

    • Design
    • Flott technesch Léisungen
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • Plaz an der Mall
    • Rekuperatioun net astellbar

Am Automag kucke mer eis de Brudder vum Testauto un, dee mer rezent hei presentéiert hunn. Vum DS 4 geet et eriwwer bei den Opel Astra Hybrid.

Getest gouf den Auto vum Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.

Automag: Opel Astra Hybrid

Laang hu mer musse waarden, bis den Astra endlech och am Fuerpark vu Opel disponibel war. Schon um Festival am Februar gouf en gouf ugekënnegt, gefuer ware mir en bis elo awer nach net. Opel gehéiert jo mëttlerweil an de PSA-Grupp, wat munch Leit nach net matkritt hunn, wéi ech a Gespréicher festgestallt hunn, dofir widderhuelen ech et hei nach eng Kéier. Den Astra gräift deemno op déi selwecht Plattform zeréck wéi de Peugeot 308 oder z.B. den DS 4, deen de Christian Schmit gefuer war.
Design

Wat d’Optriede vum Astra ugeet, si se menger Meenung no um richtege Wee. En huet iergendwéi méi Charakter kritt wéi de Virgänger… mat dynamesche Linnen a Kanten, déi en och als eegestännege Modell erëm erkenne loossen. Dat geet vun der schnëtteger Designsprooch bei de Luuchte vir an hannen, iwwert d’Form vum Capot bis bei d’Kanten an der Säitelinn. Et kënnt bei verschidde Modeller ëmmer nees vir, dass ee se am Stroosseverkéier gesäit, ma et op den éischte Bléck soe kann, ëm wéi eng Mark et sech handelt, a scho guer net ëm wéi e Modell. Beim neien Astra hunn ech d’Gefill, dass deen dach säin Erkennungswäert wäert kréien, respektiv schonn huet, och wann een der nach net vill doruechter fuere gesäit. Opel huet da rezent och de Revival vu markentypesche GSE-Modeller ugekënnegt, déi dann nach méi e selbstbewosst Optriede wäerten hunn... mat z.b. anere Felgen an och méi no um Tarmac. De GSE steet dann an dësem Fall fir Grand Sport Electric a vu Januar 2023 u soll z.B. den Astra GSe disponibel sinn, wou dann och 225 PS fir méi e sportlecht Fuererliewnis suerge sollen.

Banneraum

Direkt emol positiv opgefall sinn déi flott Sëtzer am Lieder/Alcantara-Mix, mat Zier-Néit a wäiss gehalen. Déi verspreeën net just e sportleche Look, ma et gëtt een och nach gutt gehalen. An eisem Modell an der Ultimate-Edition waren d’Sëtzer och elektresch astellbar an hate Memory-Funktioun. De Cockpit u sech huet vill verschidde Plastik-Elementer, déi awer elo net bëlleg wierken. An der Mëttelkonsol, grad ewéi ronderëm den Touchscreen an och un de Knäppercher um Steierrad, war vill schwaarze blénkege Plastik verschafft, op deem ee leider all Fangerofdrock a Stëpskär gesäit, wat mer d’Liewe bei de Fotoen net wierklech vereinfacht huet. D’Menü-Féierung ass liicht gewinnungsbedürfteg, awer net schlecht. Tempomat z.B. astelle geet kannerliicht, och via Schëldererkennung.

Praktesch ass, dass een Android-Auto, respektiv Apple Carplay och Wireless notze kann, wat leider nach ëmmer net an all neiem Auto funktionéiert.

Net sou dichteg ass d’Plaz an der Mall. Hei sinn et 352 Liter, an nach net emol eng Plaz fir de Lued-Kabel ënnerzebréngen. Ech war kuerz bis e puer Liewensmëttel akafen, an hat och nach Blummebuedem sichen... dann nach de Schnelllued-Kabel an den 220V-Luedkabel an der Mall, do ass een da scho séier um Enn. Wann een d’Réckbänk ëmleet, kënnt een dann awer op maximal 1268 Liter. Weem dat net duergeet, dee sollt op de Sports Tourer, also op de Kombi setzen.

Den Undriff

D’Haaptaarbecht leescht hei de 1600er 4-Zylinder mat 150PS. Ënnerstëtzt gëtt en dann awer och nach vun engem Elektromotor, woumat een op 180 PS Systemleeschtung kënnt, wat absolutt duergeet fir net just gutt, ma och nach flénk duerch den Alldag ze kommen, och wann den Auto ronn 1.700 kg weit. Reng elektresch sinn ech mat geluedener Batterie maximal ëm 50km wäit komm, wat fir den Alldag absolutt ok ass. Interessante Gimmick... beim Luede weist en der am Display net un, mat wéivill kw geluede gëtt, ma mat wéivill Kilometer pro Stonn e grad lued, wat am Fong vill méi praktesch ass fir ofzeschätzen, wéi laang en muss ugestëpselt bleiwen, fir déi nächst Streck, déis de z.b. reng elektresch wéilts fueren. Iwweregens kann ee mat enger Vitess vu bis zu 135km/h reng elektresch fuere mam neien Opel Astra Hybrid. Fuerwierkstechnesch war bei menge gefuerene Kilometer elo keng nennenswäert Vir- oder Nodeeler ze erkennen. Gutt Aarbecht mécht d’8-Gang Automatik, déi och beim Wiessel tëscht Verbrenner an Elektro gutt harmonéiert. Gutt Aarbecht leescht och d’Brems, déi gutt ze doséieren ass, och wann een am Recuperatiounsmodus fiert, wat net ëmmer bei all Auto de Fall ass. Leider konnt een net astelle wéi staark den Astra recuperéiere soll... zumindest hunn ech net erausfonnt wéi dat soll goen. Bei anere Marke kann een dat iwwert d’Schaltwippe reegelen, dat huet hei awer net geklappt.

Präisser

En einfachen Opel Astra mat Verbrenner kritt e scho vu knapps 26.000 Euro un. Sollt et en Hybrid sinn, wat definitiv Sënn mécht, sinn et dann awer scho bal 37.000 Euro an der Basis, wat am Verglach mat der Konkurrenz awer sécherlech en Argument zu Gonschte vum Opel ka sinn.