Jaguar F-Pace SVR
-
De PLUS
- nach ëmmer ee vun deene schéinsten SUV
- Leeschtung am Iwwerfloss
- Sound mat Hingerhauteffekt
- erstaunlech dynamesch trotz Gewiicht
-
De MINUS
- Kappstützen drécken an de Réck
- bësse schwiereg ze bedéngen
- Präis an Ënnerhalt
6 Joer ass et elo schonn hier, datt Jaguar mam F-Pace hiren éischten SUV lancéiert huet – net feelen duerft schonn deemools d’Topversioun SVR.
A genee déi hat de Paul Origer elo an der aktuellster Versioun am Test.
Et ass am Fong eng Spezies, déi um Ausstierwen ass, grouss Verbrennermotore mat héijer Leeschtung, mee Jaguar hält awer un hirer Traditioun fest a lancéiert och no engem klenge Facelift vum F-Pace nees den SVR-Topmodell. Mat elo nach méi Rennsport an Aerodynamik am Baussendesign, soss gëtt just diskret op d’Potenz ënnert dem Capot higewisen. Mir perséinlech gefält den F-Pace vun den SUV alleguer nach am beschten – wann et onbedéngt ee misst sinn.
Gëllt dat dann och fir de Banneraum?
Jo, deem kéint ech duerchaus zoustëmmen, den SVR bitt e gelongene Mix aus Faarwen a Matièren, genee esou confortabel wéi effikass Sportsëtzer an emol guer keng esou schlecht Plazverhältnisser. Och d’Veraarbechtung läit definitiv um Premium-Niveau. Okay, et muss een de Kapp beim Eraklammen awer e bëssen anzéien an d’Kappstütz vun de schlanke Performance-Sëtzer huet mir onangeneem an d’Kräiz gedréckt.

© Paul Origer / RTL
An och e puer Schrullegkeete wéi déi e bësse widderspensteg Knäppercher an der Mëttelkonsol oder verstoppte Funktiounen am fonkelneien Infotainment schéngen iergendwéi ëmmer dozou ze gehéieren.
Mee dat ass jo am Fong net dat wichtegst un dëser Versioun – ech ginn dovunner aus, d’Technik ënnert dem Capot spillt déi gréisste Roll?
Definitiv an ech wäert no dësem Test mussen an de CO2-Beichtstull wanderen – mee keen anere Motor ka fir esouvill Emotioune suerge wéi ee V8. Zemools wann en esou gutt am Fudder steet wéi deen am F-Pace SVR.
5 Liter, 550 PS a 700 Nm si gewalteg Wäerter, och wa verschidden Elektroautoen dës entre-temps iwwerbidden. Am SVR kommen allerdéngs Dimensiounen dobäi, déi et bei der E-Mobilitéit net ginn. An dat ass Héieren a Fillen, datt engem d’Hoer um Aarm opstinn. Vu Con fuoco iwwer Furioso bis bei Molto Staccato kritt de Chauffer aus deene 4 aarmdécken Auspuffréier all Nuance ze héieren an ze spieren.

© Paul Origer / RTL
An dat kann den F-Pace SVR och um Terrain – pardon: op der Strooss ëmsetzen?
Soe mer esou: mat 550 PS dierft et scho virugoen. Am Fall vum F-Pace SVR stinn deem awer och minimum 2,2 Tonne géigeniwwer. Déi schéngen de V8 mat Twin-Vortex-Kompressor net ze krazen, wann ee wëll, dann huet déi ultraflénk ZF-Automatik d’Gäng séier duerch an a 4 Sekonne si schonn 100 km/Stonn erreecht. An dat iwwerschaffte Fuerwierk, esou wéi déi nei ofgestëmmte Feedback-freedeg Steierung huelen engem an de Kéieren den Elan och net eraus.

© Paul Origer / RTL
Kloer, d’Gewiicht spiert ee wann et ëm den Eck goe soll an déi héich Sëtzpositioun ass net terribel sportlech. Mee d’Ingenieuren hunn de beschtméigleche Spagat tëscht Confort a Sport fäerdeg bruecht. Well den SVR kann och gemittlech cruisen, wann och déi grouss 22-Zoll-Rieder relativ haart iwwer Kanaldeckel polteren an d’Automatik beim Erofschalten nawell vill ruckt.
Ech mierke, bei dir fléisst awer nach vill Bensinn am Blutt – de Präis wäert deem ganzen awer den Dämpfer opsetzen?
Nujee, fir d’éischt déi gutt Nouvelle: no iwwer 500 km Testfaart hat sech de Verbrauch bei wierklech raisonnabelen 13 Liter agependelt. Mee do virdrun muss ee fir een F-Pace SVR mol ronn 110.000 Euro labber gemaach hunn. Mat e puer flotten Optiounen, wéi bei eisem Testauto, kënnen et der och 120 sinn. Spillt dat keng Roll, da géing ech soen: zougräifen!

© Paul Origer / RTL