Den 12. Oktober um Punkt 19 Auer krut d'Automobilpress den neiste Modell aus der Polestar-Famill virgestallt. A wéi soll et anescht sinn, et ass en SUV.

Weltwäit gesäit een, dass de Marché vun den SUV kloer d'Iwwerhand geholl huet, an do wëll och Polestar net den Uschloss verpassen.

Bis elo huet Polestar zwee Modeller erausbruecht... den 1 an den 2, woubäi den Polestar 2 dee Modell ass, deen een aktuell ze kafe kritt, an dee sech och grousser Beléiftheet erfreet. Mir schwätze bei Polestar vu rengen Elektroautoen, woubäi Polestar als eegestänneg Mark awer ganz enk mat Volvo zesummeschafft.

De CEO vu Polestar, den Thomas Ingenlath huet bei der Presentatioun vum Polestar 3 nach emol däitlech gemaach, dass bei hirer Mark, den Design eng ganz wichteg Roll spillt, wouduerch ee sech och vun de Konkurrenzproduiten demarkéiere wëll. De Polestar 2 huet et scho fäerdeg bruecht, dass en eng ganz staark Identitéit opgebaut huet, déi en och als Polestar erkenne léisst, wann een d'Mark bis um Radar huet.

Déi Marken-Identitéit wëll een och beim Polestar 3 bäibehalen, an dobäi awer och schonn d'Designsprooch fir déi kommend Modeller virzeechnen. Well elo scho sinn och de Polestar 4, 5 a 6 an der Pipeline.

RTL

© Andy Brücker

Design, Ergonomie a Fuerverhalen

Et ass wéi gesot en SUV. Well een nieft Design awer och vill Wäert op Fuerdynamik leet, huet ee sech zum Zil gesat, déi positiv Erfarungen aus dem Polestar 2 mat eriwwer ze huelen. Et huet een dann och net probéiert, aus dem Polestar 3 en Alleskënner ze maachen, ma hie soll dat wat e maache soll, deementspriechend beschtméiglech maachen.

Et huet ee sech dann och fréi dozou entschloss, dass et kee 7-Sëtzer soll ginn, ma et wëll een den ugebuedene Raum optimal notzen, dass een an der zweeter Rei gutt Plaz huet a sech wuelfillt, an dobäi och nach genuch Plaz an der Mall behält. 484 Liter sinn et am Normalfall, iwwer 1400 wann een déi hënnescht Sëtzer ëmleet.

D'Sëtzer am Auto selwer sinn zimmlech niddreg ugesat ginn, wouduerch een d'Karosserieform manner plomp konnt gestallten an dem Auto méi eng sportlech Linn konnt ginn, wat dann och zu enger besserer Aerodynamik bäidréit.

RTL

© Polestar Media

De Schwéierpunkt vum Polestar 3 läit domat just 10mm méi héich, wéi dee beim Polestar 1, wat extrem soll dozou bäidroen, dass d'Fuerverhalen dann och deementspriechend sportlech kann ausfalen, well den Auto net sou staark hin an hier schaukelt, wann et duerch d'Kéiere geet. Et wollt ee sou no wéi méiglech un d'Fuerverhale vum Polestar 2 erukommen, och wann een et hei mat engem SUV ze dinn huet.

Beim Fuerwierk huet een op e Loftfuerwiek zeréckgegraff, wat all zwou Millisekonnen d'Positioun upasse kann, fir zu all Ament déi optimal Fuerhéicht ze hunn, an dobäi och nach konstant straff ze bleiwen. Wéi sech dat a Realitéit da fuere wäert, gi mer da gewuer, wann d'Press en och bis probéieren däerf.

Fir d'Aerodynamik ze verbesseren, an deementspriechend och d'Autonmie eropzesetzen, gouf un der Front e Spoiler installéiert, dee sech fléissend an den Design vum Auto mat abënnt, dobäi awer erméiglecht, dass et manner Verwirbelunge ginn, an d'Loft méi propper iwwert de Capot no hanne ka geleet ginn.

Och um Heck gëtt et dann e weidere Spoiler, dee fir manner onroueg Loftzirkulatiounen hannert dem Auto suergt. All dëst dréit zu manner Loftwidderstand bäi an deemno zu manner Verbrauch.

Eppes wat zwar sech zwar net sou positiv op de Verbrauch wäert auswierken, dofir awer ëmsou méi praktesch ass, ass de Faite, dass een och eng Attache-Remorque ka montéiere loossen, wat fir Leit, déi sech fir en SUV entscheeden, sécherlech och e wichtegt Argument ka sinn. Bis zu 2,2 Tonne kann een dann zéien.

Vill Technik

Fir dass de Polestar 3 awer och kloer d'Designsprooch vun engem SUV erëmspigelt, well d'Leit dobaussen dat jo ebe grad ze schätze wëssen, huet een d'Front-Partie dann och genotzt an hirer Form, och wann een do keng Ëffnunge brauch fir z.B. e Küler. Alternativ goufen hei eng Hellewull u Sensoren ënnerbruecht, dëst ënnert der sougenannter "SmartZone, wat dann och esou vu bausse kann ofgelies ginn, well et gouf siichtbar am Lack mat integréiert.

RTL

Am ganzen Auto sinn net manner wéi 5 Radar-Moduler verbaut, 5 extern Kameraen an 12 Ultraschall-Sensoren, dëst fir déi ganz Ëmgéigend vum Auto stänneg optimal iwwerwaachen ze kënnen a fir méi Sécherheet ze suergen. De Radar-Modul un der Front ass dann och gehëtzt, fir sécher ze goen, dass Schnéi oder Äis keen Afloss op d'Funktionalitéit hunn. Spéider soll dann och nach de sougenannte LiDAR-System dobäi kommen, mat deem d'Iwwerwaachung, wat virum Auto geschitt, nach besser gëtt, wouduerch dann och e grousse Schrëtt a Richtung autonoomt Fuere gemaach gëtt. Dee System soll vum zweeten Trimester 2023 un am Konfigurator disponibel sinn.

RTL

© Polestar Media

Och am Banneraum sinn zwou Kameraen installéiert, déi zum Beispill d'Aen vum Chauffer iwwerwaachen, fir ze mierken, ob deen z.B. ufänkt midd oder onkonzentréiert ze ginn. Deen Ament gëtt de Chauffer da gewarnt, dass et wuel besser ass eng Paus ze maachen. Ma et gëtt och z.B. iwwerwaacht, ob een net z.B. seng Kanner oder den Hond am Auto vergiess huet, wat leider ëmmer nach dacks geschitt, a bei grousser Hëtzt kann déidlech Konsequenzen hunn.

RTL

© Polestar Media

Fir all déi Donnéeë vun all de Sensoren am Auto an Echtzäit verschaffen ze kënnen, gëtt et eng Collaboratioun mat NVIDIA, eng Firma déi aus der Computerzeen bekannt ass, fir ënner anerem extrem héichwäerteg Prozesseren an der Grafik-Veraarbechtung.

De CEO vu Polestar, den Thomas Ingenlath huet dann nach vun engem weideren Highlight am Polestar 3 geschwat, nämlech vun der Soundanlag. Déi Zäit, wou ee sech doheem gemittlech viru seng Hifi-Surround-Anlag géif sëtzen, fir Musek ze genéissen, wier a sengen Aen eriwwer. Hautdesdaags géif een dat am Auto maachen.

RTL

© Andy Brücker

Dofir huet ee mat Bowers & Wilkins eng komplett nei Soundanlag entwéckelt, mat net manner wéi 25 Lautsprecher, an enger Gesamtleeschtung vun 1.610 Watt. Domat soll e ganz neit Sounderliewnis méiglech sinn.

Nohaltegkeet

E grousst Zil vu Polestar ass et, an Zukunft CO2-Neutral produzéieren ze kënnen. Bis 2030 wëll ee genee dëst erreecht hunn. Dofir schafft een och mat e sëllegen anere Firmen a Startuppen zesummen a leet vill Wäert op Transparenz. Et gi méiglechst vill Materialien genotzt, déi een einfach recycléiere kann, oder déi ëmweltfrëndlech produzéiert goufen. Op d'Material Lieder wëll een net komplett verzichten. Et bitt een et net Standard-méisseg un, ma wann een déi Optioun hëlt, soll d'Lieder vu Fournisseure kommen, déi z.B. fräilafend Béischte fir d'Fleeschproduktioun halen, wou een da kloer novollzéie kann, dass d'Lieder net vun Déieren aus enger Massenzuuchthaltung kommen. Dat Lieder leeft ënnert dem Numm MicroTech.

RTL

© Polestar Media

Et ass jo ëmmer méi dacks de Fall, dass Hiersteller drop setzen, just nach e "veganen" Interieur ze hunn. Do verweist d'Frederika Klarén (Head of Sustainability) awer drop, dass vegan net gläich ëmweltfrëndlech ass. Well do gëtt dann eben dacks op Produiten aus PVC oder PU gesat, wat deementspriechend aus engem Ueleg-Produit entstanen ass.

Am Polestar 3 ginn dann och aner Natur-Fasere genotzt, fir Deeler vum Interieur ze produzéieren, fir dass sou wéineg wéi méiglech Plastik an den Asaz kënnt.

Undriff

Bei der Motoriséierung mierkt een, dass een de Polestar 3 kloer héich am Elektro-SUV-Segment wëll positionéieren. Et ginn 2 Versiounen: eng mat 360kw an 840Nm Dréimoment, an am Performance Pack kritt een 380kw an 910Nm. 380kw si 518PS... dat versprécht. Verbaut ass eng 111 kWh-Batterie, déi eng maximal Autonomie vu 610 Kilometer laut WLTP versprécht. Wéi dat herno an der Realitéit ausgesäit, musse mer gesinn, wa mer den Auto dann och real op der Strooss probéiere kënnen. Ëmmerhi weit de Polestar 3 tëscht 2.584 an 2.670kg, déi mussen och emol a Beweegung gesat a gehale ginn.

RTL

© Polestar Media

Zum direkten, sportlechen, awer och sécherer Fuergefill soll dann och den Torque-Vectoring bäidroen. Hei kommen 2 Kupplungen an den Asaz, déi d'Leeschtung geziilt op dat Rad leede kënnen, wat grad gebraucht gëtt, fir entweder méi gefouert duerch eng Kéier ze kommen, oder fir awer maximalen Undriff no vir ze kréien.

Produktioun a Verkaf

D'Produktioun vum Polestar 3 leeft an enger éischter Phas komplett bei Volvo Cars zu Chengdu a China an éischt Exemplaren sollen Enn 2023 u Clienten ausgeliwwert ginn.

Vu Mëtt 2024 u gëtt dann och eng éischte Kéier an den USA produzéiert, dëst zu Ridgeville /South Carolina, wat e grousse Schrëtt fir Polestar ass. Zil wier et och iergendwann eng Produktioun an Europa ze hunn, do goufen et awer nach keng weider Informatiounen.

Wien sech elo scho fir e Polestar 3 entscheet, kann dëse vun elo un fir e Basispräis vun 85.700€ bestellen. Da kritt een de Modell mat 489 PS an 840Nm Dréimoment. De Sprint vun 0 op 100 soll a 5 Sekonne méiglech sinn an eng Spëtzegeschwindegkeet vun 210 km/h. D'Autonomie soll sech bei deem Modell dann am Beräich vu 600km beweegen.

Wee sech de Polestar 3 live wëll ukucken, fir dee gëtt et an eisem Ëmfeld eng éischt Méiglechkeet op der Brussels Motor Show vum 14.-22. Januar. Et gëtt och dru geschafft, e Modell op den Autofestival zu Lëtzebuerg ze kréien, ma dat ass nach net zu 100% sécher, ob dat klappe wäert.

Bis dohi kënnt dir iech awer scho mol d'Fotoen hei op RTL.lu ukucken, fir iech en éischt Bild dovun ze maachen.

Soubal d'Press de Polestar 3 teste kann, wäerte mer iech matdeelen, wéi vill vun deem wat an der Presentatioun versprach gouf, dann och real ëmgesat gouf.

RTL

© Andy Brücker