• De PLUS

    • Plazoffer a Raumgefill
    • Fuercomfort
    • extrem spuersamen Dieselmotor
  • De MINUS

    • iwweräifregen a ruppege Start/Stopp
    • Traktioun op naasser Strooss
    • Bedénge vum Infotainment

Net virzestellen, mee virun iwwer 20 Joer war tatsächlech net den SUV, mä de Minivan déi populäersten Autoskategorie.

Vu Picasso, Scénic a Co goung et eriwwer bei Kompaktmodeller mat héijem Daach wéi de Pionéier Golf Plus, lescht Iwwerliewenden sinn haut Mercedes B-Klass an de BMW 2er Active Tourer. A genee de Vertrieder aus Bayern hat de Paul Origer fir eis am Test.

Automag: BMW 218d Active Tourer

Zënter Februar steet déi elo 2. Generatioun vum Active Tourer beim Concessionnaire. Wat huet geännert?
Soe mer mol, den 2er Active Tourer – iwweregens gëtt de Gran Tourer net méi gebaut - ass jo kee Van, mee éischter ee Kompakte mat Héichdaach an do fält den Design dacks net esou sportlech aus wéi gewënscht. BMW kritt dat bei der zweeter Generatioun vum Active Tourer awer gutt hin. Et gouf alles un déi aktuell Linn ugepasst, net feelen dierf natierlech déi iwwerdimensional Nier – Affaire de Goût. Och nei sinn d’Klappgrëffer fir d’Dieren opzemaachen, designtechnesch an aerodynamesch vläicht gutt mee am Alldag zimmlech onpraktesch.

RTL

© Paul Origer / RTL

Am Banneraum

Hei bléist grad ewéi baussen ee komplett neie Wand. Dominant ass schonn direkt deen neie groussen Display am Stil vum grousse Brudder iX, an dee Moment och déi neisten Infotainment-Technik. Wat bleift, dat ass dat relativ gutt Raumgefill duerch deen héijen Daach an déi héich Sëtzpositioun. Vill méi lëfteg wéi een 1er awer elo och net, dat een hanne mat Beefräiheet verwinnt gëtt.

RTL

© Paul Origer / RTL

D’Mall ass mat Minimum 470 Liter gutt bemooss, déi verréckelbar Réckbänk an den dräigedeelte Réck maachen den Active Tourer nawell zimmlech variabel. Absolut net ze meckere gëtt et un der Veraarbechtung, hei huet BMW ee gudden Niveau erreecht.

Huet BMW sengem grousse Kompakten dann och déi renomméiert Sportlechkeet mat op de Wee ginn?

Vum Motor hir net, dee war nämlech scho bal exotesch. Mir kruten een 218d, also den 2-Liter-Diesel mat 150 PS a 7-Gang Steptronic a mat ronn 5 Liter esou spuersam, dass et mam optionale groussen Tank labber bis wäit erof an Italien geet. Mee och soss absolut kapabel fir laang Strecken. D’Sëtzer vum M-Sportpaket passe wéi gewinnt exzellent, de Geräischniveau ass extrem niddereg an d’Fiederung trotz M-Paket net iwwerdriwwe sportlech, ouni op déi erwaarten Dynamik ze verzichten. Steierung a Fuerwierk vermëttelen déi typesch Freed um Fueren. Just kënne bei naasser Strooss déi 360 Nm Dréimoment déi zwee viischt Rieder alt mol iwwerfuerderen. An d’Steptronic-Boîte léisst sech besonnesch beim Manövréieren iergendwéi schlecht doséieren.

Den No-Go ass awer den iwweräifrege Start-Stopp, deen den 218d awer och bei all klenger Geleeënheet zoudréint, fir kuerz drop nees mat engem heftege Ruck unzesprangen. Mol séier anzwousch erausfueren ass domat onméiglech a séier ausschalten och net. BMW huet nämlech an der aktueller Knäpperchers-Allergie dësen an een Ënnermenü verluecht, deen een emol siche muss. Do vermësst een awer dee gudden alen i-Drive.

RTL

© Paul Origer / RTL

Präisser

35.100 Euro, do geet et fir en 218d Active Tourer lass. Mat e puer Optiounen, wéi bei eisem Testauto, sinn et der 43.000. Dofir gëtt et vläicht net deen emotionaalste BMW, mä een duerchaus prakteschen an alldagstauglechen Auto.

RTL

© Paul Origer / RTL