Fir d'Weltpremière vum EQE SUV hat sech de CEO vu Mercedes, Ola Källenius selwer op Paräis deplacéiert fir den Auto héchstperséinlech ze presentéieren.

Automag: Mercedes EQE SUV

Eng Presentatioun, wou et awer haaptsächlech ëm deen neien Dolby Sound am Auto gaangen ass. Dee wier esou revolutionär, wéi den Iwwergang vu Mono op Stereo. Bei deem neie System gëtt et eng musikalesch 360 Grad Experienz fir d'Oueren. Et war schonns e bësse komesch, datt  de Sound bei der Presentatioun am Mëttelpunkt stoung an et soss net vill technesch Erklärunge vum Auto goufen. Et ass een awer gewuer ginn, datt Mercedes 10 Joer, respektiv 250.000 Kilometer Garantie op der Batterie gëtt, an datt een net muss op d'Brems trëppelen, fir Energie zeréck ze gewannen.

Nieft dem AMG ginn et 3 Versioune vum EQE SUV. Den 350+, dee just op den hënneschte Rieder ugedriwwe gëtt an 215 kW leescht, den 350 4Matic och mat 215 kW awer 4 Rad gedriwwen an de 500 4Matic mat 300 kW. Mam leschtgenannte soll ee bis zu 547 Kilometer elektresch kënne fueren, bei der méi klenger Versioun 590 Kilometer.

RTL

© Rich Simon / RTL

Den EQE ass mat 4 Meter 86 sécherlech kee kompakten SUV, deen ee liicht ëm den Eck kritt. Dofir gëtt et als Optioun op der hënneschter Achs eng Lenkung vun 10 Grad. Domadder geet de Wendekreess op 10,5 Meter erof, wat 2 Meter manner si wéi ouni déi Optioun. Fir bei den Optiounen ze bleiwen: nieft der normaler Fiederung kann ee sech fir eng  Loftfiederung entscheeden.

RTL

© Rich Simon / RTL

Am Auto huet ee masseg Plaz, souwuel vir wéi och hannen. D'Mall huet 520 Liter normal an 1.675 Liter Stauraum, wann d'Sëtzer ëmgeklappt sinn. Dat léist sech weisen. Knäppercher fënnt ee praktesch keng. Alles ass komplett Digital um Moniteur, souguer d'Auer. Dat ass schued. Vill Premium-Marken halen nämlech nach ëmmer drop, fir eng flott analog Auer an de Cockpit anzebauen.

RTL

Den Ola Källenius, CEO vu Mercedes / © Rich Simon / RTL

Fir de CEO vu Mercedes,  Ola Källenius, ass den EQE wuel kee Meilesteen an der Geschicht vu Mercedes, awer trotzdeem ee ganz wichtegen Auto.

Ola Källenius: "Et ass elo de véierte Member op der elektronescher Architektur. Klass vum E-Segment-SUV ass fir eis weltwäit immens wichteg. Dofir hu mir decidéiert, datt mir iwwer de Produktiounssite, dee mir an Amerika hunn, elo och den Auto a China wäerte bauen."

Net a China mee zu Affalterbach an Däitschland, ass d'Firma AMG. Déi huet schonns méi laang annoncéiert, datt een an Zukunft op elektresch setzt. An dat ass elo mam EQE schonns de Fall. Dee gëtt als 43er mat 350 kW an als 53er mat 505 kW ugebueden. Dee katapultéiert den Auto vun 0 op 100 an 3,5 Sekonnen, bei enger maximaler Vitesse vun 240 Kilometer an enger Autonomie vu maximal 430 Kilometer. Wien un AMG denkt, deen denkt u Motoren mat vill Zylinder, déi Musek fir d'Oueren sinn. An duerch d'Wonner vun der Technik, brauch een och dorobber net ze verzichten. Dat huet den Ola Källenius ënnerstrach.

Ola Källenius: "Performance vum AMG EQE ass immens. A jo, fir déi déi de Sound gären hunn, hu mir ee ganz speziellen AMG Sound fir dësen Auto entwéckelt."

Präisser fir den Mercedes EQE SUV ginn et nach keng. Et ass och nach net sécher, datt den Auto bei eis dat nächste Joer um Autofestival schonns presentéiert gëtt.

RTL

© Rich Simon / RTL

CONCEPT CARS

Nieft der Weltpremière vum EQE SUV hat Mercedes awer och nach 4 sougenannte Concept Cars am Gaart vum Musée Rodin zu Paräis ausgestallt: De Vision EQXX (modèle 1:1), de  Vision AMG, de Projet EQG an de Concept Mercedes-Maybach. Dat wier den éischte Maybach, dee komplett elektresch ënnerwee wier. Op dës Concept Cars awer eng Kéier esou op de Marché kommen ass eng Fro déi an den nächste Jore dierft beäntwert ginn.

RTL

© Rich Simon / RTL

Mercedes huet d'Weltpremière een Dag virun der Ouverture vum Mondial de l'Automobile organiséiert. Um Salon selwer ass déi däitsch Mark, genee wéi vill anerer, awer net mat engem Stand representéiert.