Jaguar F-Type R
-
De PLUS
- Design
- V8-Motor an dozou passende Sound
- Alldagstauglechkeet
-
De MINUS
- Infotainement net grad op der Héicht
- Deels bëllege Plastik
- Iwwersiicht
An dësem Automag komme mer op en Auto ze schwätzen, deen een elo schonn zu enger Raritéit ziele kann.
Et ass e Sportcoupé… ugedriwwe vun engem Verbrennermoto… an deen huet dann och nach 8 Zylinder a brittesch Geenen.
Rieds ass vum Jaguar F-Type, an als extra Bonus nach den Zousazbuchstaw "R", deen an dësem Fall fir d’Topmotoriséierung steet. Anescht wéi soss fänken ech dann och direkt mam Motor un, well dee mécht dach e groussen Ënnerscheed. Et handelt sech heibäi ëm e 5 Liter V8, dee via Kompressor zwangsbeotemt gëtt an dobäi net manner wéi 575 PS a 700NM Dréimoment entwéckelt, ma net nëmmen dat! Dobäi kënnt och nach de wonnerschéine V8-Sound, dee reegelrecht süchteg ka maachen. Beim Virgänger huet den Auspuff nach méi gebraddelt a sech och alt emol verschléckt. Dat ass elo mam OPF e gutt Stéck méi "brav" ginn, ma ëmmer nach schéin nozelauschteren. Virun allem d’Noperen dierfte sech doriwwer freeën.

© Andy Brücker / RTL
Design
Den F-Type ass keng Neientwécklung ma e Facelift. Déi markantsten Ännerung zum Virgänger gesäit een am beschten un der Front. De Grill ass quasi identesch, ma besonnesch de Luuchtendesign huet geännert. Déi si vir nach méi schmuel ginn, a verbreede scho bal e liichten Aston-Martin-Look. Och um Heck sinn d’Luuchten en Tick méi schlank ginn. Fir de Recht behale mer de wonnerschéinen Design , deen och am Alldag ëmmer nees dofir suergt, dass Leit sech nom Auto ëmdréinen… ma net am negative Sënn. Spektakulär gëtt et, wann een de Capot opmécht, deen ass éischtens net just riseg, ma zweetens klappt deen och nach no vir op, wat éischter en ongewinnte Bild ass.

© Andy Brücker / RTL
Egal wou een domat optaucht, hannerléisst een e gudden Androck.
Och am Interieur fillt ee sech wuel. Sportsëtzer am Lieder, grad ewéi vill Elementer um Tableau de Bord an an der Mëttelkonsol, déi och a Lieder gefaasst sinn. Leider ginn et och am F-Type verschidden Elementer, déi an engem net sou héichwäertege Plastik verbaut ginn... bei engem Präis vun iwwer 100.000 Euro, géif ee sech do vläicht aner Léisunge virstelle kënnen.

© Andy Brücker / RTL
Fir déi divers Astellunge vun der Klimaanlag, der Klappesteierung vum Auspuff, dem Start-Stopp, oder de verschiddene Fuermodi, ginn et nach Knäppercher, respektiv Dréireegeler. Där Dréireegeler a Kombinatioun mat engem Taster, ginn et z.B. fir d'Temperatur vun der Klimaanlag, respektiv fir d'Sëtzheizung a Sëtzbelëftung: alles integréiert an engem Reegeler. Dat ass nawell flott a praktesch geléist.
Wat net sou top geléist ass, ass d'Konnektivitéit fir Apple Carplay oder Android Auto. Do brauch een nach ëmmer e Kabel.
Op der Strooss
Wat e besonnesch gutt kann, ass säi Chauffer stressfräi vun A op B ze bréngen. Sief dat am Moiestrafic mat Stau a Stop and Go, wou d’8-Gang Automatik vun ZF ganz relax vu Gang zu Gang schalt, sief et iwwert Landstroosse mat ville Kéieren, wou een och alt emol selwer iwwer d’Schaltpedals matbestëmmt, oder sief et op der Autobunn, wou ee Problemlos all Iwwerhuelmanöver vollzéie kann, ouni vill Distanz ze brauchen. Den Allrad suergt dofir, dass alles ouni vill Drama iwwert d’Bün geet. Am Dynamic-Modus kann een och alt emol den Hënneschte provozéieren e bësse queesch ze goen, awer alles ganz beherrschbar.

© Andy Brücker / RTL
Bei héije Vitesse sollt een net ze hektesch mat der Lenkung ëmgoen, well da mécht ee gär emol e gréissere Sprong no lénks oder riets. Déi dierft fir mäi Gout e besser manner direkt sinn an deene Situatiounen. De Setup an den diverse Fuermodi kann een dann och nach individuell konfiguréieren, sief dat Motor, Boite, Lenkung oder Fuerwierk.
Um Steierrad hu mer dann och déi üblech Knäppercher fir duerch de Menü am Zentraldisplay ze navigéieren. Mir kënnen d'Lautstäerkt vum Radio astellen, d'Sproochsteierung aktivéieren oder d'Heizung vum Steierrad aktivéieren. Ganz praktesch ass de "Set"-Knäppchen. Well mat deem kann ee mat just engem Betätegen direkt säin Tempomat aktivéieren an d'Vitess festleeën, mat där ee fuere wëll, ouni nach separat mussen e weidere Knäppchen ze drécken oder ze bestätegen.

© Andy Brücker / RTL
E separate Knäppche gëtt et dann och nach fir den hënneschte Spoiler erauszefueren, dee soss automatesch an den Asaz kënnt, jee nodeem mat wéi enger Vitess een ënnerwee ass.
Fazit
Den F-Type R ass e perfekten Begleeder am Alldag, wann een net all ze vill Stauraum brauch. E ka gemittlech cruisen, ma huet donieft souvill Leeschtung ënnert der Hauf, dass een a manner wéi 4 Sekonne vun 0 op 100 beschleunegt. Schluss ass eréischt bei Tempo 300! Wann een den ugestriefte WLTP-Verbrauch vun 10,7 Liter op 100km erreeche wëll, da sollt een net all ze dacks mat sou héije Vitessen ënnerwee sinn. Mäi Verbrauch no puer honnert Kilometer loung bei 13,5, wat awer fir e 575 PS V8 nach ëmmer vertriedbar ass.
Den Auto verspreet Eleganz, behält awer Geene vun engem Spëtzesportler. Wee sech an den Design verkuckt huet, kritt schonn en F-Type mat engem 4-Zylinder Motor vun 68.000 Euro un. Fir den F-Type R mam V8 sinn et dann awer knapp 130.000 Euro, virun Optiounen.

© Andy Brücker / RTL