• De PLUS

    • Fuerspaass
    • sportleche Look
    • Motor-Boite Kombinatioun
  • De MINUS

    • Wireless-Handy Charger wollt net ëmmer
    • Fuerwierk fir munchereen ze straff

Haut kucke mer eis am Automag mol nees e Kompaktsportler un. Dee kënnt dës Kéier aus dem Haus BMW an ass aus der Eenter-Baurei.

Den Andy Brücker huet den M135i xDrive getest.

Automag: BMW M135i xDrive

Et ass en Auto, deen et bal net bis an den Testpool gepackt hat bei BMW. De Gros vun eisen Testautoe kënnt jo aus der Belsch, an do gëtt den Auto net wierklech gutt verkaf. Ganz anescht ass et hei zu Lëtzebuerg, do huet den M135i xDrive bei de Cliente grousse Succès. Dofir si mer dann och frou, dass mir e fir iech probéiere konnten.

Optesch mécht de stäerkste Eenter nawell eppes hier. Eng immens muskuléis Carrosserie, grad ewéi den M-Logo loosse keen Zweiwel opkommen, dass hei e Sportler virun engem steet.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Op der Strooss

Nodeems et zimlech Kritik um Fuerwierk gouf, huet BMW hei nach emol nogeluecht. En huet elo ënnert anerem méi Stuerz op der viischter Achs, wat bei sportlecher Fuerweis an de Kéiere fir eng besser Stroosselag suergt. Et goufen aner Lager verbaut an och de Fieder- an Dämpfersystem gouf nei ofgestëmmt. Wann ee gemittlech ënnerwee ass, léisst d’Fuerwierk ëmmer nach déi eng oder aner Knupp zimlech ongefierdert bis an den Interieur duerch. Ma wann ee sech e Kompaktsportler mat engem M am Logo gënnt, musse een domat rechnen, dass dëse seng Stäerken net beim Komfort huet. Bei méi héije Vitessen huet een en immens gutt Fuergefill, mat enger präziser Lenkung an Ënnersteiere kennt den M135i quasi net. Ausser op fiichter Streck, do waren déi montéiert Bridgestone-Pneuen am 18 Zoll net op der Héicht.

Op der däitscher Autobunn vum Nürburgring nees heem hat ech deels Streckenabschnitter, wou ech bei héijer Vitess éischter iwwert d’Strooss gehoppelt sinn, wéi dass ech driwwer gefuer wier.

D’Leeschtung vun 306 PS an 450NM Dréimoment gëtt aus engem 2-Liter Véierzylinder mat Singleturbo produzéiert. Domat ass de Sprint vun 0 op 100 a 4,8 Sekonne méiglech an d’Spëtzegeschwindegkeet ass mat 250km/h uginn, wat ech och esou bestätege kann. Weien deet de klengen M iwwregens 1.525kg.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Geschalt gëtt den Allradler iwwert eng 8-Stufenautomatik,déi bei spontanen Acceleratiounswënsch fir mäi Begrëff en Tick ze laang brauch. Ma dofir huet ee jo d’Schaltpadels, a kann et do da selwer besser maachen.

No knapp iwwer 600km mam M135i xDrive louch mäi Vebrauch bei ganz verstännege 7,8 Liter op 100km.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Interieur

Ze recommandéiere sinn déi astellbar M-Sportsëtzer, bei deenen een de Säitenhalt elektresch astelle kann… gäre méi enk wann ee sportlech ënnerwee ass, gäre manner wann ee just gemittlech akafe fuere geet. Wann ee gemittlech ënnerwee wëll sinn, sollt een net am Sportmodus sinn, well dann ass d’Gasunnam dann dach zimmlech aggressiv a spatz… dat ass näischt fir den normale Stroosseverkéier am Alldag.

RTL

© Andy Brücker / RTL

D’Steierrad mam M-Logo ass zimmlech déck, wat mech awer net gestéiert huet. D’Manipulatioun vun den diverse Menüe funktionéiert ouni gréisser Problemer. Déi wichtegst Funktioune vu Klima a Radio sinn ëmmer nach via Knäppercher accessibel. MERCI dofir!
Merci och fir den Android-Auto, deen hei ouni Kabel funktionéiert, wat leider nach ëmmer net bei all den neien Autoe Standard ass.

Präis
Präislech geet et lass bei bal 53.000 Euro an der Basis. Mat diversen Optiounen, déi een och huele sollt, ass een awer ganz séier bei iwwer 60.000 Euro. D’Konkurrenzmodeller aus dem Haus VW oder Mercedes leien an änleche Präissegmenter.

RTL

© Andy Brücker / RTL