• De PLUS

    • Gudden Handling
    • Präis/Leeschtung
    • Vill Plaz bannen
  • De MINUS

    • CVT-Boîte
    • Vill Kaméidi am 1.8 Liter

Am Automag vun haut presentéiert mir iech ee Dauerbrenner aus Japan. An dat ass den Toyota Corolla, deen elo als Cross an Europa kënnt.

Et ass een Auto, deen elo schonns zanter iwwer 50 Joer gebaut gëtt an nach ëmmer ganz gutt verkaaft gëtt. De Rich Simon huet fir eis den neiste Modell getest.

Automag: Toyota Corolla Cross

Dësen Autotest fänke mir mol mat enger Quizfro un: Wat fir een Auto gouf bis elo am meeschten Weltwäit verkaaft? D'Äntwert ass: Den Toyota Corolla. Ronn 50 Millioune sinn der bis elo verkaaft ginn. Zanter 1966, wou den éischte Modell presentéiert gouf, ass de Corolla ee sougenannten Dauerbrenner, deen elo als Cross an Europa kënnt. An Asien an och an den USA gëtt et de Corolla Cross schonns zanter dem leschte Joer. Fir den europäesche Marché sinn e puer Upassungen am Design gemaach ginn. Déi een awer just ënnert der Lupp feststelle kann.

RTL

© Rich Simon / RTL

Den Undriff

Den Toyota Corolla Cross gëtt et just als Hybrid. Een 1.8 Liter mat 140 Päerd an een 2 Liter mat 197 Päerd. Dee méi klenge Modell dierft et awer schwéier kréie fir sech géint dee méi groussen ze behaapten. Mat deenen 140 Päerd bei 1.440 Kilo Gewiicht, deet de Corolla Cross sech schwéier. Et kënnt een net esou richteg vun der Plaz an de Motor muss gewalteg schaffen, an dat héiert ee bannen am Auto nawell zerguttst. Anescht ass dat beim 2 Liter mat knappen 200 Päerd. Déi kann ee schonns als praktesch ideal fir den Auto ugesinn. De Sprint vun 0 op 100 packt hien a 7,5 Sekonnen. Hei kann een iwwregens tëscht 2 Rad a 4 Rad gedriwwe wielen, wat beim 1.8 Liter net de Fall ass. Beim 4 Rad ugedriwwene komme 40 Elektro Päerd op der hënneschter Achs an den Asaz. A Propos Elektro: Ouni Batterie keng Hybrid Technik. Déi ass vis à vis vum Virgängermodell ëm 14 Prozent méi liicht ginn an bréngt awer 14 Prozent méi Leeschtung. De Killsystem vun der Batterie gouf och verbessert. Domadder soll se eng méi laang Autonomie hunn a méi lues sinn.

Op der Strooss

Den Auto fiert sech gutt, dat muss ee ganz einfach esou soen. Keen Iwwer- a keen Ënnersteieren. D'Scheiwebremse vir an hannen, maache wat se ze maachen hunn an et fillt ee sech souwuel op enke Stroossen, wéi och op der Autobunn wuel. Elo awer zum deem net esou Gudden. Toyota Ingenieure si Fan vun der CVT Boîte. Soss ass et net ze verstoen, datt se weider dru festhalen. Déi Boîte mécht einfach kee Spaass. Weder am Aygo, dee mir am Test haten, nach elo am Corolla Cross. Och wann ee sech un automatesch Boîte gewinnt huet, bei der CVT Boîte vun Toyota, wënscht ee sech eng gutt al manuell zeréck. Déi ass awer beim Corolla Cross net ze kréien.

Den Design

Deen ass sécherlech net revolutionär. Et ass een SUV ënnert Villen, mam markanten grousse Külergrill, dee sech bei praktesch all de Marken duerchgesat huet, an de schmuele viischten an hënneschte Luuchten. Bannen am Auto ass alles Toyota-typesch uerdentlech sortéiert, ouni datt een awer esou ee richtegen Highlight huet. Been- a Kappfräiheet huet ee genuch. Déi viischt Sëtzer si fir mäin Deel ze mëll a kéinten och e bësse méi Säitenhalt bidden.

RTL

© Rich Simon / RTL

Een SUV keeft ee sech am Prinzip net als Jonggesell, mee et ass ee Familljenauto, mat deem een och emol an d'Vakanz fiert. An hei spillt d'Mall eng wichteg Roll. 433 Liter normal, dat léist sech weisen, a wann de Récksëtz ëmgeklappt ass, da sinn et ëmmerhin 1.337 Liter. Dobäi ass keng Kannt an der Mall, esou datt een all säi Bagage, gutt era getässelt kritt.

De Verbrauch

De Verbrauch gëtt Toyota beim 2 Liter 4-Rad-ugedriwwene mat 5,3 bis 5,6 Liter un. Bei der Testfaart, wou schéin no Code de la Route gefuer gouf, stoungen um Enn 5,5 Liter zu Buch. Dat ass ganz gutt!

Präisser

D'Präisser fir den Toyota Corolla Cross fänke fir den 2 Liter 2-Rad-ugedriwwene bei 34.240 Euro un, fir dee mat 4-Rad-Undriff bei 38.285 Euro. Präisser fir den 1.8 Liter sinn nach net bekannt. Dee kënnt réischt am 2. Quartal dat nächste Joer op Lëtzebuerg.

Nieft dem Corolla Hatchback an dem Touring Sports gëtt et elo also de Cross. An deen dierft och nach zu der Successtory vun deem Toyota Modell bäidroen.

RTL

© Rich Simon / RTL