• De PLUS

    • Plazoffer an de Reien 1 an 2 a grouss Mall
    • doucen Undriff
    • Fuerconfort
  • De MINUS

    • Rei 3 just fir kleng Passagéier
    • Bensin-Motor ënner laascht zimmlech present am Banneraum
    • Spritspuerpotential?

Mat Terrano, Pathfinder a Patrol war Nissan schonn ëmmer am Offroad-Beräich aktiv – 2001 gouf du mam éischten X-Trail op den SUV-Zuch opgesprongen.

Elo huet Nissan a Slowenien déi fonkelnei 4. Generatioun virgestallt an de Paul Origer war fir eis derbäi.

Automag: Nissan X-Trail

SUV ginn et jo en masse a quasi all Mark huet op d’mannst een an der Gamm. Wat mécht déi neist Generatioun dann esou besonnesch?

Den X-Trail war effektiv ee vun deenen éischten a senger Klass a bleift och elo an der 4. Generatioun senge Grond-Charakteristiken trei. Dat wier engersäits deen typeschen “rough & tough” Offroad-Look, deen an dëser Klass éischter raren Allradundriff an de geraimege Banneraum. Schliisslech goufen zanter iwwer 20 Joer schonn 3 Milliounen X-Trail weltwäit verkaf, also muss dat Konzept gutt ukommen. D’Nummer 4 ass elo deen eenzegen elektrifizéierte 7-Sëtzer a sengem Segment, heescht an dëser Gréisst a Präisklass. Dat versicht Nissan natierlech och optesch uspriechend ze verpaken.

RTL

© Paul Origer / RTL

Den Design ass zimmlech vertikal, déi grouss Radkëschten, déi relativ bulleg Front an déi héich Taille signaliséieren: deen heiten Auto kann iwwerall fueren. Bannenan gouf op Qualitéit a Léift fir den Detail gesat. Wéi üblech ginn et hei zwee grouss 12-Zoll-Schiermer, een Headup-Display an, zum Gléck nach, klassesch Knäpp fir Klima a Co.

E 7-Sëtzer mat relativ kompakte Moossen, ass dat méiglech?

U sech ass den X-Trail, besonnesch mat e puer Zentimeter méi an der Héicht an an der Breet, e geraimegen a lëftege 5-Sëtzer, wat ech och bestätege kann. Déi zwou Plazen an der drëtter Rei sinn awer éischter fir den Noutfall an och fir Leit, déi net méi grouss wéi 1m60 sinn. Soss dominéieren déi praktesch Atouten: eng verréckelbar Réckbänk, Dieren déi wäit opginn, vill Stauraum – am Fong alles wat soss ee Minivan matbruecht huet, inklusiv eng grouss Mall vun 575 Liter.

RTL

© Paul Origer / RTL

Elektrifizéiert – awer net reng elektresch?

Nee, dat schonn emol direkt: Nissan proposéiert den X-Trail mat 3 Motorisatiounen; als Mildhybrid an, esou wéi mir en am Test haten, an der e-Power-Versioun als 2- oder 4-Rad. Nissan gesäit nämlech déi Ausféierung souzesoen als Iwwergang zum vollelektreschen Undriff. En Elektromotor dreift ëmmer ganz eleng d’Rieder un, jee no Ausféierung och als e-4orce mat engem zweete Motor un der hënneschter Achs an Allradundriff. Seng Energie kritt en aus de Batterien aus dem Autosbuedem, awer och vun engem Generator, dee sengersäits vun engem 3-Zylinder-Turbo mat variabeler Kompressioun ugedriwwe gëtt. E bëssen änlech wéi schonn 2012 deen éischten Opel Ampera.

RTL

© Paul Origer / RTL

De Virdeel vun deem System ass natierlech déi enorm Lafrou an dat “smooth’t” Fueren, spréch keng Gangwiessel a kee Gerucks. Den Undriff sprécht och ëmmer vif un. Reng elektresch geet och relativ dacks, meeschtens leeft de Bensinner awer diskret mat. Sportlech fuere wier dank dem gutt ofgestëmmte Fuerwierk an dem Torque Vectoring esouguer och méiglech, d’Gewiicht vu gutt 1800 Kilo bréngt awer de Motor onnéideg op Touren, an déi 213 PS vun der Topversioun séier un d’Grenzen. Relax cruisen a laang Strecken leien dem X-Trail dofir éischter. Obwuel, Offroad kann en och, wéi mer op engem spezielle Circuit erausfannen duerften.

RTL

© Paul Origer / RTL

Also schonn een ausgewuessenen Auto mat vill Notzwäert. Wéi läit deen neien X-Trail da präislech?

Do geet et bei ronn 42.000 € fir de mildhybrid lass. Eis Allrad-Topversioun kënnt op 53.500 €. Ob een elo beim Verbrauch spuere kann? Dat wäert en Alldagstest weisen, tëscht 6 an 9 Liter lounge mer op jiddefalls bei der Presentatioun.