• De PLUS

    • Design
    • Equipement, Infotainment
    • Plazverhältnisser
  • De MINUS

    • Gewiicht par Rapport zu Leeschtung

Am Automag vun haut ass rieds vun engem Gefier, wat a Richtung Undriff a Karosserie-Form déi nächst Joren op eisem Stroossebild dominéiere wäert.

Deemno geet et ëm Elektro an SUV… an dësem Fall aus dem Haus Skoda. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun hat den Enyaq Coupé RS am Test.

Automag: Skoda Enyaq Coupé RS

Et war ee laange Wee, bis de Rendez-vous endlech stoung… well den Auto huet elo scho vill Succès, ma ass nach net wierklech a groussen Zuelen disponibel.

De Skoda Enyaq Coupé RS fält op… op alle Fall, wann een en an der Mamba-Gréng fiert, wéi mir en als Testauto haten. Derbäi koum hei och nach de groussen opfällege Lettrage, deen ech léiwer net um Auto gehat hätt. Dacks hu Leit sech nom Auto ëmgedréint an et ass ënnert anerem och emol en Här mat senger Mercedes C-Klass beim Haus bäigefuer an ass erausgeklomm, fir sech den Enyaq méi genee unzekucken. Den Interessi ass also do, ma Design an Optrëtt ass net alles.

Op der Strooss

Wéi schonn üblech an de leschte Joren… d’Autoe ginn ëmmer méi schwéier. En Enyaq RS weit iwwer 2,2 Tonnen. Fir dat RS-gerecht beweegen ze kënnen, brauch ee Leeschtung. Beim Enyaq sinn et 220kw, also 299 PS an 460 NM. Dat ass de stäerkste Skoda dee jee op de Marché komm ass, ma wierklech Beschleunegungsorgien däerf ee sech net erwaarden. E geet scho gutt virun, ma dee Kick deen ee bei aneren Elektroautoe kritt, wann een d’Pedall voll duerchtrëppelt, dee kritt een hei net. De Sprint vun 0 op 100 geet ëmmer nach a gudde 6,…. Sekonnen, a Schluss ass bei 180 km/h. Dat si gutt Wäerter, ma eventuell en Tick ze wéineg RS-like? Dat mussen d'Cliente fir sech decidéieren.

Beim Fuerwierk ass een och e Kompromëss agaangen. Et bleift e bequem ze fueren SUV, deem een bei méi sportlecher Fuerweis natierlech säi Gewiicht umierkt. D’Wankbeweegungen hale sech awer a Grenzen.

D’Schëldererkennung a Kombinatioun mam Tempomat hat Héichten an Déiften. Kilometerlaang huet et immens gutt geklappt, och mat automatescher Tempoupassung. Knapps hat ech mat dat als positiv opgeschriwwen, huet den Enyaq dann op der National 4 op eemol vun Tempo 120 op 30 ofgebremst... aus dem Näischt eraus. Wisou, weess ech bis haut nach net.

Interieur

Hei huet Skoda exzellent Aarbecht geleescht. De Cockpit wierkt héichwäerteg an et gouf ënner anerem vill Alcantara verschafft, och do, wou ee mol méi dacks hautkontakt mam Auto huet. Z.B. wann een den Touchscreen bedénge wëll an ee seng Hand um Tableau de Bord ofstäipt. Et ass just e klengen Detail, deen awer e Gefill vun Héichwäertegkeet hannerléisst.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Positiv ass dann och, dass am Navi op der Kaart wärend dem Fueren ugewise gëtt, wéi eng Luedstatiounen an der Géigend sinn, a mat wéi vill kW een do luede kann. Dat feelt a villen aneren Elektroautoen.

Ech hat liicht bedenke wat d’Plazverhältnisser am Enyaq RS ugeet, well et schliisslech e Coupé ass. Ëmsou méi positiv iwwerrascht war ech um Enn. Ech hat kuerzerhand 2 Kolleegen hannen an déi zweet Rei gesat, déi béid ëm 1m90 grouss waren. Iwwert hirem Kapp hate se nach ëmmer puer Zentimeter Plaz, an och d’Been hunn net musse gequetscht ginn. Grousse Pluspunkt also.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Zum normalen Enyaq verléiert een zwar e bëssen u Volumen an der Mall, besonnesch bei ëmgeluechte Sëtzer, ma mat 570, respektiv 1610 Liter ass ëmmer nach masseg Plaz. Just an der Héicht geet do eben e bësse verluer. Gutt ass dann awer och, dass een ënner dem Mallebuedem nach Plaz huet, fir z:B. de Luedkabel ze verstauen, oder soss déi eng oder aner Klengegkeet, déi dann net an der Mall hin an hier rutscht beim Fueren.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Fazit

Et ass optesch en uspriechenden Elektro-SUV-Coupé, deen am Interieur mat senger Veraarbechtung ze iwwerzeege weess an och nach vill Plaz matbréngt. Fiert ee vill Autobunn, kann ee vun enger Autonomie vun 280km ausgoen, soss am Mix mat 350km, dat mat der 82 kWh-Batterie. Den RS-Feeling a Look muss een awer och bezuelen. Lass geet et bei bal 59.000 Euro, wou scho vill Equipement an der Basis mat dran eis. Eisen Testauto koum op bal 68.000 Euro.

RTL

© Andy Brücker / RTL