• De PLUS

    • Verbrauch
    • Fuerwierk
    • Iwwersiicht
  • De MINUS

    • langweilegen Design
    • Veraarbechtung mat Loft no uewen
    • kuerz Sëtzer mat wéineg Säitenhalt

Am Automag vun haut hu mer Rendez-vous mat engem ale Bekannten, dem Honda Civic. Viru 50 Joer koum déi éischt Generatioun op de Marché.

Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp huet sech fir den Anniversaire déi 11. Generatioun am Detail ugekuckt. An do ännert esou munches.

Automag: Honda Civic e:HEV

Den Design

De Civic huet schonn ëmmer polariséiert, an dat kéint och esou bleiwen : hunn d’Virgänger éischter un en UFO erënnert, ass et elo e radikalen Design-Wiessel deen dem Civic-Fan ze schafe mécht. Aus dem Eye-Catcher ass nämlech eng relative stänneg Limousine ginn. Aus de Kanner gi Leit. A wéi bei eis Mënschen léisst d’Sportlechkeet mam Alter ganz dacks no.

Gréisste Changement

Genee esou radikal ewéi beim Design, ass Honda och beim Undriff gewiescht. Den neie Civic gëtt et eenzeg an eleng als e:HEV-Hybrid. A genee hei gëtt et méi technesch: Honda kombinéiert nämlech en 2-Liter Bensinner mat zwee Elektromotoren. Ouni dem Chauffer de Choix ze loossen, wiessele sech Elektro-, Hybrid a Motorundriff ënnerteneen of. Hybrid heescht an dësem Fall awer weiderhin reng elektresch. De Verbrenner suergt nämlech net fir den Undriff vun de Rieder, mee e produzéiert als Generatrice de Stroum fir den Elektromotor. Eréischt op der Autobunn, wou konstant héich Vitesse gefuer ginn, suergt de Verbrenner fir den Undriff vun de Rieder.

RTL

© Akim Schmit / RTL

D’Systemleeschtung läit bei 184 Päerd an 315 Nm Dréimoment, wat duergeet, fir dem Civic Been ze maachen. 143 Päerd leescht dobäi de Verbrenner, 135 kW komme vum Elektromotor. Als einfachen Hybrid spuere mer eis d’Kapitel iwwer elektresch Reechwäit, Chargeuren a Batteriecapacitéiten. Nëmmen esouvill: um Enn vum Test bei verstännegen 4,7 Liter op 100 km.

Op der Strooss

D’Konzept de Verbrenner an éischter Linn fir d’Stroumproduktioun ze notzen ass net nei. Allerdéngs hunn d’Ingenieuren e weider perfektionéiert. D’Iwwergäng si fléissend an net ze bemierken, de Civic hänkt gutt um Gas a verhält sech de Gros vun der Zäit ewéi e rengen Elektroauto: roueg an untrëttsstaark wann een et drop ukomme léisst. Et ass eréischt dann, wann de Verbrenner sech akustesch mat engem simuléierte sportleche Sound mellt. 7,5 Sekonnen dauert de Sprint op Tempo 100, bei 180 km/h ass Schluss. D’Fuerwierk ass agreabel straff ofgestëmmt ouni dass et fir d’Bandscheiwe geet. D’Steierung kéint allerdéngs eng Grëtz méi direkt sinn. E bësse méi Feedback wier net verkéiert.

RTL

© Akim Schmit / RTL

Am Resumé

Beim Civic huet Honda et fäerdeg bruecht komplex Technik esou ze verbauen dass se liicht ze benotzen ass an och an der Praxis dat hält, wat se versprécht, nämlech spuersam vun A op B ze kommen. Mee net alles ass gutt gelongen: d’Veraarbechtung kéint nach verbessert ginn, d’Sëtzer si relativ einfach a kuerz gehalen an d’Plaz an der zweeter Rei tëscht Tuppi an Dachhimmel ass limitéiert. Ënnert dem Stréch huet den Honda Civic a senger 11. Generatioun e gudden Androck hannerlooss.

RTL

© Akim Schmit / RTL

A wien mam Hybrid näischt ufänke kann: den Civic Type R soll 2023 a senger bekannter Form kommen. Mat 2-Liter Turbobensinner a méi wéi 300 Päerd. Deemno eng „affaire à suivre“.