• De PLUS

    • Fuerleeschtungen
    • Plaz
    • Confort
  • De MINUS

    • Verbrauch (24kw)
    • Präis + Optiounen

Haut komme mir iech am Automag mat engem ganz staarken Elektroauto gefuer. Et ass mam BMW iX M60 e Power-SUV.

Ob de Spagat geléngt, dat huet de Christian Schmit erausfonnt, well deen hat d'Chance en ze probéieren.

Automag: BMW iX M60

Et war schonn eppes Besonnesches, dee bayresche Gigant ze beweegen. Gigantesch op der ganzer Linn. 4m95 laang, 1m96 breet steet e vrun engem, an als Topversioun eben den M60 da mat 619 PS an 1100 Newtonmeter Dréimoment an eng ganz Leeschtungsstaark Batterie vun 105 kw.

Do muss e sech jo wuel net iwwer d'Fuerleschtunge beschwéieren?

Ganz a guer net. Wann een elo weess, dass de BMW iX M60 a knapps 4 Sekonnen op 100 ass, an dat bei bal 2,6 Tonne Gewiicht, an eben déi 1100 Newtonmeter Dréimoment, dat ass schonn impressionant. An d'Kraaft kënnt linear op de Makadamm, a mat der X-drive Traktioun och permanent. An eréischt bei 250 km/h ass Schluss.

Wien awer ze dacks am héije Vitesseberäich ënnerwee ass, riskéiert Punkten, a gesäit d'Autonomie fale wéi d'Nole vum Dännebeemchen an der Stuff Mëtt Januar.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Wéi ass et mat der Autonomie?

Also ech hunn et ausprobéiert, op engem Ausflug op Köln. Mat esou enger "Grande routière" dierft dat jo kee Problem sinn. Eng 500km ginn um Depart op der Musel zu Réimech affichéiert. 235km rechent de Bordcomputer aus bis mir virum Doum stéingen.

No 2 Stonnen ass deem och esou, awer di fräi Autobunn-Passagen an Däitschland um Samschdegmoien hunn e Verbrauch vun iwwer 24 kw mat sech bruecht. 190km Autonomie bleiwen nach just, trotz Rekuperatioun beim Bremsen.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Also maache mir eis op d'Sich no Elektrobornen. Därer si wuel ganz vill zu Colonia. Mee deelweis esou enk, dass eist Münchener Flagschëff dofir ze grouss ass. Oder besat, haaptsächlech mat Plug-In Hybrid Gefierer, déi esou eng kamoud Parkplaz fannen.

An esou verbrénge mir 1 1/2 Stonn, bis mir dierfe lueden, nodeems mir mat vill Gedold eng App vum Provider erofgelueden haten. Well eng séier Luedstatioun, déi déi vu BMW mat geliwwert Charging Kart partout net liese wollt.

Do bleift also nach munches ze verbesseren. Zeréck zum Auto, wéi confortabel reest et sech dann am BMW iX M60?

Ganz souverän. Loftfiederung, 4 Rad Traktioun an di "mitlenkende Hinterachse" wéi di Däitsch dat nennen, suerge fir e ganzt agreabelt Fuergefill. Eng Symbiose tëscht Agilitéit a Confort. De risege BMW léisst sech nawell Spilles dirigéieren a manövréieren.

Kloer, déi 2,6 Tonne loosse sech nawell net verstoppen, mä dat mierkt ee just bei méi héijer Vitesse an de Kéieren. An de bequeme Sesselen, déi sech hëtzen a kille loossen, ass e beschtens opgehuewe fir op d'Rees. Jo esou guer do wou d'Äerm opleie gëtt mat gehëtzt.

RTL

© Christian Schmit / RTL

Di Holzverkleedung an der Mëttelkonsol soll wuel e Stéck Nostalgie am soss dach sterillen Interieur erëmspigelen. A punkto Info- an Entertainment gëtt alles gebuede wat uptodate ass. Mee et brauch een Zäit, fir sech zurecht ze fannen an der Welt vu Scrollen an Touchen.

RTL

© Christian Schmit / RTL

A wat kascht dann dee groussen Elektro-Luxus-Liner?

Do bleift BMW sech trei, an och bei E-Autoen ginn et ganz laang Optiounslëschten. An eisem Fall stounge fir de BMW iX M60 um Enn 138.500 Euro an der Präislëscht, fir e BMW, deen de Spagat wot mat Mega-Power a Mega-Batterie, an esou dat Bescht aus 3 BMW Welte bitt. Mat Freed um Fuere ganz gewëss, mee gesäit esou e Klimaretter-Gefier aus, dat hunn ech mech scho gefrot?

Eng Fro ob déi dir vläicht eng Äntwert fannt wann dir d'Fotoe vum BMW iX M60 kuckt.

RTL

© Christian Schmit / RTL