• De PLUS

    • Rassegen Design
    • Alldagstauglechkeet
  • De MINUS

    • Touch-Knäppercher um Steierrad
    • Fuerleeschtungen entspriechen net dem Look vum Auto

Am September 2021 ware mer op der Presentatioun vum Cupra Born dobäi. Elo gouf et d'Geleeënheet den Auto hei op de Stroossen ze probéieren.

Den Andy Brücker huet sech där Saach ugeholl.

Automag: Cupra Born

Virop emol erwäänt, dass ech eigentlech en aneren Auto fuere sollt déi Zäit, ma dee war kuerzerhand net disponibel, wouropshin de Cupra Born mir als Alternativ ugebuede gouf. De Cupra Born ass jo de Brudder vum Volkswagen ID.3, a meng éischt Erfarunge mat deem Auto waren éischter gepräägt vu ville Problemer mat der Bord-Elektronik. Deementspriechend skeptesch sinn ech un déi Saach erugaangen. Do gouf zum Gléck awer mëttlerweil nogebessert, sou dass dat kee Problem méi duerstellt.

Den Design

Wat den Design ugeet, steet de Cupra definitiv vill méi present do, wéi den ID.3.
Spoiler hannen, breet Säiteschweller, Diffusor, eng dynamesch Front mat ganz schmuele Luuchten. Also e mécht schonn eppes hier a wierkt éischter aggressiv am Verglach mam "brave" Brudder aus dem Haus VW.

Am Interieur geet et dann och weider. Ëmmer nees falen engem 3D-Designelementer op, sief et um Table de Bord oder um Dierpanneau, déi un eng Raut oder och un e Feil erënneren. Kuckt iech et selwer op de Fotoen un. Déi Designelementer gesäit een iwwregens och baussen un der C-Sail vum Auto.

RTL

© Andy Brücker / RTL

De klenge 5,3 Zoll Display hannert dem Steierrad weist just déi wichtegst Informatiounen un. An der Mëtt steet dann den 12 Zoll groussen Touchscreen, fir d’Bedéngung vun allen Astellungen an Infotainment-Gespills.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Op der Strooss

De Born wierkt vum Optrëtt hir sportlech an dynamesch, ma fueren deet e sech eigentlech zimmlech neutral, dat wëll awer net heesche langweileg. En ass halt elo net sou sportlech ofgestëmmt, wéi een dat vum Look hir kéint erwaarden. Eisen Testauto hat 150kw, also knapp iwwer 200 PS an 310 Newtonmeter Dréimoment. Bei engem Auto vun iwwer 1700kg kann ee sech do keng Wonner erwaarden. Fir de Sprint vun 0 op 100 brauch ee ronn 7 Sekonnen. Schluss ass bei Tempo 160.

Mat der 58 kw/h-Batterie soll ee ganzer 418 km wäit kommen am Mix aus Autobunn, Stad a Landstrooss. Op dee Wäert sinn ech net wierklech komm. Et gëtt e Stroumverbrauch vu 15,7 kw/h uginn op 100km. Meng Moyenne louch bei 20,6, woubäi ech awer soe muss, do war vergläichsweis vill Autobunn, respektiv Schnellstrooss an der Belsch mat dobäi, wou een Tempo 120 fueren däerf. Ëm 350km mat voll geluedener Batterie si sécherlech méiglech, wann ee wéi gesot net just op der Autobunn ënnerwee ass.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Luede geet mat Wiesselstroum mat 11kw. Da musse ee gutt 6,5 Stonnen arechnen, fir d'Batterie nees komplett voll ze kréien. Op enger Schnell-Luedstatioun kann een och mat 120kw lueden, dann dauert de Luedvirgang bis 80% wuel eng hallef Stonn, wat ech awer net ausprobéiert hunn.

Ech war mam Auto bis op Huy an der Belsch, an do war ech frou am Nopeschduerf iwwerhaapt eng normal Luedstatioun ze fannen… ma eng Schnell-Luedstatioun war do wäit a breet néierens. Et waren iwwerhaapt a ganz Huy just 2 oder 3 Luedstatiounen ingesamt opgelëscht, wat scho liicht komesch ass, wann en Atomkraaftwierk Loftlinn just 1km wäit ewech steet (Tihange).  Do gesäit een, dass mer hei zu Lëtzebuerg nawell zimmlech verwinnt sinn mat Luedstatiounen… naja… ausser mat Schnelllued-Statiounen, där feelen ëmmer nach massiv, ma dat ass en anert Thema.

Wann ee luede muss, brauch een och e Kabel. Do ass beim Born positiv ze erwänen, dass een an der Mall en duebele Buedem huet, ënnert deem de Kabel labber ënner kënnt an en deementspriechend net an der Mall hënnert.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Dat nervt

D’Touch-Knäppercher um Steierrad. Déi brauch een z.B. wann een d’Lautstäerkt vum Radio méi haart oder méi lues maache wëll. Et huet ee kee richtegt Gefill dofir, also ech zumindest net. Mol hunn ech wuel net fest genuch gedréckt, dann ze fest, dann net richteg "geslide"... ma beim Parke mol kuerz dowidder komm, a schonn huet e reagéiert. Also ech weess net wéi dat Konzept richteg funktionéiere soll, ma w.e.g. ännert dat!

Fazit

Wee sech tëscht VW ID.3 a Cupra Born entscheede wëll, dee mécht dat haaptsächlech vum Look ofhängeg, respektiv vun der Preferenz fir déi eng oder aner Mark. Technesch gëtt et elo näischt wou ee géif soen: DAT mécht deen oder dee vill besser.
Präislech geet et lass bei ronn 42.500 Euro. En ID.3 ass do an der Basis eng 2.500 Euro méi bëlleg, wat natierlech och en Argument ka sinn.

Eisen Testauto mat 19 Zoll Felgen, anere Sëtzer, Wärmepompel, zousätzlechen Assistenzsystemer a Garantieverlängerung koum op 50.240 Euro.

RTL

© Andy Brücker / RTL