• De PLUS

    • Design
    • Confort
    • Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Kniwwelegen Infotainment
    • Ageschränkte Mall

Kapp oder Bauch – wat entscheet bei iech wann der een Auto kaaft? Definitiv an der Kategorie Bauch lant den neien Auto vun haut, de Peugeot 408.

Firwat dat esou ass, dat huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Sitges erausfonnt.

Automag: Peugeot 408

Paul, ech ginn emol dovunner aus datt eng Bauch-Entscheedung vum Design stimuléiert gëtt?

Definitiv, an dat Peugeot mam Design eng glécklech Hand huet, beweist hir aktuell Gamm. Egal op 208, 308 oder 508, do kann ech vu kengem soen, datt ech deen net flott fannen. De 408 passt zueleméisseg elo genee tëscht 308 a 508, mat 4m68 ass hien 32 cm méi laang wéi den 308, awer just 6 cm méi kuerz wéi de grousse Brudder 508. Mee elo genuch mat den Zuelen, du wolls jo wësse wéi en ausgesäit.

RTL

© Paul Origer / RTL

Esou richteg an eng Kategorie léisst e sech net klasséieren. Mat ville schwaarze Plastiksapplikatiounen an der relativ grousser Buedemfräiheet kéint een en als SUV ofstempelen, déi geduckte Karosserie a virun allem deen elegante Fastback weisen awer éischter a Richtung Coupé. Awer ee mat 4 Dieren a grousser Klapp, also och iergendwéi méi praktesch.

RTL

© Paul Origer / RTL

Stëmmt dat och an der Praxis, wéi ass et dann zum Beispill mat der Plaz bannenan?

Déi huet erstaunlecherweis net ze vill ënnert dem Design gelidden. Ech hunn natierlech direkt missen déi hënnescht Plazen testen – oh hei, den Daachhimmel huet tatsächlech net un den Hoer gekraazt an dank dem laange Radstand ass fir Been a Knéien och nach genuch Sputt. D’Mall ass beim Hybrid mat 471 Liter allerdéngs kee Kombiformat an de schife Mallendeckel weist späregem Gepäck schonn emol direkt déi rout Kaart. Mee nees zeréck bei d’Passagéier, am allerbeschte sëtzen déi am 408, wéi bei villen Autoen, op jidde Fall an der éischter Rei. Extrem konfortabel Sëtzer mat agreablem Säitenhalt, de Bléck op ee wierklech flott gemaachte Cockpit – de 408 hält banne wat e bausse versprécht. Och d’Qualitéit vun der Veraarbechtung gëtt kee Grond zur Klo, just d’Bedéngen vum i-Cockpit iwwert déi vill Touchscreens an d’Wullen duerch verschidde Menüen ass net ëmmer einfach a virun allem schwiereg iwwert dem Fueren.

RTL

© Paul Origer / RTL

A propos Fueren, domat wiere mer an der nächster Rubrik – de 408 gesäit e gudde Krack méi sportlech aus wéi ee 508, ass dat och esou?

Also eppes huet mech direkt erstaunt... Peugeot huet hirem neiste Worf effektiv ee richteg gutt gelongent Fuerwierk spendéiert. D’Fuerpositioun mam déiwe klenge Steierrad an deenen héich geluechten Instrumenter ass wéi üblech eng Gewunnechtssaach, mee esou knackeg an direkt wéi de 408 läit a sech steiere léisst, Chapeau! Ouni datt de Confort fleete geet. Fuergeräischer bleiwen niddereg an d’Fiederung schafft immens confortabel, esouguer mat deene chicen 20-Zoll-Rieder.

RTL

© Paul Origer / RTL

D’Motorisatioun vun eisen Testween war de bekannte Bensinner-Plugin-Hybrid mat 225 PS a 64 méiglechen Elektro-Kilometer – domat ass de 408 sprëtzeg a spuersam genuch, ouni Beem auszerappen. Gespaant sinn ech awer op déi vollelektresch Versioun, déi nach komme soll.

Woumat mer scho bei de Präisser wieren – ass och bei Peugeot schéin deier?

Op déi Lëtzebuerger Tariffer waarden ech nach, mee de 408 start awer scho mat engem klenge Bensinner bei ronn 35.000 Euro, an der Versioun, wéi eisen Testauto als GT Hybrid mat 225 PS, stinn ouni Optiounen ronn 48.000 um Bon de commande.

RTL

© Paul Origer / RTL