• De PLUS

    • Plazverhältnisser
    • Confort an allen Hisiichten
    • Autonomie
  • De MINUS

    • Oniwwersiichtlech Karosserie
    • Komplexen Infotainment

EQ steet bei Mercedes fir Modeller déi reng elektresch ugedriwwe ginn. Flaggschëff ass den EQS.

Genee mat deem war den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp ënnerwee.

Automag: Mercedes-Benz EQS

D’S-Klass steet bei Mercedes zanterhier fir Luxus, Confort an technesch Raffiness. A genee dat soll de Buschtaf och an der nach relativ neier EQ-Welt bedeiten. D’Erwaardungen un den EQS sinn also héich.

Den Design

D’Designer vu Mercedes schwätze vum One-Bow Design. Besonnesch wann een d’Limousine am Profil kuckt, fält op, dass sech d’Säitelinn vum Capot bis bei den Deckel vun der Mall ewéi e Bou spaant. D’Form gouf dobäi awer vun der Aerodynamik virginn. Zesumme mat wéinege Fouen a Kanten läit den CW-Wäert bei nëmmen 0,2. An esou nei an erfrëschend den Design beim Lancement war, esou séier huet ee sech dru gewinnt. Spéitstens zanter dem Lancement vum EQE muss ee scho genee kucken, wat een do viru sech huet.

RTL

© Akim Schmit / RTL

Den Interieur

Déi technesch Raffinesse maachen aus dem EQS eng Zort Raumschëff. Besonnesch den Hyperscreen, dee gefillt de ganzen Tableau de Bord anhëlt, beandrockt. Ganzer 3 Ecrane verschmëlzen hannert enger elegant geformter Glasscheif zu engem eenzegen Instrument. An trotz mengem Drang den Infotainment-System auserneen ze plécken: am EQS hunn ech léiwer op d'Strooss gekuckt a meng Wënsch mëndlech matgedeelt. Fir déi Abberzuel u Features a Funktioune kennenzeléieren, hat ech net genuch Zäit.

RTL

© Akim Schmit / RTL

Séier hunn ech mech dogéint un déi confortabel Sëtzer, déi excellent Finitiounen an déi enorm Plazverhältnisser gewinnt. Net gewinnt hunn ech mech dogéint un déi schlecht Iwwersiicht. Gutt dass den EQS op alle méiglechen an onméigleche Plazen Kameraen huet.

Op der Strooss

Den EQS ass kee Sportswon, dat war d’S-Klass och net. Zwar huet den EQS als 450 4Matic genuch Leeschtung um Pabeier, allerdéngs schrauwen déi sëllegen Optiounen an déi 108 kWh Batterie d’Gewiicht séier an d’Luucht: knapp 2,5 Tonnen bréngt den Luxus-Liner op d'Wo. An déi spiert een an de Kéieren. Punkte kann den EQS dogéint mat senger Loftfiederung, déi een iwwert de Makadamm schwiewe léisst, ouni dass een dobäi séikrank gëtt.

RTL

© Akim Schmit / RTL

Als reng elektresch Limousine kann een dat ganz gemittlech a roueg. Oder et léisst een d’Muskele spillen. 333 Päerd a 568 Nm gi praktesch 1 zu 1 op d’Strooss iwwerdroen. Ouni Gedenksekonn an ouni iergend eng Boîte sënneren ze mussen geet et lass: 6,2 Sekonne gi fir de Sprint op Tempo 100 duer. Allerdéngs sollt een d’Muskelen net bei all Geleeënheet spille loossen, soss schmëlzt Reechwäit méi séier wéi ee kucke kann. 640 Kilometer soll den EQS an der Theorie packen.

Bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt an engem Chauffer, dee sech gär mat Sëtzheizung, Infotainment a Co beschäftegt, läit déi Reechwäit am Alldag bei ronn 450 Kilometer. Dat klengt net beandrockend, ass a mengem Fall awer duergaange fir wärend mengem Test net un d’Borne ze mussen. Woubäi och dat kee Problem ass: un enger Schnellluedstatioun léisst sech d’Batterie an 28 Minutten vun 10 op 80 Prozent fëllen. Am Verglach: un enger gewéinlecher Steckdous géif eemol voll lueden 55 Stonnen daueren.

RTL

© Akim

D’Präisser

Mee ier een sech Gedanken ëm d’luede maache muss, muss een den EQS iwwerhaapt emol hunn. D’Elektro-Flaggschëff mam Stär um Capot start knapp 6-stelleg. Eisen Testauto, en EQS 450 4Matic AMG Line kascht 124.600 Euro virun Optiounen.