• De PLUS

    • Frësche Retro-Design
    • Plazverhältnisser
    • Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Autonomie
    • Verbindung mat Android-Auto reegelméisseg ofgebrach
    • Becherhalter vir geet schwéier op

Mam Elektro-Bus vu VW suergt een definitiv fir Opmierksamkeet, wann een domat duerch de Grand-Duché fiert.

Virun eppes iwwert 3 Méint huet de Christian Schmit eis schonn éischt Impressioune vum neie VW ID.Buzz am Automag presentéiert. Elo hat den Andy Brücker dann d’Geleeënheet dëse Modell e puer Deeg hei am Land ze beweegen a mir si gespaant, wéi säi Fazit ausfält.

Automag: VW ID.Buzz

Eent schonn emol vir ewech… ech kann de Groussdeel vum Christian sengen Impressiounen deelen, déi hie bei der Presentatioun an Dänemark gesammelt huet.

Eent wat direkt opfällt, ass dass een net ongesinn duerch Lëtzebuerg fuere kann. Ech war tëscht Wolz a Suessem mam wäiss-gielen ID.Buzz Pro ënnerwee, an egal wou ech gefuer sinn, hu Leit sech nom Buzz ëmgedréint, hu Fotoe gemaach oder hu mech souguer gefilmt. Dacks gouf ech och drop ugeschwat wat dat fir e Modell ass, oder eng Fra an engem Supermarché huet souguer gefrot , ob dat e Konzept-Auto wier. Also wat de Look ugeet, huet VW definitiv e Volltreffer gelant. Ech hunn net een negative Kommentar zum Optrëtt vum ID.Buzz kritt.

Vill Opmierksamkeet deemno am Alldag, ma wéi Alldagstauglech ass en da wierklech ?

Den ID.Buzz gëtt et just als Elektrogefier. En huet eng 77kw/h-Batterie a säi Motor leescht 204 PS. Eng Autonomie vun ëm 400km gëtt versprach… do war ech leider wäit dovun ewech. Wat do natierlech matgespillt huet, sinn d’Temperaturen. Ech hat de Buzz elo déi Deeg, wou mer alt bis -10 Grad haten. Keelt an Elektro verdroe sech net gutt. Eng voll geluede Batterie huet bei mir 323km Autonomie ugewisen.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Et geet vill Energie verluer, fir de Won op Temperatur ze bréngen. Déi Energie feelt dann herno bei der Autonomie. Also ech sinn tëscht 220 an 250 km wäit komm mat voller Batterie, an dat mat ganz gemittlechem Fuerstil ! Sécherlech ass bei méi angenemen Temperaturen d’400km-Grenz méiglech… ma net an engem kale Wanter. Dat ass wuel e Phänomeen, dat vill Elektro-Auto-Fuerer elo am Dezember erlieft hunn.

Wat d’Fuerverhalen ugeet, war ech positiv iwwerrascht. E fiert sech bal wéi en normalen Auto an op kee Fall wéi eng Camionnette. E bësse muss ee sech un d’Dimensioune winnen, vrun allem well déi viischt Fënster immens wäit vum Steierrad ewech ass an de Buzz no vir da quasi guer net opbaut. Et kann een deemno méi no un en Obstakel erufueren, wéi ee mengt.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Bausse weess en ze iwwerzeegen, ma wéi geet et banne weider ?

D’Fënster ugeschwat… déi wéilt ech ni botze musse bannen. Dofir si kengem seng Äerm laang genuch… do brauch een da schonn Hëllefsmëttel mat Verlängerungsaarm. Praktesch sinn déi sëllegen Oflagflächen, déi och Sënn maachen. Sou z.B. déi fir den Handy, direkt nieft dem Steierrad an engem Gefaach, wou de Smartphone dann och direkt induktiv geluede ka ginn a sécher verstaut ass. All d’Oflage si mat enger Antirutsch-Ënnerlag versinn, wat bei aneren och net ëmmer de Fall ass.

RTL

© Andy Brücker / RTL

D’Plaz-Verhältnisser si gutt an all Passagéier huet iergendwou en USB-C Uschloss, wat net vun Nodeel ass an der haiteger Zäit. An der Mall vun eisem Testauto war eng sougenannte « Bettplatte » verbaut, sou dass een och am Buzz eng stabil Ënnerlag fir eng Schlofgeleeënheet huet, dat och a Kombinatioun mat de Récksëtzer, déi ee ganz flaach kann ëmleeën. D’Bettplack kann een awer och mat 4 Schrauwe ganz easy ausbauen, an dann huet een nach méi eng grouss Mall.

RTL

© Andy Brücker / RTL

Verbesserungspotential gëtt et bei der Soundanlag… wann engem säi Liblingslidd grad um Radio leeft en et d’Lautstäerkt opdréint, da rabbelt a vibréiert sou munches un der Verkleedung, wat de Musekgenoss limitéiert. De Grëff fir déi viicht Becherhalter kéint och méi einfach opgoen.

Ma alles an allem huet et definitiv Spaass gemaach mam ID.Buzz ze fueren.

Bleift dat Gefill vu Spaass da bestoen, wa mer iwwert de Präis schwätzen ?

Lass geet et bei 60.045 Euro am Onlinekonfigurator vu VW Lëtzebuerg. Eise wierklech gutt ekippéierten ID.Buzz koum op 74.505 Euro. Sécherlech sinn dat vill Suen, ma et kritt een och vill Plaz a Features gebueden Dobäi kënnt, dass d’Leit engem e Laachen schenken, wa se en op der Strooss oder engem Parking gesinn.. an dat ass a Suen net opzeweien.

An der zweeter Kalennerwoch 2023 ginn dann och déi éischt Gefierer un d'Clienten zu Lëtzebuerg ausgeliwwert. Deen Ament kënnt dir iech dës dann och méi genee ukucken. Bis dohin, bleift d'Fotogalerie hei op RTL.lu.

RTL

© Andy Brücker / RTL