Haut ginn am Automag 100 Joer gefeiert, well zu Bréissel do leeft zënter e Samschdeg den Salon de l'Auto Bruxelles, an dee feiert seng 100. Editioun.

No 2 Joer Paus gëtt et do awer elo sou munch Nouveautéit ze annoncéieren an ze bewonneren. An och zu Bréissel dominéiert d'Elektromobilitéit. Just vun do erëm ass de Christian Schmit. Hei seng Impressiounen.

Automag: Salon de l'Auto Bruxelles

De Bréisseler Auto Salon kann houfreg sinn, well fir di 100. Anniversary Edition gouf e ganz besonnesch geéiert. Eng éischte Kéier an der Geschicht gouf leschte Freidegowend den "Car of the year" an der belscher Haaptstad proklaméiert. De President vum Salon Jean Paul Renaux ass houfreg drop.

"Bien entendu. Donc on a choisi d'être probablement un peu moins quantitatif, mais beaucoup plus qualitatif. Et on a grâce à cela convaincre la voiture de l'année. Bien évidemment elle ne pouvait plus se faire à Genève, pourquoi voun ne le faites pas à Bruxelles."

A vun de 7 Finaliste konnt sech um Enn den Jeep Avenger duerchsetzen. Deen dann och elo am Palais 9 vun der Bréisseler Expo eng extra Vitrinn krut. Iwwregens deen éischte reng elektresch ugedriwwene Jeep.

RTL

© Christian Schmit

Et fält op, dass wéineg Marken dem Salon 2023 de Réck dréinen. Ganz au contraire. Mat Rimac, a Microlino sinn och Exoten um Rendezvous. An dat esou wuel an der ënneschter, wéi ieweschter Präiskategorie.

Mam Jean Paul Renaux, dem President vum Salon de l'Auto, bliedere mir e bësschen an der Chronik. An d'Liewe geruff vun der Chambre Syndicale des Constructeurs d'Automobile et du Cycle. A propos constructeur automobile. Därer koumen och mol aus der Belsch, a net där mannster?

Jean Paul Renaux: "Le premier Salon a eu lieu en 1902 et cela de manière presque ininterrompue. Evidemment pas pendant les deux guerres, pendant l'expo mondiale en 1958 et les deux années de pandémie. Il y avait beucoup de marques belges comme FN, Sarolea, Minerva. Progressivement cela a changé."

Um Salon zu Bréissel goufe 1911 eng éischte Kéier och Fligere presentéiert. Houfreg ass een op vill nei Marken, därer déi un der Borne hänken an anerer, an et gëtt och op e puer Plaze chinesesch geschwat?

Jean Paul Renaux: "On voit apparaître des marques chinoises, qui ont des noms qui sont pas ou peu connus, et on pouvait croire que cela sont des petits constructeurs. Mais en réalité, sur leur marché local, qui es d'ailleurs le plus grand marché mondiale, ils sont déjà important et commencent à arriver chez nous."

RTL

© Christian Schmit

Natierlech sinn och Premièren mat dobäi. Weltpremièrë sinn et der zwou. Den Opel Astra Electric an de Mazda MX-30 R-EV. An domat bréngt de japanesche Konstrukteur de Wankelmotor-Prinzip zeréck op Bün. De Wankelmotor déngt hei als Range Extender. Dat kënnt gutt, fir d'Autonomie ze verlängeren.

RTL

© Christian Schmit

Opel proposéiert dann nach eng Partie Europapremière mat Sportstourer GSe a Grandland GSe. An och d'Mark mam Skorpioun am Logo fiert elo elektresch. Dat mam Abarth 500e.

Weider Europapremière sinn de BAIC X55, Ford Bronco, Honda Jazz Cross Star, Nissan X-Trail, a mat Seres 5 nach ee chinesesche Modell.

RTL

© Christian Schmit

Interessant ze gesinn och déi sougenannte "Concept Cars". Zukunftsmusek jo, mee do stécht duerchaus Potenzial fir  Seriemodeller dran.

De President vum Salon ass och der Meenung, dass en Auto salon duerchaus eng Zukunft kann hunn.

Jean Paul Renaux: "De plus en plus on regarde evidemment sur internet et sur les réseaux sociaux digitaux les produits. Mais on envie de les toucher, de les voir, regarder de tout près."

De Salon de l'Auto zu Bréissel a senger 100. Editioun, dat ass nach bis den 22. Januar mat. Wéi gewinnt am Expo Center um Heysel.

RTL

© Christian Schmit