Kommende Méinden geet et nees lass: zu Lëtzebuerg ass bis de 4.Februar Autofestival. Wéi ëmmer gëtt et dozou eisen Online-Special op RTL.lu.

De Paul Origer aus der Automag-Ekipp kann eis dozou méi soen.

Automag: Den Autofestival 2023 - Den Dossier op RTL.lu

De Festivalsdossier, am wuelbekannte Modus

Et gëtt nees ee klengen Online-Guide op eisen Internetsäiten. Hei gëtt ee kuerz a knackeg gewuer, wat vum leschte Festival u bei deene respektive Marken alles virgestallt gouf. Dozou natierlech och d’Info, ob deen Auto wärend dem Festival iwwerhaapt am Showroom ausgestallt gëtt, esou wéi Fotoen a Links fir d’Präisser, Tester oder den offizielle Site vun der Mark.

Et ass jo ëmmer eng gréisser Recherche néideg fir un dës Informatiounen ze kommen, wéi war et dann dëst Joer verlaf?

Do géing ech soen, déi selwecht Prozedur wéi all Joers: de Festival ass ëmmer direkt nom Bréisseler Salon, a grad virun oder wärend dëser Zäit ass entweder jiddereen am Congé, oder extrem mam grousse Salon an der Belsch beschäftegt. Mee et ass wéi all Joers och erëm opgaangen. Déi eng oder aner interessant Informatioun konnte mer erwëschen.

Ass der beim Schreiwen dann eng generell Tendenz opgefall, iergendee Phänomen, deen et zum Beispill lescht Joer net gouf?

Ech muss soen, datt et allgemeng méi roueg ass wéi déi Jore virdrun. Vill Marken hu fir de Festival keng oder wéineg nei Autoen ze weisen, well se vläicht engersäits e bësse mat der Entwécklungsaarbecht hannendran hänken, schlecht Zäite sinn oder awer e groussen Ëmbroch bevirsteet. A ganz bestëmmt spillt och déi allgemeng Onsécherheet mat.

D’Constructeure presentéiere virun hir éischt Modeller mat rengem Elektroundriff. Do si mat Abarth, Toyota, Jeep, Subaru, Lotus a Maserati nees nei Marken derbäi koum. Et gëtt sech awer och nach ëmmer weider mam Verbrenner beschäftegt, an déi eng oder aner Ausnam fir de richtegen Autofan gewisen.

Géifs de da soen, dass et een interessante Festival gëtt?

Wann een esou duerch eisen Dossier geet, da kann een dat jo scho virtuell e bëssen austesten. Wéi scho gesot: bei deenen engen oder anere Marken ass ee vläicht séier derduerch. De Festival ass awer, wéi fir mech all Joers, och 2023 nees interessant.

Zum Beispill Abarth, déi hiren éischten Elektro-500er presentéieren. BMW, déi fir dës Editioun hir M-Modeller nees an de Virdergrond stellen a mam 3.0 CSL e richtegen Highlight weisen. Awer och ganz basic kann interessant sinn. De Citroën Ami ass zwar net brandnei, mee elo endlech och an eisem Ländchen ukomm.

Erstaunlech eben och, dass Marke sech esou munches trauen, well d’Clienten dat einfach esou wëllen. Ford huet esou reagéiert a bréngt de rustikalen SUV Bronco mat moderner Technik iwwert de grousse Pull. Oder Lotus annoncéiert net nëmmen hiren éischten SUV, mee och nach deen éischten héichgeluechten Elektrosportler vun der englescher Traditiounsmark.

Deemno gëtt et genuch um Festival ze gesinn, och deen een oder aneren Highlight a Form vun Oldtimer, limitéierte Spezial-Editiounen oder Avant-Premièren, déi mer an eisem Dossier natierlech virstellen. Dofir, luusst eran an dat am beschte reegelméisseg, well natierlech ginn eis Säiten ëmmer nees aktualiséiert.