• De PLUS

    • Plaz am Interieur
    • Top Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Verbrauch
    • Präis

Wat gëtt et Neies bei der Mark mat de 4 Réng? De Christian Schmit war fir eis op eng Audi-Presentatioun mat op München.

Automag: Audi Q8 e-tron

Genee, an do goung et ëm den neien Audi Q8 e-tron, dat an der SUV- a Sportback-Versioun. Allebéid konnte mir déi och fueren.
150.000 Exemplaire vum e-tron huet Audi schonn opweises. Am Premium-SUV-Segment vun den Elektroautoe wier e Maartleader, esou war op der Presentatioun am Audi Conference Center um Fluchhafe München ze verlauschteren.

Elo dann en dezente Facelift an eng "Produktaufwertung" wéi dat esou schéin op däitsch heescht. Fein Nuancë maachen den Ënnerscheed, wéi d'Veronika Staringer aus dem Produkt Managment preziséiert.

"Wir haben versucht die neue Designsprache im Fahrzeug umzusetzen, um dadurch die Aerodynamik und die Ladekapazität zu verbessern. Zu guter letzt haben wir, gemäss der AUDI DNA, ganz spezifisch die Fahrdynamik noch mal verschäerft."

Optimiséierung am Wandkanal soll dozou bäidroen, dass de Q8 e-tron manner verbraucht, ergo dann och d'Autonomie an d'Luucht geet. Hei gouf déif an Trickkëscht gegraff.

"Wir haben aktive Lufteinlässe geschafft, die die Luft an den Flanken des Fahrzeugs vorbei leiten. An den Radhäusern unten kleine Spolier angebracht die die Verwirbelung vor den Laufrädern vermeiden, ja gezielt an den Rädern vorbei führen."

RTL

© Christian Schmit

Batterie am High-Voltage-Beräich huet schonn an der Basis eng Leeschtung vun 89 kw/h. Deen Akkupackage gëtt seng Leeschtung un zwee Asynchron Motricen of, op di viischt an op di hënnescht Achs.

Resultat: 340 PS Leeschtung, permanent Allrad-Traktioun an 664Nm Dréimoment ginn annoncéiert. Op der Wo sinn et bal 2,6 Tonnen, an nawell sinn 200 km/h Spëtzt dran, an op 100 a 6 Sekonnen. 500km solle laut WLTP-Norm dra sinn.

RTL

© Christian Schmit

Also näischt wéi hannert de Volant an op den Testparcours, deen d'Mark mat de 4 Réng ausgeschafft hat. Eng 200 km mat Landstrooss, 25 km Autobunn, an och e bëssche stop and go Stadverkéier. Keng 500, mee 404km affichéiert den Testauto bei enger Baussentemperatur vu 4,5 Grad um Depart. Abbé, wéi esou dacks dierft et also schwiereg ginn, trotz Recuperatioun, do nach vill erauszeschloen. An esou sollt et och sinn. Um Enn stoung e Verbrauch vun 24,4 kw um Bordcomputer, bei enger Moyenne vu 54 km/h. Ëmmerhin hate mir awer nach 240 Kilometer Rescht-Autonomie. An dat mam Lueden un de Borne gouf jo och verbessert. Vun 150 op 170kw maximal.

Ganz positiv ass d'Fuerverhalen opgefall. Di iwwer 2,5 Tonne huet den Audi an de Chauffer gutt am Grëff. Typesch Audi, och beim Elektroauto, eng top Veraarbechtung a Materialauswiel. Alles wat een upaakt ass héichwäerteg. Eisen Testauto hat di innovativ Kameraen, déi di baussecht Spigelen ersetzen. Dorunner muss ee sech awer gewinnen.

RTL

© Christian Schmit

Ganz souverän ass ee mam Q8 e-tron ënnerwee. Déi nei progressiv Lenkung ass direkt, di viischt Achs gouf och nach iwwerschafft. SUV oder Sportback éischter eng affaire de Goût, well a punkto Plaz gi beim Sportback, trotz Coupé Linn, keng grouss Differenzen.

Aus dem e-tron gëtt also elo Q8 e-tron. Op d'mannst 73.000 Euro soll ee scho parat hunn oder gewëllt sinn ze investéieren. A wien Audi kennt, dee weess, do ass nach ganz vill Loft no uewen, fir mat e puer Klicken e 6 stellege Betrag ze gesinn. Wiem dat ze héich ass, fir dee steet schonn de Q4 e-tron prett, an e Q6 Elektro ass och an der Maach.

Déi wäerten alleguer Erfolleg hunn, zemools Audi jo ab 2026 nëmme nach elektrifizéiert Autoen op de Marché brénge wëll.

RTL

© Christian Schmit