-
De PLUS
- Flotten Design
- Gutt Autonomie
- Gudden Handling op der Strooss
-
De MINUS
- Wandgeräicher bei héijer Vitess
- Net grad bëlleg
- eng relativ kleng Mall
Zanter 2010 gëtt et den DS3. An zanter 2020 gëtt et den DS3 Crossback E-Tense. Den E steet, dat kënnt dir iech virstellen, fir elektresch.
Elo ass ee Facelift eraus komm an dee stellt eis de Rich Simon elo am Automag vir.
Komm mir schwätze fir d´éischt e bëssen iwwer den Design...
Design steet bei de franséische Marken ëmmer ganz uewen. Dat ass beim DS3 Crossback net anescht. Beim Facelift gouf, an dat mécht awer den Ament all Mark, vill wäert op de Külergrill geluecht. Dat schéngt den Ament dee wichtegste Krittär bei den Designer ze sinn.
Wat mir immens gutt um Auto gefält, dat ass esou eng kleng Spëtzt, déi ee mat enger Haifëschfloss ka vergläichen, déi vun der Mëttelseil bis praktesch an d'Hallschent vun der hënneschter Säitefënster geet. Dat ass wierklech een Eyecatcher.

© Rich Simon
Bannen ass alles zimmlech iwwersiichtlech, obwuel een déi éischte Kéier wann een am Auto sëtzt, e bësse muss siche bis een de Knäppchen fonnt huet fir z.b. d'Spigelen ze verstellen. Deemno wat fir eng Austattungsversioun ee wielt, huet ee richteg cool Sëtzer, déi dem Auto nach eng zousätzlech sportlech Nott ginn an alles ass och gutt verschafft.

© Rich Simon
Wat elo d'Plaz ugeet, muss ee sech bewosst sinn, datt den DS3 Crossback net onbedéngt geduecht ass fir mat der Famill an d'Vakanz ze fueren. Dofir ass ënnert anerem déi just 360 Liter Mall hannen ze kleng an op den hënneschte Sëtzer huet een och net déi grouss Beefräiheet.
Wéi gesäit et op der Strooss mam DS3 E-Tense aus?
Den Handling vum Auto ass gutt. Dat kann een emol direkt esou festhalen. Mat 1.600 Kilo ass de E-Tense fir een Elektroauto och relativ liicht, wat dem Handling sécherlech zu gutt kennt. Fir bësse Spaass mat engem Auto ze hunn, muss een awer och e bësse Leeschtung hunn. Fiert een am Eco-Modus dann huet den DS3 just nach 60kW, dat sinn 82 Päerd wat am Stadverkéier sécherlech duergeet, iwwer Land awer sécherlech net. Idem wann een an den Drive schalt, dann huet een 109 Päerd, wat awer och nach ëmmer net sensationell ass. Am Sport Modus huet een dann déi voll 156 PS an déi si fir mech optimal fir deen Auto. Een Elektroauto mécht am Prinzip kee Kaméidi. Datt ass beim DS3 Crossback och de Fall, allerdéngs just bis 120 Kilometer. Duerno ginn et dach relativ vill Wandgeräicher. D'Spëtzt läit iwwregens bei 150 Kilometer an der Stonn.

© Rich Simon
Wéi gesäit et mat der Autonomie aus. Dat ass jo bei Elektroautoen ëmmer ee Krittär?
Déi gëtt DS mat 404 Kilometer un. Bei eisem 138 Kilometer laangen Test, wou vill Stop and Go dobäi waren, waren um Tableau de Bord nach 218 Kilometer iwwreg, wat eng Moyenne vu 15,5 Kilowatt op 100 Kilometer ass. Dat ass ganz gutt. Wann den Akku eidel ass, da muss e geluede ginn. Wann e platt ass, brauch den Akku bei enger 3 Phase 16 Ampere an 11 kW Wallbox, 5 Stonnen a 45 Minutten. Mat 100 kW vun 10 op 80 Prozent an 30 Minutten.

© Rich Simon
D'Réckgewënnung vun Energie ass och ëmmer een Thema, wann een elektresch ënnerwee ass. Déi kann ee beim DS3 E-Tense zousätzlech aktivéieren. Virun allem am Biergof hëlleft dat, deen een oder anere kW anzespueren.
Et gouf awer net nëmmen de Elektro DS3 Crossback presentéiert, mee och de Bensinner. Op dee ginn ech awer net an, well vun 2024 gëtt et den DS3 just nach mat Batterie.
Zum Schluss nach de Präis. Bëlleg ass den DS Crossback E-Tense net. An der einfachster Ausféierung, muss ee ronn 40.000 Euro dohinner bliederen. An der Luxusausféierung muss een iwwer 48.000 Euro bezuelen.

© Rich Simon