-
De PLUS
- Speziellen Design
- Leeschtung a Beschleunegung
- Alldagstauglechkeet
-
De MINUS
- Android-Auto an Apple Carplay via Kabel
- Autonomie bei Keelt
- Diergrëffer
Am Automag vun haut komme mer op en Auto ze schwätzen, dee schonn 2022 mat engem Präis op sech opmierksam gemaach huet.
Ma et huet bis Januar dëst Joer gedauert bis den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp e konnt testen.
Mir schwätzen haut iwwert de Kia EV6, deen 2022 als Europäeschen Auto vum Joer ausgezeechent gouf, a sech géint Konkurrente wéi Renault Mégane E-Tech, Skoda Enyaq iV, Ford Mustang Mach-E, Peugeot 308, Hyundai Ioniq 5 a Cupra Born duerchgesat huet. Et war den éischte Modell vu Kia, deen dëse Präis jee gewonnen huet. Fir eisen Test, huet KIA dann och den Top-Modell op Lëtzebuerg bruecht, deen nach de Kierzel «GT» hannert dem Numm stoen huet.

© Andy Brücker
Motor
Fir déi, déi et nach net matkritt hunn... de Kia EV6 ass en Elektroauto, méi genee e Crossover-SUV. Dass esou ee groussen Auto och sportlech Geene kann hunn, huet KIA mat der GT-Versioun bewisen. Ugefaange mat der Motoriséierung. Am klengste Modell huet den EV6 229 PS. Am GT hu mer awer net manner wéi 585 PS a 740NM Dréimoment. De Sprint vun 0 op 100 geschitt hei an 3,5 Sekonnen. Dat geet duer fir deen een oder anere Sportswon ganz al ausgesinn ze loossen. Via e grellgiele Knäppchen um Steierrad, wou "GT" drop steet, kann een an de Modus mat maximaler Leeschtung switchen. An ech kann iech soen, sou eng Beschleunegung an esou engem groussen Auto fillt sech impressionant un!

© Andy Brücker
Wärend aner Marken hir Elektrogefierer bei 140, 160 oder 180 km/h ofrigelen... leeft de GT bis 260 km/h!
Eppes wat den EV6 GT dann och huet, ass en Drift-Modus. Jo... dir hutt richteg gelies. Mam EV6 kann een och driften. Dofir brauch een awer eng ofgespaarte Plaz, a verdammt vill Gefill am Fouss an e gewëssent Talent um Steierrad. Well sou e grousst Schëff mat sou vill Leeschtung, déi direkt uläit, am kontrolléierten Drift ze halen, brauch Übung... an dat géif op Käschte vu massivem Pneueverbrauch goen. Dofir hunn ech dat mol léiwer si gelooss.
Op der Strooss
Wann en Auto sou vill Leeschtung huet, geschitt et alt, dass d’Fuerwierksingenieuren den Auto en Tick ze sportlech fir den Alldag ofstëmmen. Dat ass beim EV6 awer net geschitt. E fiert sech super bequeem a wann ee mol méi fex ënnerwee ass, huet en trotzdeem keng Wankneigungen a läit wéi e Briet op der Strooss a Grip ass och zu all Moment do. Extrem gutt sinn och d’Sportsëtzer, déi net just gutt ausgesinn, ma och e super Job maachen.

© Andy Brücker
Fiert ee an der Stad, respektiv vill am Biergop, biergof mécht et Sënn am iPedal-Modus ze fueren. Da brauch ee just nach d’Gaspedall, déi wann ee vum Gas geet, och als Brems funktionéiert a sou kann ee maximal vill recuperéieren an den Akku wärend dem Fuere lueden. Et winnt ee sech zimmlech séier drun an et bréngt definitiv eppes.
Plusminus 420km soll ee komme mat enger voller 77 kWh-Batterie. An der Zäit wou ech den Auto hat, war et dacks ëm 0 Grad kal, deemno war och d’Heizung méi dacks un. Ech koum op eng Autonomie vun ongeféier 320km.

© Andy Brücker
Op enger Schnell-Luedstatioun soll ee bannent 18 Minutte vun 10 op 80% luede kënnen, dat dank der 800V-Technik. Wann ee via Navi eng Schnell-Luedstatioun uviséiert, preparéiert den Akku sech dann och optimal drop, vir deen Ament wou een do ukënnt, déi perfekt Temperatur ze hunn, fir beschtméiglech ze lueden. Déi Preparatiounsphas brauch allerdéngs hir Zäit an ass net a 5 Minutte geschitt.

© Andy Brücker
Ech hunn op enger 300kW-Statioun gelueden a koum do op e maximum vun 200kW. Fir 66kWh ze lueden an op 100% ze kommen, huet 54min gedauert. Mäin Duerchschnëttsverbrauch louch bei 22,8 kW/h op 100km, wat ganz no un de versprachenen 21,9 läit.
Design
Vu baussen erkennt een déi méi sportlech Versioun virun allem un de grell-giele Bremszaangen. D’Karosserieform u sech a zimmlech aggressiv gezeechent a wierkt dynamesch fir en SUV, dat och bei enger Längt vu bal 4m70. Duerch déi Längt profitéiert een am Interieur och op alle Plaze vu genuch Bee-Fräiheet. Och groussgewuesse Leit mussen net fäerten, dass se riskéiere géife mam Kapp widdert den Daachhimmel ze kommen.

© Andy Brücker
An der Mall kritt ee 490 Liter ënner a vir ënnert dem Capot huet een nach emol eng Stauméiglechkeet fir 20 Liter beim Allradler, respektiv 52 Liter bei engem 2WD-Modell, wéi en opmierksame Lieser vun dësem Artikel mech richtegerweis drop higewisen huet.

© Andy Brücker
Dat nervt
D’Grëffer si flaach an d’Dieren integréiert a sprangen eraus, wann een opspäert, wat scho cool ausgesäit. Dann ass et awer net evident se richteg ze notzen, fir d’Dier opzemaachen. Dat hätt een anescht kënne léisen, och wann et e coole Gimmik ass.

© Andy Brücker
Am Display krut ech alt minuttelaang ugewisen, dass ech op der falscher Streck ënnerwee wier, sou wéi wann ech e Geeschterfuerer wier... wat awer net de Fall war. An ech krut et och net ewechgedréckt.

© Andy Brücker
Net Up2date ass dann och de Faite, dass een Android -Auto oder Apple Carplay just mat Kabel notze kann. Do kënnt hoffentlech nach en Update, oder ass mëttlerweil vläicht esouguer schonn do?
Präis
Fir e Basis EV6 muss ee 56.500 Euro op den Dësch leeën. Fir d’Topversioun GT sinn et 70.577 Euro, wat fir sou vill Auto mat sou vill Leeschtung absolutt an der Rei ass. Et brauch een allerdéngs vill Gedold... 15-18 Méint Waardezäit muss een arechnen.

© Andy Brücker