• De PLUS

    • gelongenen Design
    • Fuerleeschtungen
  • De MINUS

    • Héijen Oppräis fir GSe-Modeller
    • Verbrauch wäit méi héich wéi versprach

Mat där Mark, déi de Blëtz als Logo um Küler huet, si mir haut am Automag ënnerwee.

Deemno mat Opel, an déi loossen di legendär Buschtawekombinatioun GSI elo erëm opliewen. De Christian Schmit war fir eis op där Presentatioun dobäi.

Automag: Opel GSe-Modeller

GSI Modeller, dat waren déi mat méi Wuppes ënnert der Motorhauf. Sportlech Modeller vu Corsa bis Manta. GSI stoung fir Grand Sport Injection. Aus GSI gëtt elo GSe? Wourunner soll een et erkennen?

Den Harald Hamprecht aus der Kommunikatioun bei Opel:

"GSe Modelle fahren nicht nur schärfer und sportlicher, sondern sehen auch so aus. Das beginnt bei den exklusiven Felgen die einige Kenner schon von dem Manta GSe Projekt kennen. Darüber hinaus haben wir Alcantara Sitze mit wunderbarem Halt die man schon als Piloten Sitze bezeichnen kann. Das Auto sieht schärfer aus durch Applikationen bei der Frontschürze un der Motorhaube."

 

RTL

© Christian Schmit

Mee d’Ingenieuren zu Rüsselsheim hunn och d’Spezialiste vu Koni mat an d’Spill bruecht. Mam Resultat, dass d'Fuerwierk op de Leescht geholl gouf, an d’GSe Modeller elo méi déif a méi sportiv op der Strooss leien. Dank FSD-Technologie (Frequency Selective Damping), an dat souwuel fir de Grandland wéi och den Astra, déi elo mol den Ufank vun der GSe Gamme ausmaachen.

RTL

© Christian Schmit

Elo steet jo GSe fir Grand Sport Elektro. E soll Transitioun fir d’Elektrifizéierung symboliséieren. Bei allebéid souze mir hannert dem Volant, am Hannerland vu Malaga an Andalusien. Vill Kéieren, wéineg Trafic, an esou konnte mir eis iwwerzeege vun dem gelongene Kompromëss tëscht Confort a sportlechen Attributen. An esou e GSe muss jo och keen OPC sinn, wat emol fir Opel Performence Cars stoung.

An deenen ugeschwate Sëtzer ass e wierklech agreabel opgehuewen, an kruten och de Label AGR "Aktion Gesunder Rücken".

RTL

© Christian Schmit

GSe gëtt et just fir di stäerkst motoriséiert Varianten. Beim Astra ass dat de 1600er mat 225 PS Plug-In Hybrid Power. Beim SUV Grandland esouguer 300 PS an Allrad Traktioun.

Fuerleeschtunge bleiwen identesch, mee déi si mat Spëtzevitesse vun 235 jo awer méi wéi remarkabel.

RTL

© Christian Schmit

Manner positiv fält de Verbrauch op. 1,3 Liter sollen dra sinn. D'Betounung läit op sollen. D’Realitéit am Alldag op engem 200km Roadbook ouni Rallye Allure Fuerstil bei 6,4 Liter.

Nach e Bléck an d’Präislescht. GSe steet dann och iergendwéi fir Premium, wat sech och do erëm spigelt. Eisen Opel Grandland Testauto kéim op nobäi 58.000 Euro. Den Astra Sportstourer GSe dann op 47.000 Euro.

GSe nees opliewen ze loossen, Marketing Strategie oder méi? Mol ofwaarden. Op alle Fall hu mir eis gären de mat ugereesten Monza GS/E vun 1983 ugekuckt an de Manta Concept Car.

RTL

© Christian Schmit

Dat ware nach Zäiten, wou Coupé a Cabriolet zu der Modellpalett gehéiert hunn. Mee do kéint sech jo eng Renaissance annoncéieren huet de Mann vun der Kommunikatioun bei Opel verlauschtere gelooss.

"Haben gesagt, dass wir Mitte der Dekade den Manta neu auferstehen lassen werden. Nicht als Retromodell, sondern in der Gegenwart oder sogar in der Zukunft angekommen. Natürlich rein elektrisch. Kein Pony Car wie in der Vergangenheit, sondern etwas was mit Sicherheit, sehr attraktiv, sehr stylish, und mit einigen Coupé Attributen versehen ist."