-
De PLUS
- Confort a Plaz an héchstméiglecher Form
- nawell effikassen Hybrid-Undriff
- spille Sue keng Roll, da gëtt all Wonsch erfëllt
-
De MINUS
- wéi bei der Kuerzversioun: ze steif 20-Zoll-Rieder
- bësse Geruckels am Undriff beim Ofbremsen
- fir vill Leit leider onerreechbar deier
Dat bescht oder näischt – Parademodell fir dëse Slogan ass an der Mercedes-Gamm natierlech d’S-Klass.
No engem detailléierten Test vun der kuerzer Versioun mat Dieselmotor viru bal 2 Joer ass et elo um laange Radstand mat Hybrid. Wéi eng Erfarungen de Paul Origer mam S 580e Laangversioun gemaach huet, seet en eis elo.
Paul, et kënnt dir net dacks vir, mee hei wier et derwäert gewiescht och emol d’Steier aus der Hand ze ginn?
Do muss ech der Recht ginn – bei der S-Klass Laangversioun si mer nämlech definitiv beim typesche Chauffeur-Auto. Heescht, déi bescht Plaz ass hanne riets. Wall dat, wat déi zwou Achse vun der Laangversioun méi wäit ausernee réckelen, nämlech gutt 10 Zentimeter, dat kënnt integral der zweeter Rei zerguttst. D’Bee strecken a relax iwwertenee schloen ass deemno méiglech, eng Hellewull Comfort-Fonctiounen stinn dofir zur Verfügung. Sief et de Knäppche fir d’Relax-Positioun, wou de Bäifuerersëtz komplett no vir rëtscht, fir de Maximum u Beefräiheet ze bidden oder déi sëllegen Astellunge vum Sëtz, egal ob Réck, Schëlleren, Sëtzfläch oder Säitenhalt. An domat net genuch: hëtzen, lëften, Massage – jee, op laange Strecke gëtt et de Passagéier hannendra sécher net langweileg oder onbequeem.

© Paul Origer
Et gouf fir déi hënnescht Plazen also all Regëster gezunn?
Oder besser gesot, vill Kräizer an der Optiounslëscht gemaach. An dobäi war an eisem Testauto nach net alles dran. Eleng 3 verschidde Konfiguratioune gëtt et fir déi hënnescht Plazen. Sief et mat oder ouni Beenoplag, oder eng speziell duerchgehend Mëttelkonsol, dierf et elektresch Rolloe fir d’Fënstere sinn oder en Tablet fir sämtlech Funktiounen ze steieren an ech kéint esou viru fueren. A wann ee mengt, et hätt een alles duerch, dann entdeckt een nach déi gehëtzten Aarmleenen oder déi individuell Beliichtungsprogrammer.

© Paul Origer
Elo schwätze mer jo vun engem Auto an net vun engem Salon, wéi fiert den S an der Laangversioun sech dann?
D’Erfarung mat der neister Baurei W223 duerft ech jo schonn emol sammelen – mat 10 cm méi Radstand behält d’S-Klass natierlech hir Fuerqualitéiten; engersäits duerch déi ultracomfortabel Loftfiederung an deen immens nidderege Geräischniveau. Sécher ass et mat bal 5m30 ee grousst an deels oniwwersiichtlecht Gefier. Mee vill Hëllefen, sief et Kameraen oder zemools déi optional Allradsteierung, maachen och de laangen S erstaunlech agile an handlech. Allerdéngs mam selwechte Bemol wéi fir déi kuerz Versioun, wéinst den 20-Zoll Rieder; mat hinne poltert d’S-Klass dann net esou standesgeméiss iwwert deen een oder anere Kanaldeckel.

© Paul Origer
Wéi war et dann mat der Motorisatioun – hei gouf et jo och eng Nouvelle?
Genee, an zwar e Plugin-Hybrid-Bensinner, de 580e. Dat héiert sech no déckem Motor un. A Realitéit ass et den 3-Liter Reiesechszylinder-Bensinner mat Elektrohëllef an net grad bescheidene 510 PS. Déi hu mat deem 2,5-Tonne schwéiere Gefier nawell liicht Spill. Nach méi faszinant ass awer dat reng elektrescht Fueren: et passt beschtens bei den entspaante Charakter vun der S-Klass. Maximal 116 km sollen dann elektresch méiglech sinn. Beim Test a wanterleche Konditioune waren et der meeschtens 90. Dann awer och bis Autobunnsvitessen vun 140, wat fir den Alldagsgebrauch am Fong duergeet. A wann net: via Schnelllueder mat maximal 60 kW sinn d’Batterien a 25 Minutten nees voll. Oder et fiert ee mam Bensinner virun.

© Paul Origer
Dee kléngt iwwerraschend käreg an net desagreabel a packt mat sengen 367 PS d’S-Klass och eleng. Just de Verbrauch verléisst dann awer schëtzeg den 1-stellege Beräich. Zesumme fonctionéiere béid Motore gutt, halen den Duuscht besonnesch op laangen Distanzen a Grenzen an d’Lat vum Fuercomfort héich. Wat mech just gestéiert huet war deels d’Gerucks vum Undriffstrang beim Erofbremsen, do si sech d’Automatik an den E-Motor dann net ëmmer eens gewiescht.
Och wann een an deene Kategorien net iwwer Sue schwätzt; wat muss ee fir eng laang S-Klass investéieren?
Knapp 3.000 Euro kaschten déi 10 cm, bei 110.800 € geet et lass, eisen Testwon S 580e 4matic koum mat den Optiounen op iwwer 170.000 Euro.