-
De PLUS
- Méi Confort & Plaz am Banneraum
- Talenter am Terrain
- kräftegen a kultivéierte V6-Diesel mat flottem Sound
-
De MINUS
- Héije Verbrauch
- Touchscreen e bësse lues an onpraktesch
- Tjo... de Präis
SUV a Gelännween leie jo voll am Trend mee wéi ass et mat Pickups?
Mercedes an Nissan hunn et fir de Moment an deem Segment opginn, Ford a VW halen awer dru fest an hunn elo fir de Festival hir neiste Modeller virgestallt. De Paul Origer hat zu dëser Geleeënheet deen neie VW Amarok am Test.
Wann een oppasst, da fuere méi Pickups dorëmmer wéi ee mengt – wat sinn dann d’Qualitéite vun dëser Kategorie?
Wärend SUV jo éischter moer Kapassitéiten am Terrain hunn oder net vill zéie kënnen, ass esou ee Pickup ee richtegt Schaffpäerd. An dat ass och d’Roll vum neie VW Amarok. Hei geet et net drëms um Boulevard ze flanéieren mee, sief et mat 3,5 Tonnen um Krop oder mat 1,19 Tonne belueden duerch all Terrain ze kommen. Gär schwätzt VW beim Amarok och vun hirem Schwäizer Messer well en esouvill kann.

© Paul Origer
Trëfft dat dann och zou - erfëllt en esou vill Erwaardungen?
Déi éischt, an dat ass jo de Look, entsprécht deene ganz bestëmmt. Quadratesch a praktesch, scho bal dominant a gefillt e gudde Meter iwwert all anerem Auto trëtt de VW Pickup op. Den impressionanten Optrëtt mécht net nëmmen déi nei Nues aus, mee och déi muskulös Flanke mat de grousse Rieder a virun allem d’Längt vu 5m35. Dat ass bal e Meter méi wéi de Virgänger a kënnt duerch ee gestreckte Radstand.
De Banneraum profitéiert am meeschten dovunner. Do wou ee bei Pickups besonnesch schlecht sëtzt, nämlech an der zweeter Rei, ass den neien Amarok agreabel lëfteg an esouguer confortabel. D’Ariichtung a Form vun Tableau a Sëtzer ass VW-typesch sober a funktional, just de groussen Touchscreen kéint e bësse besser reagéieren. Och géing ee sech trotzdeem fir dat eent an dat anert awer nach e Knäppche wënschen. Dat war et dann awer och scho mat der Kritik.

© Paul Origer
D’Sëtzer si confortabel a bidde Säitenhalt, iwwerall ginn et Oflagen a Grëffer, d’Soundanlag vun Harman Kardon huet Uewerklass-Niveau; jee, alles wat een an engem nëtzlechen Auto erwaart.
Am Fong jo en Utilitaire an dann och nach 5m35 laang, do ass d’Fueren a verschiddene Situatioune bestëmmt schonn eng Aventure?
Ech si mat dëser Erwaardung an den neien Amarok erageklommen, gouf awer direkt eppes besserem beléiert. Et huet villes evoluéiert, d’Finitioun a virun allem d’Geräischentwécklung loossen de VW-Pickup ganz no un een normalen Auto kommen. Highlight ass den Topmotor a Form vun engem neie V6-Diesel: e kléngt seideg, huet mat 250 PS a 600 Nm genuch Kraaft an harmonéiert richteg gutt mat der serieméisseger a flénker 10-Gang-Automatik.

© Paul Origer
Allerdéngs ginn déi vill Widderstänn a Form vu Loft, Gewiicht, Undriffstrang a Pneuen op Käschte vum Duuscht: op deene knapp 600 gefuere Kilometer war d’Moyenne net ënner 11 Liter ze kréien. Klenge Bemol och bei der Fiederung, déi nach ëmmer e bëssen trampeleg reagéiert - dee Kompromëss muss ee fir eng héich Zouluedung awer maachen. Dofir bleift op laange Strecken a schlechte Stroossen den Amarok awer gelooss a virun allem sécher. Mat insgesamt 25 Assistenzsystemer ass en plus alles ze kréien, vum semi-autonome Fuere iwwer Matrix-LED-Pharen bis bei all méiglech elektronesch Hëllefen. An och am Terrain gëtt sech den Amarok mat héijer Buedemfräiheet, kuerzen Iwwerhäng an astellbarem Allradundriff keng Bléis.

© Paul Origer
Also, wéi VW seet, ee richtegt schwäizer Messer an hirer Gamme! Wéi gesäit et dann do mat de Präisser aus?
An der Schwäiz ass et bekanntlech net bëlleg, den Amarok och net wierklech. Basispräis sinn 53.275 Euro. Fir eis Versioun mat duebeler Kabinn, Top-Diesel a vill schéinen Optioune kënnen et och schonn emol ronn 59.000 sinn.

© Paul Origer