• De PLUS

    • Vill Oflagflächen am Cockpit
    • 230V-Steckdousen
    • Fiert sech gutt
  • De MINUS

    • Autonomie bei Keelt
    • Stau-Fach fir Luedkabel

Am Automag vun haut schwätze mer iwwert e weidert Gefier aus der Kategorie Elektromobilitéit, dat an der Rubrik vun den Notzgefierer.

Automag: Ford E-Transit

Den Trend zur Elektromobilitéit betrëfft net just den normalen Autofuerer, ma och d’Betriber musse sech lues awer sécher drop astellen, hir Gefierer an Zukunft géint elektresch ugedriwwe Varianten auszetauschen. Dat betrëfft souwuel de klengen Usträicherbetrib, bis hin zu Installateuren, Entrepreneuren oder och Liwwerdéngschter. Rezent huet z.B. DHL Lëtzebuerg 15 nei Ford E-Transit Camionnette geliwwert kritt. Parallel dozou hate mir dann och esou een E-Transit als Testgefier vu Ford zur Verfügung gestallt kritt.

De Ford Transit ass de meeschtverkaafte Model bei den Notzgefierer an Europa, an doru wëll Ford dann och uknäppe mat hireem E-Transit. Ee wichtege Punkt ass natierlech d’Autonomie.... déi gëtt Ford laut WLTP mat 317km mat voller Batterie un. Erniichterung gouf et do awer schonn direkt beim 1. Kontakt mam Testwon. D’Batterie war zu 100% gelueden, ma just 180km Autonomie goufen ugewisen, dat bei 1 Grad Aussentemperatur.

RTL

© Andy Brücker

Op der Strooss

Fueren deet sech d’E-Transit nawell zimmlech gutt. Anescht wéi verschidde Konkurrenz-Produiten, gëtt bei der Transit déi hënnescht Achs ugedriwwen. Den Héichspannungssystem ass vir ënnert dem Capot, iwwerdeems d’Batterien tëscht den zwou Achsen ënnerbruecht sinn. Dat suergt fir eng homogen Gewiichtsverdeelung, wat sech och op d’Fuerverhale positiv auswierkt.

RTL

© Andy Brücker

 

Interieur

Dräi Sëtzplazen, onspektakulär Sëtzer, vill Oflagflächen an e sëllege Steckdouse fir USB-C, 12 Volt oder souguer 230 Volt fënnt een am Cockpit. D’Instrumenter sinn nach Analog mat engem klengen Display dotëscht mat engem iwwersiichtleche Menü. Iwwert de groussen Display an der Mëtt kann ee souwuel d’Klimaanlag steieren, wéi och den Navi, oder en ass praktesch fir d’Perspektiven vun der Réckfahrkamera unzeweisen.

RTL

© Andy Brücker

D’Sëtzkësse vun de Passagéier kann een ëmklappen, an do drënner fënnt een dann d’Luedkabelen. Wann een de Kabel net zerkraze wëll, oder sech onnéideg ploe wëll, sollt een déi zwee Sëtzkëssen eropklappen, soss ass et zimmlech schwiereg de Kabel erausgefummelt ze kréien.

RTL

© Andy Brücker

Et gi 25 verschidde Varianten, wéi ee sech säin E-Transit vum Opbau hier kann zesummesetze loossen. An 3 verschiddene Chassis-Längten, respektiv 3 verschidden Héichten... als Eenzel oder Duebelkabinn, oder just mat Kabinn an ouni Këscht hannendrun.

Maximal kann ee bis zu 1.758 kg zousätzlecht Gewiicht mat sech schleefen, respektiv e maximaalt Luedvolumen vu 15,1 m3.

RTL

© Andy Brücker

E flotte Feature sinn déi zwou 230V-Steckdousen hannen am Lued-Raum, iwwert déi ee Verbraucher bis zu 2300 Watt kann iwwert dat internt Stroumnetz speisen. Dat ka fir Handwierksbetriber um Terrain definitiv en grouss Hëllef sinn. Ech hat eng Trennscheif drun ugeschloss, wat guer kee Problem war. Souguer de Wasserkocher huet impeccabel funktionéiert an huet iwwregens 1980 Watt Stroum gezunn. Dat geet natierlech op Käschte vun der Autonomie. Et sollt een also ëmmer genuch an der Batterie hunn, wat eis zum Thema «lueden» bréngt.

RTL

© Andy Brücker

Mat maximal 11kW kann een un enger normaler Luedstatioun aspeisen, bis zu 115kw sinn un enger Schnell-Luedstatioun méiglech. Den 68 kWh-Akku kann een esou bannent 35 Minutte vu 15 op 80 Prozent lueden. De Lued-Uschloss ass iwwregens vir an der Kalander vum E-Transit, wat ee bedenke sollt, wann ee bei eng Luedstatioun fiert, soss kann et mol enk gi mat der Längt vum Luedkabel.

Ech koum bei iwwer 550km déi ech gefuer si mam E-Transit op e Verbrauch vu 34kw/h op 100km, wat zimmlech héich ass, awer och domat ze dinn huet, dass ech vill Autobunn gefuer sinn, an et eben och an där Zäit Temperaturen ëm de Gefréierpunkt gouf.

RTL

© Andy Brücker

Fazit

Den deegleche Kilometrage vun enger Camionnette an engem Betrib ass jee no Asazgebitt sécherlech ganz ënnerschiddlech. D’Betriber musse sech awer Infrastruktur-technesch massiv ëmstellen, wann owes ob eemol x Camionnetten zeréck op de Parking gefuer kommen, an den Dag drop nees voll asazbereet solle sinn. Do brauch ee vill Lued-Kapazitéiten... an och den Uschafungspräis lait aktuell, trotz Primm vum Staat, nach e gudde Strapp iwwert deem vun enger Camionnette mat Verbrenner. Lass geet et bei bal 57.000 Euro.