• De PLUS

    • Confort
    • Akustik am Banneraum
    • Fuergefill
  • De MINUS

    • Iwwersiicht
    • Eegeliewe vun dr Alarmanlag
    • Verbrauch

Am Automag vun haut schwamme mer mam Trend: de Mercedes-Benz EQS SUV ass nämlech net nëmmen en XXL-SUV, mä och nach reng elektresch ënnerwee.

Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp huet sech fir e puer Deeg mam EQS SUV ugefrënnt.

Automag: Mercedes-Benz EQS SUV

Dat kann een esou soen. Ma et war et keng Léift op den éischte Bléck. Den EQS ass als Limousine schonn net kleng, an als SUV huet en nach emol méi e wuchtege, massiven Optrëtt. Do passt gutt, dass den EQS SUV am amerikanesche Wierk vu Mercedes, zu Tuscaloosa, gebaut gëtt. Mat sengen Dimensioune (5,12 m laang, 1,95m breet an 1,71 héich) a sengem opfällegen Look ass et praktesch onméiglech fir net opzefalen.

RTL

© Akim Schmit

Ma als SUV-Flaggschëff vun der elektrescher Gamme muss eppes duerstellen

Jo, an dat ass hei definitiv de Fall. Ob et engem gefält, steet op engem anere Blat. Am Alldag huet déi Gréisst och hiren Nodeel wann et drëms geet eng Parkplaz ze fannen oder duerch schmuel Parkhaiser ze navigéieren ouni d’Felgen ze personaliséieren. Vläicht ass dat awer och en europäesche Problem. Esou XXL-SUV’en ginn éischter an den USA a China kaaft, an eise Géigenden dierft de Krees u potentielle Keefer méi iwwersiichtlech sinn.

Dat läit awer net un de banneschte Wäerter wann ech mer d’Fotoen esou ukucken

D’EQS-Baurei steet bei Stuttgarter zanter hirer Aféierung fir déi elektresch S-Klass. An déi gouf iwwert Generatiounen zum Synonym fir Luxus an héchste Confort. A mengen Aen gëtt den EQS SUV deem Usproch en Tick méi gerecht ewéi als Limousine. Zum enge well e méi Androck hannerléisst, zum aneren awer och duerch säi lëftegen, opgeraumten Interieur an de Choix un héichwäertege Materialien. Den Hyperscreen, dee mer schonn aus dem EQS kennen an ëmmer erëm op en Neits beandrockt, ass och am SUV den zentralen Dréi- an Angelpunkt.

RTL

© Akim Schmit

Eng bonne Note verdéngt sech den Auto fir eppes, wat een net gesäit, an och net héiert

Op dëser Plaz sief dann déi excellent Akustik am Banneraum an déi formidabel Burmester-Soundanlag, déi een direkt an d’Philharmonie beamt. E Luef gëtt et vu mir och fir d‘Zeréckhalung vun de Soundingenieuren, déi dem Auto kee Fake-Motorsound verpasst hunn. Wann de Radio aus ass, ass et roueg. Dat ass ganz nei Erfarung an hautdesdaags schonn e ganz besonnesche Luxus.

RTL

© Akim Schmit

Wéi mécht sech den EQS SUV dann op der Strooss. Du hues jo bestëmmt net just Musek am Auto gelauschtert?

Effektiv war ech och mam Auto ënnerwee. Eisen Testauto war den 450+, wat sech mat 360 Päerd (265 kW) iwwersetze léisst an an dëser Kategorie d’Entrée de Gamme duerstellt. Trotz der Leeschtung dierf ee sech dorënner keen Sportswon virstellen: ganzer 2,8 Tonnen bréngt den Elektro-SUV op d’Wo, an déi wierke sech net just op d’Fuereegeschaften aus, mee och op d’Reechwäit.

RTL

© Akim Schmit

108 kWh passen an d’Batterie. Mercedes rechent eng Reechwäit vu 600 km vir, a mengem Test ware realistesch 400 bis 450 km méiglech bei engem Verbrauch vun 31 bis 33 kWh/100km. Domat ass den EQS SUV keen Auto fir ze spueren.

Domat wiere mer beim Präis ukoum. An do si mer sécher an den ieweschte Sphären ënnerwee…

Mir spillen hei an enger Liga, wou ech frou sinn, wann ech den Testauto nees an engem Stéck an ouni Schréips ofginn: eisen Testauto als 450+ AMG Line start bei 120.700 Euro.

RTL

© Akim Schmit