• De PLUS

    • Präis-Leeschtung ass net ze schloen
    • ganz brauchbar Autonomie
    • extrem gelongent Fuerwierk
  • De MINUS

    • Bedéngen iwwert den Touchscreen
    • Assistenzsystemer nach net perfekt
    • Matièren

No dräi SUVen an engem Kombi mécht déi nees operstane Mark MG dann elo och hir éischt Schrëtt an der Kompaktklass, an zwar mam voll-elektreschen MG4.

Wat derhannert stécht an ob VW ID.3 a Co sech musse waarm undoen, dat huet de Paul Origer an engem ausféierlechen Test erausfonnt.

Automag: MG4

Design ass jo ëmmer eng Affaire de Goût, beim MG4 ass dat sécherlech och esou?
Ganz genee, ech hu mech schonn deemools beim éischten Nissan Leaf gefrot, firwat E-Autoen ëmmer besonnesch elle musse sinn an ech ginn zou, beim MG4 war et den éischte Moment e bëssen no drun. Mee wéi gesot, iwwer Goût kann een net streiden. Vu vir fannen ech de kompakte Chinees mam brittesche Logo net iwwel an déi sportlech käilförmeg Silhouette ass zum groussen Deel der Aerodynamik geschëlt. Hannen ass fir mech definitiv net d’Schockelassäit, mee do huet warscheinlech och nees de Wandkanal ee Wuert matgeschwat. Bannendran gëtt engem kloer dat MG op den ID.3 vu VW ziilt, den Tableau ass nämlech änlech minimalistesch. Trotzdeem ginn et Ënnerscheeder, op déi ech nach zeréckkommen.

RTL

© Paul Origer

Wat jo scho gewosst ass, dat ass de relativ gënschtege Präis fir een Elektroauto vun ënner 30.000 Euro – wat huet den MG4 dann do ze bidden?

Nawell vill... fir d’éischt emol ee kräftege Motor mat 125 oder 150 kW, dee wierklech gutt a spontan zoubäisst an den MG4 zackeg beschleunegt. Awer och a punkto Autonomie gëtt net gelappt; maximal 450 km si vill fir ee kompakten Auto, an der Praxis a bei wanterlechen Temperature kann ee mat reellen 350 rechnen. Geluede gëtt mat maximal 135 kW, vun 10 bis 80 Prozent brauch et esou 35 Minutten.

RTL

© Paul Origer

Eng grouss Roll spillt sécherlech de rietse Fouss, ouni opzepasse läit den MG4 bei 18 – 20 Kilowattstonnen, dat ass dann awer e Krack méi wéi de Konkurrent vu VW. Den héijen Testverbrauch ass dann awer och vläicht meng Schold an déi vun de Fuerwierksingenieuren - déi hu bei Fuerverhalen a Stroosselaach iwwerraschend gutt Aarbecht geleescht dat esouguer, Merci dem Heckundriff an dem déiwe Schwéierpunkt, Fuerspaass opkoum. Bis op déi bëssen ze syntheetesch Steierung gëtt et do wierklech näischt ze meckeren. Och soss rullt den MG4 gutt, mat extrem klengem Wendekrees handlech a mat ganz wéineg Geräischentwécklung confortabel.

Bis elo also ee gudden Androck an een Auto dee fir villes ze gebrauchen ass?
Dat kann ee soen; en huet Plaz a bequeem Sëtzer fir 4 - 5 Leit déi esouguer och hannen net schlecht setzen, plus nach 350 Liter Mall. Gutt, do ware wéinst dem Heckmotor Limite gesat. Domat léisst sech awer nach liewen, vläicht och mat deene relativ bëllege Matièren, déi fir dee gënschtege Präis néideg waren. De Plastik ass bal iwwerall haart, d’Konschtlieder fillt sech bëlleg un an den Teppech um Buedem huet no 1500 km scho Krausele gemaach.

RTL

© Paul Origer

Wat awer guer net geet, dat ass dat ëmständlecht Bedéngen iwwert de Multimediaschierm: d’Schaltfläche sinn ze kleng, d’Beschrëftungen net ze liesen an den Ecran reagéiert dacks net. Mol séier méi waarm dréinen oder den nervege Spuerhaleassistent ausschalten, fir all dat muss ee probéieren déi richteg Ikon ze treffen an am richtege Menü ze landen. Och den MG Pilot, dee semi-autonomt Fuere méiglech maache soll, muss nach Nohëllef kréien. Dacks erkennt en d’Spuer net a korrigéiert d’Vitesse wéi ee Fahrschüler an der éischter Stonn. A last but not least ass wéinst der schlechter Vue no hannen d’Réckfuerkamera net vu Muttwëll.

Mécht dann um Schluss de Präis nees alles gutt?
Ganz kloer, fir knapp 30.000 Euro fënnt en net vill oder näischt Vergläichbares. Virun allem an dëser Klass, mat enger brauchbarer Autonomie an Equipementer déi anerwäerts deier Oppräisser kaschten. Voll ausstafféiert mat der décker Batterie an 204 Päerd kascht den MG4 ronn 37.000 Euro. Nach ëmmer fair am Verglach mat engem ID.3, wou et eréischt bei 42.000 lassgeet, dann allerdéngs och an engem ganz anere Qualitéitsniveau.

RTL

© Paul Origer