• De PLUS

    • Handling vum Auto
    • Loftfiederung
    • vill Plaz
    • excellent verschafft
  • De MINUS

    • Zum Deel schlecht Siicht
    • Héije Präis

Am Automag gëtt de Stär haut eraus geholl. Mir schwätze nämlech iwwert den neien Mercedes EQE SUV.

Deen ass am Oktober zu Paräis offiziell presentéiert ginn an de Rich Simon war mat dobäi.

Automag: Mercedes-Benz EQE SUV

Den EQE SUV datt ass fir et emol salopp ze soen, eng fett Maschinn mat ganz vill Luxus?

Esou kann een effektiv den Auto ëmschreiwen. Fett wat de Volummen ugeet. Ëmmerhin ass den EQE SUV 4 Meter a 86 Zentimeter laang. Domadder zitt den Auto schonns eleng seng Blécker op sech. Luxus stëmmt och, well et ass un näischt gespuert ginn, wann ee bereet ass fir d'Optiounen vill Suen auszeginn. Wéi zum Beispill een Hyperscreen vun 1 Meter an 41 Zentimeter.

RTL

© Rich Simon

Der Rei no awer: EQE steet fir komplett elektresch. Domadder bleift Mercedes senger Linn Trei, fir bis un d'Enn vun dësem Joerzéngt déi komplett Gamme op elektresch ëmzestellen. Zwou Motorisatiounen ginn ugebueden: Den 350. mat 292 Päerd an de 500. mat 408 PS. Eng drëtt Motorisatioun gëtt et awer nach vun AMG. Déi huet dann 476 Päerd, déi konnt ech awer net testen, dofir bleiwe mir bei den zwou éischt genannten. Mat engem speziellen A op den 350, dee menger Meenung no och fëllegen duergeet. 2.450 Kilo weit den Auto. Mat deenen 292 Päerd packt een de Sprint vun 0 op 100 a 6,6 Sekonnen. Dat ass schonns sportlech. Beim 350. kann een iwwregens tëscht hannegedriwwen a 4 Rad wielen. Dat ass beim 500 net de Fall, dee gëtt et just mat 4 Rad Undriff.

RTL

© Rich Simon

Op der Strooss

Mercedes huet d'Lat ganz héisch geluecht. Bei deene Moossen, déi den Auto huet, schwätze mir sécher net vun engem kompakten SUV. An awer ass den Handling vum Auto einfach nëmme genial. Dat ass ee Wuert, wat ech äusserst seele benotzen. Et ass awer hei ganz einfach ubruecht. Du hues d'Méiglechkeet fir tëscht 4 Modussen ze wiesselen. Eco, Comfort, Sport a Individuel. Ech perséinlech hu mech am Comfort Mode am wuelste gefillt. Do ass fir mech den Auto perfekt ofgestëmmt, och wann ee bësse méi sportlech ënnerwee ass. A propos ofstëmmen. Als Optioun bitt Mercedes eng Loftfiederung un. Déi normal ass schonns immens gutt, wann ee sech allerdéngs fir d´Loftfiederung entscheet, dann tendéiert een dozou, datt  ee gären all Lach an all Knupp an der Strooss siche geet, fir einfach nëmme begeeschtert ze sinn, wéi den Auto dat alles opsaugt. Eng weider Optioun ass d´Lenkung op de hënneschter Achs. Déi sech bis zu 10 Grad dréit. Praktesch ausgedréckt heescht dat, datt de Wendekreess 2 Meter manner ass wéi normal. Bei engem Auto vu bal 5 Meter längt eng sënnvoll Optioun. Virun allem an den dacks vill ze enke Parkhaiser. Dobäi fillt den Auto sech awer och an de Kéieren nach besser un.

RTL

© Rich Simon

De Verbrauch ass natierlech net onwichteg. Dee gëtt Mercedes tëscht 17,6  an 19,2 kW/h un. Am Test louch de Verbrauch bei 20,2 kW/h. Wat d´Autonomie ugeet. Déi gëtt d´Mark vu Stuttgart mat bis zu 593 Kilometer jee Modell un. Iwwer den normale Wiesselstroum kann een den Auto mat bis zu 11 kW lueden. Bei Gläichstroum bis 170 kW.

Bei esou vill Positivem, muss dach awer och nach eppes Negatives sinn....

Et ass wierklech schwéier bei deem Auto vill Negatives ze fannen. Bei deem Präis den den EQE SUV kascht, ass dat am Prinzip och normal. Zwou Saache si mir awer opgefall: Wann's de am Auto setz, da gesäis du de Capot net. Dat huet domadder ze dinn, datt deen relativ vill Neigung no ënnen huet. Domadder ass et relativ schwéier, ee Repère ze fannen an du bass op d´Kamera ugewisen. Den zweete Punkt huet och och nees mat der Vue ze dinn. D´A Seil, also déi, déi vir am Auto laanscht d´Säitefënster erof geet, ass esou placéiert, datt ee wann een duerch eng enk Lénkskéier fiert, een op engem gewëssen Moment net méi vill op d'Strooss gesäit. Bei eis am Land ass dat villäicht elo net de grousse Problem, wann een allerdéngs eng Kéier Biergpäss mat ville Serpentinne fiert, da kann dat no enger gewëssener Zäit nerven.

Bleiwen zum Schluss nach d'Präisser: Den EQE SUV ass alles anescht wéi bëlleg. Den 350. fänkt bei ronn 87.000 Euro un, de 500. bei ronn 111.000 Euro.

RTL

© Rich Simon