Ford Ranger Raptor
-
De PLUS
- Staarke Motor
- Am Gelänn doheem
- Veraarbechtung
-
De MINUS
- Duuschtereg
- Et brauch ee vill Plaz
- Feedback via graff Pneuen zimmlech indirekt
Nodeems mer virun e puer Wochen de VW Amarok schonn am Test haten, ass et haut souzesoen um grousse Brudder.
Et gëtt nämlech eng Kollaboratioun tëscht VW a Ford... an déi hu mam Ford Ranger Raptor d’Basis fir dëse Modell gebaut. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun hat en am Test.
Fir déi, déi sech mat de Modeller net sou auskennen, beim Ford Ranger Raptor handelt et sech ëm e Pickup... eng Kategorie vun Autoen, déi een éischter seelen an eisem Stroossebild gesäit. D’Luedfläch ass an dësem Fall ronn 1m60 laang an op der schmuelster Plaz 1m20 breet. Dat geet duer fir sou munches ze transportéieren, soulaang et net méi wéi 650kg weit.

© Andy Brücker
Et muss ee schonn eng ganz Partie Ego matbréngen, wann ee mam Ranger Raptor ënnerwee ass. En ass 5m36 laang, 2m20 breet a fir eranzeklammen, brauch een eventuell d’Trëttbriet, deemno wéi grouss ee selwer ass. Dobäi kommen e sëllege Features un der Carrosserie, déi den Optrëtt vum Raptor nach méi... wéi soll ech soen… "maskulin" wierke loossen.
Undriff
Verbaut ass en neien 3 Liter V6 Twin-turbo Ecoboost Motor mat 292 PS a 491Nm Dréimoment. Et ass de stäerkste Ranger, dee jee esou vum Wierk op de Marché komm ass. Geschalt gëtt iwwert eng 10-Gang Automatik… jo richteg héieren… 10 Gäng! An déi Boîte passt richteg gutt bei de Ranger.
Et ass ee mat permanentem Allrad-Undriff ënnerwee, ma duerch Differentialer un der viischter an der hënneschter Achs, kann een de Raptor ganz flexibel astellen.

© Andy Brücker
Et gi 7 verschidde Fuermodi, mat deenen een op all Terrain ëmmer de richtegen Undriff dierft hunn. Sief et am Sand oder Schnéi, am Bulli, op Schotterweeër, oder souguer de Modus «Baja». Dat ass fir héich Vitessen am Gelänn. Hei kënnt dann och den aus dem Rennsport bekannten «Anti-Lag-System» an den Asaz, bei deem d’Drosselklapp bis zu 3 Sekonnen opbleift, wann ee vum Gas geet, an esou den Turbolader op Toure bleift an an all Situatioun Drock am Kessel ass. E weidere Baja-Modus gëtt et bei der Auspuffanlag... deen däerf een awer am normale Stroosseverkéier net notzen, well deen ass schonn zimmlech haart, ma et ass awer schéin d’Optioun ze hunn.
Op der Strooss
Fueren deet de Raptor sech am Alldag ganz bequeem. Duerch déi héich Sëtzpositioun huet een och e gudden Iwwerbéléck. D’Lenkung ass duerch déi graff Pneuen e bëssen indirekt, ma do winnt ee sech drun. D’Sëtzer si ganz bequeem, dat och op méi laange Faarten. Eng gutt Aarbecht mécht och dat iwwerschaffte Fuerwierk, dat dem Auto seng Limitten am Terrain nach emol méi héich setzt. Amortisseure vu FOX si verbaut, déi am Rennsport bewisen hunn, wat se drop hunn. Erstaunlech ass déi enorm Buedemfräiheet, an d’Böschungswénkelen déi ee meeschtere kann. Sollt een awer mol opsetzen, kënnt de robusten Ënnerbuedemschutz an den Asaz.
Via d’Attache-Remorque kann een iwwregens 2,5 Tonnen zéien, wat 1 Tonn manner ass wéi beim Ranger XLT.

© Andy Brücker
Navi an Infotainment
Et kuckt een op den 12,4 Zoll grousst Kombi-Instrument viru sech, an dobäi kënnt nach en 12 Zoll Ecran an der Mëttekonsol, iwwert deen een de Kommunikatiouns- an Entertainementsystem Ford Sync 4 steiert. Apple CarPlay an Android Auto sinn ouni Kabel ze connectéieren. Déi Verbindung ass bei mengem Test allerdéngs ëmmer nees ënnerbrach ginn.

© Andy Brücker
Praktesch ass d’360°-Kamera, well Parkplaze wierken definitiv wéi wa se agaange wieren, wann ee mam Raptor wëll parken. D’Vitess déi engem als erlaabte Vitess ugewise gëtt, war dacks net déi, déi real op deene Stroossen erlaabt war. Dorobber sollt ee sech also net verloossen. Positiv ze ernimme bleift nach d’Bang and Olufson Soundanlag mat 10 Lautsprecher a 640 Watt Output.
Fazit
Fir Leit, déi sou en Auto berufflech oder fir hiren Hobby brauchen, ass et sécherlech eng wëllkommen Ofwiesslung zu de méi brave Vertrieder aus der Pickup-Kategorie. De Verbrauch ass mat 13,8 Liter op 100km uginn. Ech war um Enn bei 14,2 Liter... wat net wéineg ass. Ma dofir kritt een awer och Fuerspaass. Präislech geet et lass bei knapp ënner 70.000 Euro.