• De PLUS

    • doucen, harmoneschen an awer ganz sprëtzegen Undriff
    • elektresch Autonomie
    • extrem séier a reaktiv Sproochsteierung
  • De MINUS

    • komplizéiert Bedéngen iwwert den Touschscreen
    • kee renge Verbrenner-Modus bei de Fuerprogrammer
    • Steckdous fir ze lueden op der lénker Säit

Et muss net ëmmer een SUV sinn, wann ee gären héich sëtze wëll.

Mercedes B-Klass a BMW 2er Active Tourer heeschen déi zwee Vertrieder an der Kategorie vum héije Kompakten, déi zu Onrecht e bëssen an den Hannergrond geréckelt ass. No der Dieselversioun 218d hat de Paul Origer elo de Plug-in Hybrid 225e am Test.

Als Hybrid, keng grouss optesch Ännerungen am Verglach mam 218d
Nee, och als Hybrid bleift et beim Design am typesche Stil mat bannenan dem groussen Touchscreen an der typescher Mëttelkonsol am Comptoir-Stil. A leider och mat der selwechter relativ komplizéierter Bedéngung; et muss vill an de Menüen tëscht klengen Ikone gesicht ginn. Mäin Tipp: d’Sproochsteierung benotzen, déi huet quasi all Wonsch op den éischte Coup verstanen. E klengen Ënnerscheed baussen ass natierlech eng zousätzlech Klapp vir lénks wou de Luedkabel agestach gëtt. An enger Längs-Parkplaz ass dat praktesch, queesch gëtt et scho mol méi komplizéiert, zemools a Fahrtrichtung. Firwat do net dru geduecht gouf fir d’Steckdous op déi riets Säit ze bauen?

RTL

© Paul Origer

Ech huelen dann un dat mer haut haaptsächlech iwwert de Motor schwätzen?
Richteg, oder éischter gesot, d’Motor-Kombinatioun. Am 225e ass dat ee 1500er Turbo-3-Zylinder mat 136 PS deen déi viischt, esou wéi een Elektromotor mat 109 PS, deen déi hënnescht Rieder undreift. Zesummen ergëtt dat eng Systemleeschtung vun 245 PS mat déier den Active Tourer richteg gutt an ouni Traktiounsproblemer virugeet. Besonnesch am Sportmodus bäisst de Motorduo richteg gutt zou. Wat awer nach méi faszinéiert, dat ass déi perfekt Zesummenaarbecht vu béide Motoren an der automatescher Boîte - vu Geruckels oder Ufuerschwächt war keng Spuer - déi vill Bemolen déi et deemools beim Diesel gouf, si beim Hybrid komplett verschwonn. Weder akustesch nach soss ass de Wiessel ze spieren, d’Elektronik managet dat alles am Hannergrond.

RTL

© Paul Origer

Gutt funktionéiert huet och dat reng elektrescht Fueren; am Idealfall bis zu ronn 80 km wäit, un der Borne gelueden ass den 2er Active Tourer nees a gutt 2 Stonne voll. Strikt am Elektro-Modus bleiwen ass dann och méiglech, wann een an de Menüen e bësse ronderëm sicht. De Bensinner dogéint eleng fueren fir en z.B. douce op Temperatur ze brénge geet just mam aggressive Sport-Modus. Schued, do leid mäi Gefill fir d’Mécanique dann awer.

Wéi ass et da mat der BMW-typescher Freed um Fueren? Dierf een sech déi beim Hybrid och nach erwaarden?
An ob! Och den 225e läit knackeg a sat op der Strooss, d’Steierung ass präzis a kommunikativ, dozou passen déi perfekt ausgeformte Sëtzer vum M-Sport-Package. Op der anerer Säit geet et awer och komfortabel; d’17-Zoll-Rieder vum Testauto hunn der Fiederung nach vill Sputt gelooss an déi extrem niddereg Geräischkuliss stoung engem méi grousse BMW an näischt no.

RTL

© Paul Origer

Vill Technik a vill Leeschtung fir vill Euro?
Virun allem d’Hybrid-Technik kascht; 44.000 € si minimum fälleg, flott Optiounen loossen den 2er Active Tourer awer och séier iwwer 50.000 goen. De reelle Verbrauch war e bësse schwiereg erauszefannen; herno stoung no iwwer 500 Testkilometer eng 4 virum Komma - wéi bei all Hybrid gouf déi Moyenne sécherlech nëmmen duerch fläissegt Lueden erreecht.

RTL

© Paul Origer