BMW iX5 Hydrogen
A wa mir awer net alles op eng Kaart setze géifen?
Dat denke sech och verschidden Auto Marken an hu parallel zu der Elektromobilitéit och un aneren alternativen Energiequelle gefuerscht. Stéchwuert: Hydrogen, also Waasserstoff. Esou och BMW, an hire Modell iX5 Hydrogen hat dëser Deeg och hei zu Lëtzebuerg Statioun gemaach. De Christian Schmit war fir eis mat dobäi.
Effektiv ass BMW am Moment am gaange mat de Praxistester fir e Seriestart vu Modeller déi mat Waasserstoff ugedriwwe ginn. An esou koume mir an de Genoss fir de BMW iX5 Hydrogen aus dem Fuerschungslabo vu München kennenzeléieren an en Tierche mat him ze dréinen.
Net all Dag beweegt een e Prototyp, mee eigentlech ass deen heite prett fir op d'Strooss. Weder baussen nach bannen deit hei eppes op esou e Protoyp oder Pré-série hin.

© Christian Schmit
An esou starte mir dëse bayresche Motor mat Hydrogen Power. A séier schwamme mir mat am Verkéier a sinn, och op deem kuerzen Trajet, agreabel iwwerrascht iwwer d’Acceleratioun an d’Rekuperatioun. Eng 500km soll ee mam BMW iX5 kommen. Kaum méi wéi en Elektroauto sot dir? Dat stëmmt vläicht, mee dofir awer méi séier gelueden.

© Christian Schmit
Wann dann emol eng Tankstell, déi Waasserstoff ubitt, an der Géigend ass. Am Moment sinn dat der nämlech 0 am Grand-Duché an och der nëmmen knapps 200 an Europa. Weltwäit komme mir net emol op 1000 am Ablack, an dat op deene 5 Kontinenter.
BMW wëll et also och elo wëssen an de Waasserstoff net nëmmen fir Camion a Bus salonsfäeg maachen. De Jereon Lissens, de Mann vun der Kommunikatioun bei BMW BELUX erkläert.
"On essaye de réduire la dépendance d'une seule ou deux technolgies. Soit le moteur avec combustion interne et la voiture 100% électrique. Donc on mise avec l'hydrogène sur une troisième alternative pour reduire notre dépendance."
Aner Marke si scho méi wäit viru wéi d’Ingenieuren zu München. Fréistens 2025 wär een hei prett fir de Waasserstoff-BMW ze lancéieren.
"Cela peut être en effet dans notre fameuse "Neue Klasse" qu'on va annoncer d'ici 2025. On sait déjà que l'hydrogène sera le moyen de transport du futur."
Bon bis dohinner stinn dann och scho méi Zap-Sailen zur Dispositioun, an d’Entwécklungskäschten, an domat de Präis fir de Client, konnten och vläicht jee no Demande reduzéiert ginn.
D'Virdeeler sinn e bessere Wierkungsgrad wéi beim E-Auto, en eegent sech besser fir Leit, déi doheem net kënnen oplueden, awer och fir deen, dee vill a wäit ënnerwee ass a Leit déi dacks mat Unhänger ënnerwee sinn.
Bei BMW gleewe se un de Succès, mir halen di Saach am A, mee et war jo nach ni falsch am Liewen di eng oder aner Alternativ ze hunn.
Am Moment also nach Zukunftsmusek, mee op alle Fall war dem BMW iX5 Hydrogen säin Optrëtt an der Rockhal zu Esch gelongen, an deemnächst gëtt et also och nach aner Musek, déi ënnert engem BMW Capot spillt.

© Christian Schmit