Bella Italia heescht et elo am Automag. Dat mat der Mark Alfa Romeo, déi sech dach zimmlech seelen op eise Stroosse gemaach huet.

De Christian Schmit war elo an der Belsch dobäi wéi d’Neiegkeete ronderëm Giulia a Stelvio lancéiert gi sinn. An dat ënnert dem Motto „Evolving is a perfomence art“.

Automag: Alfa Romeo Giulia & Stelvio Relooking

Beim Facelift vun de Modeller Giulia a Stelvio geet et ganz kloer ëm Evolutioun statt Revolutioun.

7 Joer hunn déi zwee schonn um Bockel, an e ganz éierleche Managing Director Milosz Tomanek huet betount, dass si d’Réckgrat vun der Mark sinn. Nëmmen deenen zwee Modeller wier et ze verdanken, dass de Grupp Stellantis un Alfa Romeo festgehalen huet, an elo zesumme mat DS an deemnächst erëm Lancia zum Premium-Segment gehéieren.

"C'est renaissance et en même temps métarmophose pour Alfa Romeo. Grâce a Giulia et Stelvio on sait que Alfa est resté dans le marché. Maintenant on doit se reinventer pour être prêt pour le futur."

RTL

© Christian Schmit

Nëmmen den agefleeschten Alfisti wäerten d’Karosserie-Retuschen um Küler Grill, Scudetto gedeeft opfalen.

Méi markant dann dach di adaptiv Matrix LED Luuchten déi elo fir Giulia a Stelvio spendéiert goufen. Déi Triple U Grafik spréngt engem an d’A a steet deenen zwee ganz gutt. An och di hënnescht Luuchte goufen iwwerschafft.

RTL

© Christian Schmit

Bannenan bleift op den éischte Bléck alles beim alen. Mee esou bal demarréiert gëtt, gesäit een dass um Tableau de bord dat analoogt dem digitale gewach ass. Et gehéiert jo mëttlerweil zum gudden Toun digital Instrumenter ze hunn.

Den Touchscreen léisst sech e bëssche fléiwen, mee Temperatur a Gebléis kënnen nach separat agestallt ginn.

Bei Alfa Romeo gouf genee analyséiert wéi eng Modeller an der Lescht gefrot, an deementspriechend si Motorisatiounen aus dem Konfigurator erausgeflunn.

Beim Giulia sinn et elo d’office 280 PS a 4X4 fir de Bensinner. Och Diesel ass bei Alfa nach en Thema, an do sinn et elo mindestens 210 PS a Kombinatioun mat der Q4 Allrad Traktioun.

Nix Mild oder Plug-In Hybrid, oder 100 % E-Power. Jo et goung esouguer dowéinst vun enger „analoger“ Presentatioun rieds.

Mat attraktive Präisser, neie Faarwen an ugepassten Assistenz- an Entertainmentsystemer soll den Duo Stelvio & Giulia da bis 2027 duerchhalen. D’Série limitée Competizione mat engem Touch Formel 1 Technologie kann duerchaus och nach heizou bäidroen.

RTL

© Christian Schmit

2027 wëll Alfa Romeo awer da scho prett si mat enger 100% elektrifizéierter Gamme. Vum leschten aus der Klass zum Primus?

"De 0 voiture électrifiée, à 0 CO2 pour nos voitures pour fin 2026. On passe quelque part du dernier de la classe en tant qu'électrification au premier de la classe."

"From 0 to 0" dat ass Strategie.

Jo an den Ufank ass jo mam Modell Tonale scho gemaach. Deen éischten Alfa mat Stécker, deen hu mir och schonn dierfe fueren, a presentéieren iech deen dann och deemnächst hei am Automag.

RTL

© Christian Schmit