4x4-Musée vun engem Scheich an de Vereenegten Arabeschen Emirater
Nach ni war am Automag e Scheich involvéiert. Déi Kéier schonn, well mir sinn op Besuch am weltwäit eenzege Musée, exklusiv mat 4X4 Gefierer.
De Christian Schmit war an d’Wüüst gefuer, an huet an de Vereenegten Arabeschen Emirater engem Scheich seng bombastesch Kollektioun konnte bewonneren.
Et ass déi vun His Royal Highness Sheikh Hamad Bin Hamdan Al Nahyan. Als "Rainbow Sheikh" steet e gläich e puer mol am Guinness Buch vun de Weltrekorder, mat sengen Auto-Muséeë vun der Superlativ.
Mir sinn zu Al Madam, eng Stonn vun Dubai ewech Richtung Sultanat Oman.
Matten an der Wüüst, do wou eigentlech Kaméiler doheem sinn, do ass déi eemoleg 4X4-Kollektioun mat Auto, Jeep, Camionen a Militär-Gefierer ënnerdaach komm.
En Areal mat Halen, déi et labber mat deene vun der fréierer WSA bei eis am Land kënnen ophuelen.
En iwwerdimensionalen Hummer, Willy’s Jeep an e Big Wheeler Pick-Up empfänkt ee baussen, an déi deite schonn drop hin, wou d’Rees higeet.

© Christian Schmit
Wëllkomm am Offroad History Musem, mat am Moment 518 Exemplairen, a ganz raren Objeten.
De Scheich Hamad, dee wierklech e Faibel fir Autoen huet, huet sech hei en Dram erfëllt?
I love offroad cars. You must know I'm retired, and when you are retired you have a lot of time and if you have money, you can convert that your dreams come true.
Iwwer Geld muss e sech keng Suerge maachen. Mat geschaten 20 Billiounen Dollar dierfen Dreem och gären an der XXL-Versioun ausfalen.

© Christian Schmit
Schonn no e puer Minutte fält engem op, wéi komplett an aussergewéinlech hei all Marken, déi 4X4 am Programm hunn, wéi Zaldoten adrett an der Rei stinn.
An et gëtt op eng zolidd Starr-Achs geschwuer. “If it doesn’t have a solid front axle, then it is not a real Off Road Vehicle”.
Den Offroad-Museum ass opgedeelt a Sektioune mat reng amerikanesche Modeller, deenen aus Japan oder därer aus Europa.
We concentrate that we have every manufacturer. South America even, Russia and China. So we try to have every 4X4 available. Because this museum is for education not for entertainment.
Am Army Building gëtt et dann ënner anerem de „Larc 60“ ze bewonneren. En Amphibië Gefier wat am Korea Krich bei den Amerikaner am Asaz war, mat Plaz fir 200 Leit.

© Christian Schmit
A wéi hat de 74 Joer ale Billionär gesot, nieft dem néidege Kapital, hätt hien och elo ganz vill Zäit.
Jo an esou entstinn dann ganz aussergewéinlech Unikater wéi e Nissan Patrol oder Toyota Land Cruiser mat 4, amplaz vun zwou Achsen.
Dem Faass de Buedem aus schléit awer a mengen Aen e Gefier wat „Dhabyan“ gedeeft gouf. Hei schwätze mir da vun engem 10X0 Wheeler? En nobäi 11 Meter laange 24 Tonne schwéieren SUV.
We said with that one we fill the box. It is the biggest, longest and the widest and the most powerful SUV. So this is a show car, also functional, but to big to drive it every day.

© Christian Schmit
Jo net besonnesch handlech, mee an der Wüüst ass jo Plaz. An esou e Scheich huet bestëmmt déi néideg Relatiounen, fir di eng oder aner Strooss kuerzfristeg ze spären.
De Grand-Duché kennt de Scheich och gutt, well eis Cargolux bréngt reegelméisseg nei Autoen an d’Emirater, déi beim Scheich Hamad gefale fannen an hien a senger Kollektioun wëll gesinn.