Toyota bZ4X
-
De PLUS
- schnëttegen Design
- Fuercomfort
- gutt Veraarbechtung
-
De MINUS
- Autonomie
- Luede geet ze lues
D’Japaner vun Toyota ware Pionéier wat d’Hybrid-Technik ugeet... beim reng elektreschen Undriff hu se sech awer Zäit gelooss.
Laang hu se sech bei Toyota op d’Hybrid-Technik verlooss, grad ewéi d’Entwécklung vum Waasserstoff-Auto viru gedriwwen. De Chef vun Toyota ha scho fréi kloer gemaach, dass d’Elektromobilitéit, a sengen Aen, net eleng d’Zukunft kéint sinn, an dass si och weider un Alternative schaffe wäerten. Ma ganz laanscht d’Thema Elektroauto si se dann awer net komm, a sou konnt ee gespaant sinn, wéi den éischten eegestännege reng elektresche Modell vun Toyota wäert ausgesinn, a virun allem wat e kann.
Beim Numm ware se scho mol ganz kreativ... bZ4X, klengt dir d’éischt emol komesch... ma et steet fir «beyond Zero», wat déi nei Ënnermark vun Toyota duerstellt, ënner där Elektroautoe lafe wäerten. Dann d’4, wat d’Segment duerstellt, an där den Auto anzeklasséieren ass, hei eng Mëttelklass, an den X fir de Crossover SUV. Den Auto baséiert op der nei-entwéckelter Plattform eTNGA, déi elo bei all den elektrifizéierte Modeller vun der Beyond-Zero-Gamm wäert an den Asaz kommen.
Design
Futuristesch ass wuel dat Wuert, wat mer spontan als éischt duerch de Kapp gaangen ass, wéi ech de bZ4X fir d’éischt gesinn hunn. Eng markant schnëtteg Front mat engem schmuele Luuchtendesign, grad ewéi deem engen oder anere Loftalass, fir d’Aerodynamik ze verbesseren. Als Verlängerung vum Daach en zwee-gedeelten Heckspoiler, als Iwwergang op eng laanggezunnen Heckscheif, an dann nach emol e klenge Spoiler iwwer dem hënneschte Luuchteband. Op der Säitelinn falen déi grouss plasitks Elementer iwwert de Radkëschten op, déi den Offroad-Look nach emol ënnersträiche sollen.

© Andy Brücker
Am Banneraum schwätzt ee bei Toyota selwer vun enger "Lounge-Ambiance". Sou kënnt z.B. e gewiefte Stoff um Amaturebriet an den Asaz, dee sech nawell gutt afüügt a sech och gutt ufillt. Wéi ufälleg dee wäert sinn, muss d’Zukunft weisen. Vill schwaarze blénkege Plastik gouf als Deko-Element genotzt. Do gesäit een natierlech all Fangerofdrock a Stëbskär vum Feinsten, ouni mussen d’Lupp erauszehuelen.

© Andy Brücker
Op der Strooss
Fueren deet de bZ4X sech ganz gemittlech. D’Steierrad-Positioun ass liicht méi niddreg, wéi dat wat ee vun anere Marke gewinnt ass, ausser vläicht bei Peugeot, ma et winnt ee sech séier drun. An den Drive-Mode wiesselt ee via en Dréi-Knapp an der Mëttelkonsol, dee gutt an intuitiv ze bedéngen ass. Grad ewéi bei der Schwëstermark Lexus gëtt et och hei de «one pedal drive» modus, wou een da quasi komplett op d’Bremspedall verzichte kann. Dee Modus war awer net ëmmer verfügbar, grad ewéi den Tempomat, deen ech och net ëmmer notze konnt, wann ech wollt. Wisou? Keng Anung. Den Auto war vläicht nach an der Léier-Phas, well en hat grad emol 15km um Tacho, wéi ech e fir den Test siche war.
Dat nervt
A propos Auto siche goen... déi frëndleche Madamm bei Toyota huet mer mat op de Wee ginn, dass ech dach w.e.g. d’Klima-Anlag net soll umaachen, well dat géif op Käschte vun der Autonomie goen. Ech sollt léiwer d’Sëtzheizung, respektiv d’Steierrad-Heizung notzen. Ech hunn Ufanks net vill op déi Ausso ginn, a sinn dann och ouni Klima fortgefuer. Dat ass awer net laang gutt gaangen, well wou et ugefaangen huet mat Reenen, an ech aus engem Tunnel erausgefuer sinn, ass déi viischt Fënster direkt massiv ugelaf, an ech hat Schwieregkeeten nees fräi Siicht ze kréien, mam Gebléis op Vollgas. Eng éischt voll geluede Batterie sinn ech dann ouni d’Klima ze notzen eidel gefuer, a si grad emol 267km wäit komm... dat bei wanterlechen Temperaturen tëscht 0 an 10 Grad. Nees vollgelueden huet d’Autonomie-Unzeig mer 395km ugewisen. Soubal ech d’automatesch Klima-Anlag aktivéiert hunn, ass d’Autonomie op 288km erofgaangen... iwwer 100km Autonomie-Verloscht just wéinst Klimaanlag?? Dat kann an däerf net sinn. Vrun allem wann ee bedenkt, dass ech Mëtt Februar tatsächlech just plusminus 270km komm sinn, ouni Klimaanlag.

© Andy Brücker
Ech sollt een Dag vun Angelduerf op Suessem fueren, via Tëschestopp zu Hënsdref, dat si 67km. Ech hat 92km Autonomie, wou ech fortgefuer sinn, Klima a Radio aus, sollt also masseg duergoen. Zu Hënsdref ukomm waren et nach 50km Autonomie, an op der Autobunn Héicht Féiz nach 5km. Deemno sinn ech do vun der Autobunn erofgefuer an un déi nächst-Bescht-Luedstatioun, un där ech dunn 1 Stonn houng. Do konnt ech just mat 6kw lueden, well eisen Testauto net méi zougelooss huet. Toyota huet mer awer zougeséchert, dass all déi Modeller, déi un d’Cliente verkaf ginn, awer 11kw verdroen, sou wéi déi meescht Bornen dat och aspeise kënnen... oder bis zu 150kw wann een op eng Schnellluedstatioun geet. Där war leider keng zu Féiz ze fannen.
Zu Suessem dunn hunn ech den Auto un eng normal Steckdous gehaange fir ze lueden... dat hätt 39 Stonne gedauert, fir voll ze lueden. Sou laang sinn ech net do bliwwen, ma zumindest konnt ech sou laang lueden, dass ech duerno nach bis heem komm sinn, an den Auto dunn iwwer Nuecht konnt op enger normaler Borne lueden, fir den Dag drop.
Et misst een den Exercice nach emol maachen am Fréijoer/Summer, fir ze kucke wéi d’71kwh-Batterie sech bei Temperaturen tëscht 15 a 25 Grad verhält, an ob een do un d’Autonomie vun iwwer 450km erukënnt, déi mam Allradler solle méiglech sinn. Ech louch bei engem Verbrauch vun 23,9 kw/h – laut WLTP solle 15,8 méiglech sinn.
Präisser
Lass geet et bei 54.475 Euro fir den Astiigs-Fronttribler. Eisen Testauto war d’Allrad-Versioun an der Premium-Ausstattung. Do ass een da bei 65.655 Euro, virun Optiounen.

© Andy Brücker