Weltpremière Cupra Tavascan
Am Automag vun haut presentéiere mir iech een Auto, deen awer réischt dat nächste Joer eraus kennt. Nämlech de CUPRA Tavascan.
Ier mir op den Auto konkret ze schwätze kommen, wou kënnt deen Numm "Tavascan" hier?
Cupra ass jo nach eng relativ jonk Mark. Zanter 2018 si se eréischt um Marché an et ass eng Mark, déi hire Sëtz am spuenesche Katalounien huet. Tavascan ass eng Uertschaft a Katalounien, an dohier kënnt den Numm.
D'Weltpremière war awer net a Katalounien mee zu Berlin, an dat am Kader vun der Formula E. An domadder wiere mir och schonns beim Thema. Den Tavascan ass den éischte komplette elektreschen SUV Coupé dee Cupra op de Maart bréngt. De Born gëtt et schonns, allerdéngs ass dat keen SUV. Ech hunn et gesot, et war eng Weltpremière an den Auto ass just gewise ginn. Ech hat also keng Méiglechkeet domadder ze fueren an dofir kann ech och just meng visuell Andréck zum Beschte ginn.
A wéi sinn déi visuell Andréck dann?
All Auto dee Cupra bis elo op de Marché bruecht huet, huet seng eegen, ech wëll et emol sou nennen Cupra-DNA. D'Zil vun den Designer ass et d'Management mat hiren Iwwerleeungen a Skizzen ze schocken. Dat kënnt elo net onbedéngt vu mir, mee dat huet de Chef Designer vum Tavascan esou op der Virstellung gesot. D'Management mécht bei deem Spill mat an d'Rechnung schéngt och opzegoen. Cupra ass nämlech déi Mark an Europa, déi am séiersten wiisst. Dat heescht, datt d'Verkafszuelen den Designer Recht ginn. 2019 gouf de Tavascan als sougenannte Concept Car eng éischte Kéier virgestallt. Bei deene meeschte Marken bleift vum Concept Car spéider an der definitiver Versioun net vill iwwreg. Dat ass bei Cupra awer anescht. An dat ass och gutt esou.

© Johannes Nollmeyer
Den Tavascan, deen elo presentéiert gouf ass praktesch dee vu viru 4 Joer. Et ass een SUV, dee sech vun deenen aneren déi um Marché sinn ofsetzt. Et sinn Ecken a Kanten drun, déi dem Auto eng gewëssen Aggressivitéit ginn, ouni awer elo ze vill ze provozéieren. Markant, an dat kennt een och schonns vum Cupra Formentor sinn déi Dräieckeg Luuchten an och déi grouss Lüftungsgriller. Wa mer den Auto elo vu banne kucken, da fält nees, an och dat ass Cupra typesch, de groussen Display op, mat 15 Zoll, deen an der Mëtt placéiert ass. Alles ass iwwersiichtlech, d'Sëtzer si sportlech an et huet een souwuel vir wéi och hanne genuch Plaz.
Wat huet den Tavascan ënnert der Hauf, respektiv an der Batterie?
Den Tavascan gëtt an zwou Versiounen ugebueden. Déi méi kleng ass een Elektromotor mat 210 kW op der hënneschter Achs. Déi méi déck Versioun, déi sech VZ nennt, huet een Elektorundriff op der viischter Achs mat 80 kW an dann och een hanne mat 210 kW. Bei de méi décker Versioun ass een da logescherweis mat 4-Radundriff ënnerwee an dat och nach ganz séier. De Sprint vun 0 op 50 gëtt bei 2,4 Sekonne gestoppt an op 100 ass een a 5,6 Sekonnen.

© Johannes Nollmeyer
Et ass en Lithium-Ionen-Batterie mat 77 KwH, déi fir d'Leeschtung responsabel ass. Déi soll eng Autonomie vu bis zu 550 Kilometer assuréieren. Mat maximal 135 kW soll een den Akku a manner wéi 30 Minutten vun 10 op 80 Prozent kënne lueden. Wéi gesot sollen, well teste konnte mir den Auto net. Dat dierft och nach bëssen daueren, de Cupra Tavascan soll nämlech eréischt am Summer 2024 an de Garage stoen. An ier der iech elo frot, wat den Auto kascht, ginn ech schonns eng Äntwert an déi ass, datt d'Präisser nach net bekannt sinn. Bekannt ass awer, datt den Auto wuel a Spuenien entwéckelt gouf, awer beim Mammekonzern VW a China gebaut gëtt. Op dat an den Zäite wéi se haut sinn ee Verkafsargument ass, woen ech ze bezweiwelen. Nonobstant sinn ech mir awer sécher, datt den Tavascan nees ee Modell vu Cupra gëtt, dee sech sécherlech nees extrem gutt wäert verkafen, an dozou bäi wäert droen, datt déi jonk Mark nach weiderhi wäert wuessen.