• De PLUS

    • sympathesche Look
    • kompakt Dimensiounen
  • De MINUS

    • Fuerdynamik
    • wéineg Plaz op der Réckbänk
    • Präis

Et ass den Auto vum Joer 2023! Deemno sinn d'Erwaardunge virum Test schonn zimmlech héich.

Wann een un déck amerikanesch 4x4 denkt, kënnt engem d’Mark Jeep wuel als éischt an de Sënn. Abee, d’Zäiten ännere sech: mam Avenger huet den amerikaneschen Hiersteller elo säin éischten voll elektreschen SUV am Programm. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp mat den Detailer.

Automag: Jeep Avenger

Jeep ass net just eng Mark, mee och Synonym fir eng ganz Kategorie un Autoen. Autoen, déi ee knaschteg maachen dierf an déi een esouguer dann nach viru bréngen, wa wäit a breet keng Strooss méi ze gesinn ass. An elo bréngt Jeep den éischte Modell eraus, bei deem d’Jerry-Can, also de Bensinnskanister, héchstens nach en trendy Accessoire ass. Den Avenger ass nämlech reng elektresch ënnerwee an ass net emol mat Allradundriff ze kréien. Op d'mannst nach net.

RTL

© Akim Schmit

Dat kléngt no haardem Tubak fir agefleeschten Jeep Fans… ass den Avenger dann iwwerhaapt nach e richtegen Jeep?

Dat hänkt vun der Definitioun of: den Avenger ass warscheinlech den europäeschsten Jeep, dee bis haut gebaut gouf. D’Technik ënnert dem Capot kënnt aus dem Stellantis-Grupp zu deem och Opel a Peugeot gehéieren, den Design gouf zu Turin entworf a gebaut gëtt en a Polen. Et kann een also vun engem europäesche Modell schwätzen, an dat bréngt och Virdeeler mat sech. Den Avenger ass mat senger Längt vu 4 Meter 08 de kierzten Jeep zanter der original Willys Jeep aus de 1940er Joren. Domat passt en net just an eist Stroossebild, mee och an eis Parkplazen.

Den Design ass dann och manner Offroader mee éischter SUV

Den Avenger schléit ganz gekonnt d’Spagat tëscht sengen Originnen a senger Missioun. D’Front mam gewinnten Grill léisst een en op den éischte Bléck als Jeep erkennen, d’Plastik-Applikatioune an déi kuerz Karosserie-Iwwerhäng suerge fir eng Portioun Offroad-Charme an d’Auswiel u Faarwen, Autocollanten an Optiounen dierften och enger neier Lifestyle-Clientèle gefalen. Den Avenger iwwerhëlt bei Jeep d’Entrée de Gamme a soll nei Maartundeeler an Europa bréngen.

RTL

© Akim Schmit

Den neie Modell kënnt als rengen Elektroauto op de Marché a geet domat en neie Wee

Ënnert dem Blech kënnt d’eCMP2 Plattform zum Asaz déi och d’Häerzstéck vum Opel Mokka, dem DS3 an dem Peugeot 208 ass. Am Kloertext heescht dat 156 PS (115 kW) Elektromotor, 260 Nm Dréimoment, e 54 kWh (51 kWh netto) Lithium-Iounen-Akku an en integréierten 11 kW-Onboard Charger. Um Pabeier soll déi Kombinatioun fir 400 km Reechwäit duergoen. Awer och just do: bei der Virstellung ronderëm Malaga louch mäi Verbrauch trotz moderater Fuerweis bei 15,8 bis 16,2 kWh op 100 km. Domat ass den Akku no ronn 300 km eidel, an dat ganz ouni Ausfluch an den Terrain: den Avenger gëtt et bis ewell just mat Frontundriff.

Wéi schléit e sech dann op deenen 300 Kilometer déi tëscht enger voller an enger eideler Batterie leien?

Do dinn ech mech e bësse schwéier. A mengen Aen hält en net dat, wat seng Verpackung versprécht. Perséinlech hat ech mat méi Fuerdynamik gerechent, allerdéngs ass den Avenger zimmlech soft ausgeluecht. Landstroosse mat vill Gekéierts sinn net seng Disziplin, do wierkt e wéineg Souverän a Momenter schwéierfälleg. Dobäi kënnt och eng Ergonomie, déi net optimal ass: D’Sëtzfläch ass trotz menger normaler Statur ze schmuel an ze kuerz an de Plastik vun där massiver Mëttelkonsol a mäi Knéi koumen einfach net laanschteneen.

RTL

© Akim Schmit

Et gëtt awer och positiv Andréck: de Look am Banneraum ass sober, opgeraumt a faarwefrou, d’Klimaanlag gëtt iwwer einfach Knäppercher gesteiert, vum schlechte Makadamm spiert de Chauffer wéineg an d’Acceleratioun ass Elektroauto-typesch sprëtzeg an direkt.

Elektroauto-typesch sinn och d’Präisser huelen ech un.

Elektro a Lifestyle sinn zwee Wierder déi de Präis klammen doen. Véier Equipementslinne gëtt et. Lass geet et bei 36.900 Euro.