• De PLUS

    • gelongenen Design
    • nidderege Verbrauch
    • variabelen a geraimege Banneraum
  • De MINUS

    • net ganz harmoneschen Hybridundriff bei zügeger Fuerweis
    • perfektibel Assistenzsystemer

Net Kadjar 2 mee Austral heescht den neie Kompakt-SUV a Konkurrent vu Peugeot 3008 a Co.

Den neien Numm soll déi komplett nei Richtung, déi Renault mam Austral ageschloen huet, markéieren. Ob sech dat am Alldag zum Virdeel bewisen huet, seet eis de Paul Origer.

Automag: Renault Austral

De Paul Origer war schonn d'lescht Joer am Hierscht op der Presentatioun a Spuenien, elo war dann de Moment fir den neie Renault Austral och emol am Alldag ze testen. Dass en antëscht um Lëtzebuerger Marché seng Plaz fonnt huet, gesäit een am alldeegleche Stroossebild – et fueren schonn nawell vill Austral duerch eist Ländchen.

Vum Opteschen hir kann ech de Succès och verstoen. Renault huet designméisseg, zemools am Verglach mam Virgänger, e grousse Fortschrëtt gemaach. Ganz an der Linn vum elektresche Mégane trëtt den Austral modern, gefälleg an héichwäerteg op. Engersäits duerch den extravagante Luuchtendesign, dann awer och déi eng oder aner Faarwkontraster wéi z.B. bei eisem Testauto de metalliséierte wäisse Lack an déi schwaarz Kontraster vum Daach an deene verschiddene Karosserie-Elementer.

Net eleng optesch huet den Austral seng Qualitéiten

Déi bannescht Wäerter enttäuschen och net. Ugefaange bei der Plaz: zu 4 sëtzt ee ganz uerdentlech op deene straffe Sëtzer an och bei der Mall sinn déi gebuede 550 Liter vun eiser Versioun ganz an der Rei. En plus ass de Banneraum, zimmlech variabel. Nieft der üblecher Klappfunktioun vun de Récksëtzer kann een dës och längs verréckelen – mir erënneren eis, dat huet Renault scho virun 30 Joer mam Twingo virgemaach. Last but not least steet och d’Veraarbechtung op héijem Niveau.

RTL

© Paul Origer

Besonnesch eis Testversioun Esprit Alpine mat sportlechem Touch a ville klenge patrioteschen Opmierksamkeeten brauch sech virun der Premium-Konkurrenz net ze verstoppen. An och um prakteschen Niveau vermësst ee weder Oflagen, nach bequeem Opmierksamkeete wéi déi verréckelbar Handoplag. Just dat mat Hiewelen iwwerluedent Steierrad an deen awer e bësse konfusen Infotainment hunn e bësse gestéiert, dofir huet Renault sengem Austral fir wichteg Funktiounen awer nach traditionell Knäppercher spendéiert.

Du sos, en neien Numm an eng nei Richtung – dat gëllt net nëmme fir den Design mee och fir den Undriff?

Esou ass et, besonnesch am Fall vun eiser Testversioun, de Vollhybrid mam grousse bloen “E” um Mallendeckel an 200 PS Leeschtung. Derhannert stécht en Duo aus 3-Zylinder Turbo an Elektrohëllef, déi, esoulaang een et gemälleg ugeet, hir Saach diskret a virun allem spuersam meeschteren. Eng 5 virum Komma ass kee Konschtwierk, besonnesch wann ee vill am Viraus kuckt an d’Rekuperatioun notzt.

RTL

© Paul Origer

E bësse mysteriéis ass d’Funktiounsweis vum Hybridundriff: heiansdo vibréiert et an den 3-Zylinder leeft am déiwen Toureberäich oder direkt op Vollgas, geet awer dann op eemol nees aus. Bis zum Schluss hat ech den Aarbechtsprinzip net wierklech verstanen an et war mer dunn och egal. Wat dem Full Hybrid awer net gefält, dat ass eng bësse méi forcéiert Fuerweis. Vollgas gëtt mat vill Gerucks an momentweis null Leeschtung beäntwert. Deemools op der Presentatioun als Software-Problem entschëllegt, mee bis haut anscheinend nach net behuewen. Am Fong schued, well soss gëtt et näischt um Fuerverhalen ze meckeren. De Chassis an eiser Alpine-Versioun war agreabel knackeg a sécher, d’Steierung erstaunlech matdeelsam. Mäin Highlight war déi genial, mee leider 1.500 Euro deier 4-Control Allradsteierung: ee klengt Wonnerwierk, wat aus dem Austral dee fir mech bis elo handlechsten SUV mécht.

RTL

© Paul Origer

Bis op den Undriffsstrang also e positive Bilan?

Jo, absolut. Bei der Ofstëmmung tëscht E-Motor, Boîte a Verbrenner däerf Renault gären nach nobesseren, genee wéi bei den Assistenzsystemer, wou besonnesch d’Schëldererkennung nach emol an d’Fahrschoul misst, soss ass um Austral wierklech net vill bis näischt auszesetzen. Präislech geet et jee no Versioun scho méi héich; eis Testversioun kraazt mat vollem Equipement un 48.000 Euro. Zum Gléck start den Austral awer scho bei ronn 30.000, dann awer och wéi gewinnt zimmlech plakeg.

RTL

© Paul Origer