• De PLUS

    • eleganten Design
    • vill Leeschtung
    • uerdentlech Buedemfräiheet
  • De MINUS

    • Undriff net ausgeräift
    • héije Verbrauch
    • schwammegt Fuergefill

Am Automag vun haut steet den neien Jeep Grand Cherokee am Mëttelpunkt.

Wat um amerikaneschen Full-Size-SUV alles nei ass, a wéi e sech fiert, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.

Automag: Jeep Grand Cherokee

Wéi déi meescht Constructeuren ass och Jeep amgaangen d’Verbrenner lues awer sécher aus dem Portfolio ze sträichen. Ier et awer esouwäit ass, bréngen d’Amerikaner, déi zum Stellantis-Grupp gehéieren, de Grand Cherokee an Europa. Allerdéngs nëmmen als „4xe“ Versioun. Esou heesche bei Jeep d’Plug-In Hybridmodeller. E rengen Bensinner oder Diesel gëtt an Europa guer net ugebueden.

RTL

© Akim Schmit

Du hues den Undriff ugeschwat: wat stécht da beim Plugin-Hybrid ënnert deem laange Capot?

Beim 4xe schaffen e 4-Zylinder Bensinner mat 272 Päerd (200 kW) an en 145 Päerd (107 kW) staarken Elektromotor zesummen. Dat mécht eng Systemleeschtung vun 380 Päerd (280 kW). Dat kléngt zwar no vill, mee bei engem Auto, deen de Loftwidderstand vun engem Kleederschaf huet an dobäi 2,4 Tonnen weit, relativéiere sech déi Zuelen an der Praxis. D’selwecht ass et bei der reng elektrescher Reechwäit. Den Akku am Ënnerbuedem späichert grad emol 17,3 kWh Energie. Am Test huet sech den Grand Cherokee am e-Modus gutt a gären 33 kWh op 100 km aus dem Akku gezunn. Entspriechend kuerz ass d’Streck, déi ouni lokal Emissiounen gefuer gi kann. No knapp 40 Kilometer war aus dem Akku d’Loft eraus an de Bensinner nees op sech eleng gestallt. Um Enn vu mengem Test louch mäi Verbrauch am Mix bei knapp ënner 12 Liter op 100 km. Do stellt sech d’Fro wat den Opwand vun engem Hybridundriff iwwerhaapt bréngt…

Apropos Opwand: och am Interieur dierft et un näischt feelen huelen ech un?

Den Grand Cherokee ass net just grouss, mee och d’Flaggschëff vun der Mark an esou hunn d‘Ingenieuren alles an den Auto gepaakt wat Jeep u Confort a Luxus ze bidden huet. Nieft dem HeadUp Display, den digitalen Instrumenter an dem zentralen Ecran kritt dann och de Bäifuerer säin eegenen Ecran. Woufir dee gutt si soll, hunn ech a menger Zäit um Bäifuerersëtz net erausfonnt. Ech hu mech dofir mam Interieur ausernee gesat: hei kënnt vill Lieder, Holz, Aluminium a blénkege Pianos-Lack zum Asaz. Dat kann ee schéi fannen, mir war et e bëssen ze iwwerlueden an onroueg an och d’Veraarbechtung kéint nach en Tick besser sinn. Mir spillen hei schliisslech an der Premium-Liga.

RTL

© Akim Schmit

Mee wéi schléit sech de Grand Cherokee dann op der Strooss?

U Leeschtung feelt et net, allerdéngs ass dësen SUV näischt fir europäesch Stroossen. D’Fuerwierk ass schwammeg, esouguer op der Autobunn huet een als Chauffer genuch ze dinn, fir dass den Auto och dohi fiert, wou een hi wëll. Vu Fuerdynamik schwätzen ech elo weider net, déi ass nämlech inexistent. An och de Wiessel vun elektreschem Undriff eriwwer op de Verbrenner ass net esou diskret wéi bei der haaptsächlech däitscher Konkurrenz. Gutt dass wéinstens d’Sëtzer bequeem an de Sound vun der Audioanlag (vu McIntosh) iwwerzeegt. E Pluspunkt gëtt et och fir de lëftege Banneraum (op de viischte Sëtzer), déi relativ grouss Mall an dofir, dass trotz Hybridundriff weiderhin Ausflich an den Terrain méiglech sinn. Verschidden Offroad-Fuerprogrammer a spärbar Differenzialer erliichteren engem d’Missiounen nieft dem Makadamm an d’Loftfiederung suergt fir zousätzlech Buedemfräiheet.

RTL

© Akim Schmit

Däi Resumé fält zimmlech duerchwuess aus. Wéi gesäit et da beim Präis aus? Kréie mer domat nach d’Kéier?

Den Jeep Grand Cherokee spillt an der Premium-Liga, wou d’Erwaardungen héich, an de Vergläich mat der Konkurrenz erlaabt si muss. An do huet eisen Testauto vun haut d’Schlappe verluer. Déi 5. Generatioun vum Grand Cherokee ka mat Sécherheet agefleeschten Jeep-Fans iwwerzeegen. Virausgesat si si bereet op d'mannst 79.000 Euro op den Dësch ze leeën.

RTL

© Akim Schmit