BMW huet de Fans nogelauschtert an elo och eng Kombi-Versioun vum M3 erausbruecht. Wéi deen, a wéi den neien M2 sech fueren, konnte mer zu Spa erausfannen.

Wa BMW op ee Circuit invitéiert, da gëtt sech an der Automag-Ekipp meeschtens d’Fangere geleckt, well dann heescht et, een oder méi nei M-Produiten op Häerz an Nieren testen ze dierfen. Den Auserwielte war dës Kéier de Paul Origer, fir den neien M2 an den M3 Touring op der berüümter belscher Streck zu Spa ze fueren.

Automag: BMW M zu Spa Francorchamps

Et stoungen zwee wichteg Modeller um Programm
A virun allem och eng Première. Well fir d’éischt an der Geschicht bréngt BMW en M3 als Touring eraus – laang hunn d’Fans vu schnelle kompakte Kombien missen entweder bei d’Konkurrenz op Stuttgart oder Ingolstadt oder, fir e bëssen an der Famill ze bleiwen, bei Alpina friemgoen. Mee elo ass dat eriwwer, wéinst der Kannerkutsch muss de Papp oder d’Mamm elo awer net op de Fuerspaass verzichten. De Star zu Spa war awer definitiv den neien M2. No der braver Versioun mam relativ ëmstriddenen Design koum dann elo déi geschäerfte Variant, op déi sécherlech scho mat Spannung gewaart gouf.

RTL

© Paul Origer

An ech huelen un, se enttäuschen net?

Fänke mer mat deem klengste Vertrieder un... kompakt a kleng mee awer athletesch a breet steet en op der Strooss, et dominéiere Rechtecker an alle Formen an anescht wéi beim grousser Brudder verzicht den M2 op eng extravagant Niereform. Ënnert dem Blech gëtt op d’Technik aus dem M3/M4 vertraut, heescht den 3-Liter Reiesechszylinder mat nach emol 90 PS méi wéi de Virgänger. Bei 6250 Touren stinn déi 460 PS un, wien d’Dréifreed vum Reiesechser awer gepaakt huet, dee kann och eréischt bei 7200 an den nächste Gang schalten. Géint Oppräis geet dat iwweregens och manuell.

Den M3 Touring leet an allem nach eng Schëpp drop; 510 PS pressen zwee Turboen aus 3 Liter, via Allrad an 8-Gang Steptronic gëtt d’Leeschtung optimal iwwerdroen. Den Design gläicht der Limousin, ënnerscheet sech natierlech duerch dee grousse Mallendeckel. Vun hanne signaliséieren awer den Diffusor a 4 aarmdéck Auspuffréier dat dës Familljekutsch viru geet.

RTL

© Paul Origer

E gutt Stéchwuert fir op den Haaptsujet ze kommen – den Tour um Circuit zu Spa!

Tjo, deen hat e schwéiere Start. De Péitrus hat sämtlech Schleisen a Krinn opgedréint. Lescht Rill fueren a Grenze siche goen war op jidde Fall mol schonn tabu. Op der anerer Säit awer och interessant ze gesinn, wéi béid Boliden sech op naasser Strooss verhalen. Den M2 ass wéi erwaart déi kleng nervös Spillsaach déi alt mol séier a béis iwwerrasche kann. Iwwer 400 Päerd op just 2 hënnescht gedriwwe Rieder an e kuerze Radstand, do ass den Hënneschte séier un d’Wibbelen ze kréien. Mee et ass schwéier de rietse Fouss ze hiewen; de Sound vum Reiesechszylinder, déi ultraknackeg Fiederung an déi BMW-typesch fest Steierung loossen den Adrenalin iwwerschaimen.

RTL

© Paul Origer

Am M3 Touring ass dat ganzt iergendwéi méi op der sécherer Säit. D’Sensatioune beim Beschleunegen an an d’Kéiere fuere si mindestens genee esou héich, de laange Radstand an déi 4 gedriwwe Rieder halen d’Kierch awer éischter am Duerf. Wat awer net heescht dat de Fuerspaass verluer geet, de Sound ass mindestens genee esou opreegend, jee no Modus léisst d’Fuerwierk och deen een oder aneren Drift zou.

RTL

© Paul Origer

Dat kléngt wéi wa se bei der M GmbH hir Arbecht nees gutt gemaach hätten! Wéi ëmmer wäert d’Präislëscht awer dofir suergen dat et fir deen een oder aneren een Dramauto bleift?

Fir de Start an d’M-Welt mam M2 sinn op d’mannst 73.000 Euro fälleg, en M3 Touring schléit ouni Optioune mat ronn 100.000 zu Buch!