Den neie Showroom fir BMW a Mini zu Gaasperech gouf mat enger Weltpremière offiziell ageweit.

Ëm BMW a Mini geet et haut am Automag. Déi kruten an der Stad elo en neit Doheem, wat dëser Deeg ageweit gouf. A bei där Geleeënheet gouf den Invitéen dann och esouguer eng Weltpremière devoiléiert. De Christian Schmit war fir den Automag um Rendezvous.

Automag: BMW i5 - Eng Weltpremière zu Lëtzebuerg

Jo esou eng Weltpremière huet ee jo wierklech net all Dag hei zu Lëtzebuerg. Mee dozou e bëssche méi spéit. Effektiv ass de BMW a Mini Concessionnaire, Billia-Emond, schonn d'lescht Joer am Hierscht vu Bouneweg op d'Cloche d'Or geplënnert. 24.400 m2 stinn elo zur Dispositioun. Iwwer 2.000 BMW, eng 700 Mini, a wäit iwwer 1.000 Occasioune wiesselen hei pro Joer de Besëtzer. Enfin huet een di adequat Plaz-Verhältnesser fir d'Premium Marken.

Philippe Emond: Il faut dire enfin. Forcement un projet de cette taille, c'est un projet de longue haleine. Modestement mais fierement, peut être la plus belle concession au monde, parce que c'est la première qui répond aux standards de la marque BMW.

RTL

© Christian Schmit

Mir haten et ugangs schonn ugedeit, bei der offizieller Aweiung vum Shworoom koum et zu enger Première.

Une fois que la date était annoncé, cela collait avec la sortie de la série 5. Incroyable on vit aujourd'hui ce qu'on vit normalement à Shangai ou à Genève ici au Luxembourg. Une première mondiale pour nos clients.

RTL

© Christian Schmit

Di bayresch Auto Mark an hir Chefetage war net mat eidelen Hänn ugereest, an hat e Modell matbruecht, deen zwar scho vun e puer auserwielte Journalisten am Ausland konnt gefuer ginn, mee bis dato nach net dem "grand public" gewise gouf. E ganz wichtege Modell am Portefolio vu BMW, esou de Jonathan De Jong, BMW Belux, chef de produit.

Jonathan De Jong: En fait le modèle, si on prend les séries, le modèle le plus long existant dans la gamme. On parle de 50 ans d'histoire. On veut procurer l'experience qu'on connait déjà chez BMW qui tient à coeur, et on veut y procurer ce dynamisme  dans cette voiture purement électrique.

Eigentlech dréint den neie 5er BMW a senger 8. Generatioun mëttlerweil nach seng lescht Test Ronnen.

Alors on veut vraiment offrir la possibilité d'offrir à nos clients les possibilités de conduite selon ces besoins Essence, Diesel, Plug-In hybrid ou 100% électrique.

RTL

© Christian Schmit

Am Hierscht dëst Joer ass den offizielle Lancement.

On parle de fin octobre pour les premiers modèles dans le showroom.

Gewinnten Design, op Wonsch voll elektresch an en Highway-Assistent, dee komplett selbstänneg iwwerhuelen dierf, jee BMW wëll dass den i5 bei jidderengem Gefale fënnt.

De BMW i5 proposéiert eng 81kw/h Batterie, zwou Leeschtungs Varianten an et sëtzt een op traction arrière oder Allrad. Ëm di 500km Autonomie ginn ugepeilt.

Um Bord vun der Inauguratioun war och scho gewuer ze ginn dass et natierlech och eng Touring Versioun gëtt an déi Break Versioun och als i5 ka bestallt ginn.

RTL

© Christian Schmit

Jo et gi sécherlech méi einfach Aufgabe fir d'Entwécklungsingenieure bei BMW, wéi de 5er nei ze erfannen. No 50 Joer an 10 Milliounen Exemplairen ass de 5er elo en Allrounder, deen e grousse Spektrum ofdeckt. Mat der E-Versioun geet de Spektrum elo an eng nei Dimensioun.

RTL

© Christian Schmit

Di 3.500 Invitéen hunn dann och gläich emol den neie 5er ënnert d'Lupp geholl, a mir freeën eis dann och deemnächst op di éischt Testkilometer am Alldag op Lëtzebuerger Stroossen.

Eng aner Avant-Première gouf et deen Owend dann och nach. Wann och ouni Fotoen an der Black Box. Den neie Mini Countryman, dee sech och fir geschwënn annoncéiert.

RTL

© Christian Schmit