• De PLUS

    • Sport a Confort gutt kombinéiert
    • Up- amplaz Downsizing: den S kënnt nees mat V8
    • Méi Autonomie beim Hybrid
  • De MINUS

    • wéi soll et anescht sinn: de Präis

Wéi een Auto spullt bei Porsche esou richteg d’Suen an d’Keess? Nee, et ass net den 911er, mee den SUV Cayenne.

An dat elo schonn an der drëtter Generatioun! A fir déi gouf et elo Zäit fir eng gréisser Renovatioun. Wat sech um Bestseller ännert, huet de Paul Origer op der Presentatioun zu Salzburg erausfonnt.

Automag: Porsche Cayenne

Virun iwwer 20 Joer e klenge Schock fir d’Fans, mee bis haut e Bestseller! Aktuell si mer wéi gesot bei der Nummer 3 ukomm an déi krut elo een zimmlech grousse Facelift.

Ugefaange beim Design, wou dat üblecht, nämlech Luuchten, Parechocken esou wéi Faarwen a Felge komplett iwwerschafft goufen. De Cayenne soll nach méi athletesch a breet optrieden a besonnesch vun hannen dem typesche Markendesign entspriechen. Déi gréisst Verännerunge fënnt een awer bannenan. Beim neien Tableau léisst den Taycan gréissen, mat fräier Mëttelkonsol, volldigitalen Instrumenter an dem typesche Wielhiewel nieft dem Steierrad. Virun allem bei Displays an Infotainment gouf eng Schëpp ugeluecht. Dominant an nei ass de grousse PCM-Schierm, awer och de separaten Ecran fir de Bäifuerer, esou wéi een neien Headup-Display fir de Chauffer.

RTL

© Paul Origer

De Cayenne soll jo ëmmer nach e "richtege" Porsche bleiwen an esou fueren, dofir ginn et och do Neiegkeeten.

Op jidder Fall, op Fuerwierk a Motorisatioune gouf jo nach ëmmer grousse Wäert geluecht. Nei si beim Cayenne Pneue mat extra grousse Felgen, optional bis zu 22 Zoll. Serieméisseg gëtt et bei der Stolfiederung déi adaptiv Amortisseuren PASM. Donieft kritt een och nees eng astellbar Loftfiederung. Deemno kann de Cayenne bal alles: gemittlech op laange Strecken a sportlech op Autobunn a Landstrooss. Um Confort gëtt et näischt ze meckeren, besonnesch den extrem rouege Banneraum, dat souveräänt Fuerwierk an déi héich Sëtzpositioun maachen de Porsche-SUV zum ideale Laangstrecke-Cruiser. Fuerspaass kann en och, mee leider gouf et bei der Presentatioun net wierklech eng Geleeënheet dozou.

RTL

© Paul Origer

Déi gréisser Kur fir de Cayenne betrëfft och d’Motorisatiounen

Hei gouf besonnesch un der Hybrid-Motorisatioun geschafft. Den 3-Liter V6-Turbo gouf optiméiert a kritt elo Assistenz vun engem 130 kW staarken Elektromotor. Kombinéiert leescht dësen Duo am E-Hybrid 470 Päerd. Fir dass deenen awer net direkt de Jus ausgeet, gouf d’Batterie vu 17,9 op 25,9 kWStonne vergréissert – déi reng elektresch Autonomie wiisst domat op maximal 90 km, dat ass ee gutt Stéck méi wéi virdrun. An engems verkierzt een neien 11 kW-Chargeur d’Luedzäit op 2 Stonnen an 18 Minutten.

Fans mat méi Bensinn a manner Stroum am Blutt wäerte sech iwwert den neie Cayenne S freeën. Amplaz vum V6 kënnt do een neie Biturbo-V8, also éischter Up- wéi Downsizing. Dat spigelt sech och an den Zuelen erëm: 474 PS a 600 Nm, domat ass de Cayenne a 4,7 Sekonnen op 100. Trotzdeem versprécht Porsche e moderate Verbrauch.

RTL

© Paul Origer

Natierlech huet den Topmodell am meeschten Emotiounen ausgeléist, wann och eis Teststreck op limitéierter Landstrooss mat vill Verkéier alles anescht wéi opreegend war. Besser huet do den Hybrid-Undriff gepasst: diskret a roueg, mat laangen Elektro-Etappen an natierlech wéineg Duuscht, ouni datt et u Leeschtung feelt. Am Fong bräicht een net méi.

RTL

© Paul Origer

Präisser

Do start den neie Cayenne bei ronn 88.300 Euro, fir den Hybrid si bal 10.000 Euro méi fälleg, den S gëtt et vu ronn 101.000 Euro un. Natierlech gëtt et och nees eng Coupé-Versioun fir 5.500 Euro méi a wéi ëmmer eng Hellewull vu flotten an deieren Optiounen.

RTL

© Paul Origer