• De PLUS

    • Präis-Leeschtung Verhältnis
    • Flotten Design
  • De MINUS

    • Schwabbeleg Lenkung
    • Traktioun

Mir si komplett elektresch ënnerwee, an dat mat engem vun de klengsten an och bëllegsten Autoen, déi den Ament 100 prozenteg elektresch ugebuede ginn.

De Rich Simon hat den neien Dacia Spring Extreme am Test.

Automag: Dacia Spring Extreme

Extreme steet fir eng speziell Ausféierung bei Dacia, déi dat Robust an den Outdoor sollen an de Vierdergrond stellen. Beim Spring ass dat zum Beispill déi sougenannten Stonewash Faarf. Dobäi gesäit een och vill Elementer wéi zum Beispill d'Spigelen, een Deel vun de Felgen an de Logo an enger Koffer Faarf.

RTL

© Rich Simon

De klenge Spring wierkt duerch déi Kombinatioun vu baussen, méi grouss wéi en effektiv ass. Well kleng ass de Spring, an dat ass och gewollt vun Dacia. Et ass nämlech ee City Car. Dee gëtt et an der Gamme vum rumänesche Konstrukteur zanter 2021. Elo ass awer eng Evolutioun komm, mat méi engem staarken Undriff.

 

Wat bedeit dat konkret?

Den éischte Spring deen eraus komm ass, hat 45 Päerd. Elo ass een erop gaangen op 65 PS. Dat klengt nach ëmmer net, no ganz vill. Et geet awer duer, wann een den Auto do asetzt, wou en higehéiert. An dat si kuerz Strecken, wou et net immens séier viru geet. Dacia huet nämlech iwwer hir Connectiounsservicer eraus fonnt, datt déi Leit, déi de Spring mat 45 Päerd hunn, 31 Kilometer an der Moyenne pro Dag mat 26 km/h fueren. 75% lueden hiren Auto doheem an dovunner 66% un der normaler Steckdous. Apropos Steckdous... Et kann een d'Batterie, wa se ganz eidel ass, mat maximal 30kW a 56 Minutten op 80 Prozent lueden. Ech denken awer, an dat geet aus de Statistik vun Dacia och ervir, datt déi meescht Leit den Auto iwwer Nuecht doheem un d'Steckdous hänken an dann ass se moies nees voll, fir eng Autonomie vun 220 Kilometer.

RTL

© Rich Simon

 

Dacia ass bekannt, datt ee relativ vill Auto fir ee relativ gudde Präis kritt. Wéi gesäit dat dann elo beim Spring Extreme aus?

Dat ass de Fall och bei dësem Model. Optesch gefält den Auto mir perséinlech ganz gutt. Jo, et gëtt nach ëmmer gespuert wou ee ka spueren, ouni datt den Auto awer vill drënner leit. An et ass dat am Auto dran, wat een och brauch a keng speziell Features, déi ee souwisou praktesch ni benotzt. Bei Dacia däerf ee sech net erwaarden, datt deiert Lieder verschafft gouf an datt d'Sëtzer d'office elektresch verstellbar sinn. Dat weess ee wann ee sech fir déi Mark entscheet.

Wat d'Fuerverhalen op der Strooss ugeet, ginn déi 65 Päerd sécher duer fir am Stadverkéier vun A no B ze fueren. Beim Test si mir och praktesch just duerch eng europäesch Groussstad gefuer. Dofir kann ech net soen, ob déi 65 PS och iwwer Land adequat si fir de Spring. Deen Dag wou den Test war, huet et praktesch nëmme gereent an do hat den Auto dach déi eng oder aner Kéier Problemer mat der Traktioun, op de viischte Rieder an och d'Lenkung, ass sécherlech nach net um Optimum ukomm.

RTL

© Rich Simon

Den Dacia Spring Extreme kascht 21.752 Euro. De Modell mat 45 Päerd kascht ronn 1.600 Euro manner. Ech denken, ouni datt ech déi méi kleng Versioun gefuer sinn, datt een dee Plus vu 1.600 Euro soll investéieren.

Wann ee weess, firwat een den Auto brauch, da mécht ee mam Kaf vum Spring Extreme sécherlech net vill falsch. Och wann Dir nach ëmmer bësse méi haart an huel knuppt, wéi dat bei méi deieren Marken de Fall ass.

RTL

© Rich Simon